Konterbont: d’Lëtzebuerger Sprooch an eise Schoulen

Konterbont

(journal électronique en luxembourgeois – projet de Autisme Luxembourg asbl)

1) Wann ee sech de Programm vun eise Schoulen ukuckt, huet en den Androck, datt déi Lëtzebuerger Sprooch keng grouss Roll spillt. Dobäi ass déi Lëtzebuerger Sprooch dach e wichtegen Integratiounsfacteur fir eis auslännesch Matbierger a grad Kanner hunn et méi liicht Neies ze léieren. Oder ass eis Sprooch éischter eng Barrière, ewéi eng Integratiounshëllef??

2) Ass et Ärer Meenung no wichteg, datt an eise Schoule geléiert gëtt, ewéi ee richteg Lëtzebuergesch schreift? Firwat jo / Firwat nee?

3) Wat sinn Är konkret Virschléi fir d’Lëtzebuerger Sprooch an de Schoule weider ze stäerken?

De Léierplang (Plan d’études) vum „Fondamental“ gesäit vir, dass am Zyklus 1 (Kanner vun 3-6 Joer) d’Lëtzebuergescht als Ëmgangssprooch soll benotzt ginn. Zu engem Moment also wou sech esouwuel dat phonologescht Bewosstsinn, d’Erkenne vun enger Struktur, vun enger Sprooch (Syntaxe a Grammaire) an d’Uneegne vun engem fundamentale Wuertschatz ufänken ze maachen. Zu dësem Moment geschitt och déi natierlech Sozialiséierung duerch d’Interaktioun iwwert d’Sprooch. Dräi Joer laang spillt d’Lëtzebuergescht eng wichteg Roll als Integratiounsfacteur esouwuel am abstrakte Sënn (den Ufank vun engem Bildungswee) wéi am konkrete Sënn (Sozialiséiereung an Interaktioun tëschent de Kanner selwer an tëschent den Erwuessenen an de Kanner). An der Praxis funktionéiert d’Lëtzebuerger Sprooch oft als „Schoulhaffsprooch“, als spontan Ëmgangssprooch ausserhalb vun engem fixe Kader. Hier Roll als „Integratiounshëllef“, als Verbindungsfacteur erfëllt eis Sprooch also voll a ganz, virausgesat si gëtt och konsequent a systematesch benotzt.

De Stellewäert vun der Lëtzebuerger Sprooch gëtt nom Zyklus 1 zréckgestallt wëll déi sougenannten „Alphabetiséierung“ an enger anerer, oft neier Sprooch (meeschtens Däitsch, awer och Franséisch) geschitt. An der Hypotheese, dass d’Lëtzebuergescht als Integratiounsprooch weider hire Stellewäert soll behalen, ass et kloer, dass d’Lëtzebuerger Sprooch da konsequent och als Bildungssprooch genotzt soll ginn, an also d’Kanner geléiert ginn se korrekt ze schreiwen.

Mir sinn eis bewosst, dass d’Lëtzebuerger Sprooch op Grond vun hirem dach limitéierte Wuertschatz, wat jo historesch bedéngt ass, an verschiddene Beräicher wuel kaum déi gebräichlech Ëmgangssprooche kann adequat ersetzen, wéi z.Bsp. d’Franséisch an der Juristerei oder d’Englesch an der Informatik.

D’Lëtzebuerger Sprooch ass eng „kleng“ Sprooch, geographesch gesinn (et ass keng Weltsprooch) an et ass och eng jonk Sprooch déi sech an deene leschte Joerzéngte vun engem „Dialekt“ (virun allem geschwate Sprooch) zu enger Bildungsprooch (Grammaire, Litteratur…) weiderentwéckelt huet. Si ass eng grouss an exzellent Sprooch fir d’Zesummeliewen an d’Zesummeschaffen hei bei eis zu Lëtzebuerg z’organiséieren an eng zolidd Basis fir weider Sproochen ze léieren. D’Weiderentwécklung vun eiser Sprooch – als eng modern a jonk Sprooch –  op der UNI Lëtzebuerg an och op auslänneschen Unie spillen hei eng wichteg Roll a sollte genotzt gi fir an déi Richtung weiderzedenken. déi Lénk sinn der Meenung, dass een duerchaus op Lëtzebuergesch „Alphabetiséiere“ kann. D‘Aféierung vum Schrëftlechen, fir d’éischt am Franséischen dann am Däitschen, sollt méi spéit statt fannen. Dat ass kee Widdersproch, wëll mir natierlech och der Meenung sinn, dass d’Méisproochegkeet an d‘Sproochevielfalt déi mir hei zu Lëtzebuerg hunn eng Beräicherung sinn a wichteg vir d’Entwéckelen an d’Weiderentwéckele vun Allgemengwëssen an Empathie bei de Kanner, de Jonken, an och den Erwuessenen ass.

déi Lénk

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe