D’Loyer’en erëm bezuelbar maachen

déi Lénk hunn haut e Gesetz presentéiert, dat déi iwwerhëtzte Loyerspräisser erëm op e bezuelbaren Niveau soll bréngen. Donieft gesäit d’Gesetzespropositioun och eng Stäerkung vun de Rechter vun de Locataire vir. Eng national Mietkommissioun soll nämlech an Zukunft fir méi Transparenz a Kontroll bei de Loyerspräisser kënne suergen.

Texte de la proposition de loi

Points essentiels et explications

1) Em wat geet et bei dësem Gesetzesvirschlag?

Mat dëser ‘Propositioun de loi’ soll d’Loyersgesetz vun 2006 an d’Rechter vun de Locatairen op ee bezuelbare Loyer iwwerschafft ginn. An deem Gesetz war 2006 festgehale ginn, datt de Lokatär als schwächste Partner um Wunnengsmaart, eng besonnesch Protektioun brauch. Dofir soll de Loyer vun enger Wunneng pro Joer net méi wéi 5% vum investéierte Kapital ausmaachen. D’Lokatären hunn d’Recht fir ee Loyer, de méi héich ass, vun der lokaler Loyerskommissioun erofsetzen ze loossen.

2) Klappt dat da net?

Nee, leider net. D’Präisser vun de Wunnenge sinn sou schnell geklomme – zënter dem Joer 2000 x 2,77 – datt déi Loyer’en net méi ze bezuele sinn. Fir een Haus wat 1995 fir 300.000.- € gebaut gouf, duerf een dem aktuelle Gesetz no haut net méi wéi 1.838.- € Loyer froen. Dat ass an der Rei. Gëtt dat Haus awer elo – ouni datt eppes dra renovéiert gëtt – verkaaft, da bréngt dat dem alle Proprietär 1.000.000.- € an dee neie Proprietär duerf fir dat Haus, ouni datt eppes verbessert ginn ass, vun elo un nom aktuelle Gesetz 4.417.- € froen. Dat ka kee normale Mënsch méi bezuelen.

3) Firwat ass dat da sou?

D’Ursaach vun den horrende Wunnengs- a Loyerspräisser ass d’Feele vu genuch Wunnengen. An deene leschten 20 Joer hätten 106.700 Wunnenge misste bebaut ginn, et goufen der awer nëmme 74.600 gebaut. Dowéinst hunn Enn 2016 mindestens 32.000 Wunnengen zu Lëtzebuerg gefeelt. An dowéinst klammen d’Präisser, an och d’Loyer’en an sou astronomesch Héichten. Et gëtt net nëmmen ëmmer méi schwéier  eng Wunneng ze kafen, mee och zu engem normale Preis ze lounen. Jidderee brauch eng Wunneng. Mee d’Recht op Wunnen ass duerch déi héich Präisser a Loyer’en a Fro gestallt.

4) Wat soll een dann do maachen?

Natierlech mussen an éischter Hisiicht genuch Wunnenge gebaut ginn; dat sinn der ronn 7.500 pro Joer – oder 75.000 an deene nächsten 10 Joer – déi missten op de Maart kommen. Dofir maachen déi Lénk zënter Joren, – an dat och elo bei der Orientéierungsdebatt iwwert de Wunnengsbau an der Chamber – konkret Virschléi (*). Mee bis datt dat wierkt, muss fir all déi, déi sech de Kaf vun engem Haus net leeschte kënnen, an dowéinst loune mussen, dat och zu engem normale Präis méiglech sinn. Dofir mengen déi Lénk datt dréngend d’Loyersgesetz misst iwwerschafft ginn, fir der aktueller Situatioun Rechnung ze droen.

5) Wéi gesinn är Virschléi dann aus?

Mat dësem Gesetzesvirschlag maache mir 5 verschidden Ännerungsvirschléi beim Loyersgesetz. 1) Vrun allem duerfen d’Loyer’en net méi schnell an d’Luucht goe, wéi d’Kafkraaft vun de Leit. Dofir soll dat investéiert Kapital, op Grond vun deem de maximale Loyer gerechent gëtt, deementspriechend ugepasst ginn. Zréck zu eisem Beispill. De maximale Loyer vun deem Haus, dat 1995 300.000.- € kascht huet, an den dowéinst haut 1.838.- € ausmécht,  kann net op eemol op 4.542.- € klammen! Bei zwee Haiser déi nieftenee stinn, déiselwecht Zäit zum selwechte Präis gebaut gi sinn, kann net dat eent haut 1.800 .- € Loyer, an dat anert 4.542.- € wäert sinn, nëmmen, well dat zweet elo fir een iwwerdeierte Preis verkaaft ginn ass an ouni datt iergend eppes dra verbessert gouf. Een zweet Beispill. Bei engem Appartement, dat am Joer 2000 fir 500.000.- € kaaft ginn ass, ass de maximale Loyer mam aktuelle Gesetz 2.833.- €, mat onsem Gesetzesvirschlag 2.171.- €. Dat Appartement bréngt 2016 beim Verkaf zu Esch 1.255.000.- €, an der Stad souguer 1.610.000.- €. Dat wier ee maximale Loyer vun onméiglechen 5.229.- € zu Esch an 6.708.- € an der Stad! Onsem Virschlag no dierfen dat héchstens 2.177.- € zu Esch an 2.224.- an der Stad sinn.

6) A wat sinn déi aner Virschléi?

Soulaang eng Wunnengskris ass, duerfen déi maximal Loyer’en net méi iwwerschratt ginn. Nom aktuelle Gesetz muss de Lokatär dogéint bei der Loyerskommissioun kloen, wann e nët méi wéi dee maximale Loyer bezuelen wëll oder kann. Mat onsem Gesetzesvirschlag duerf dat vu vir era fir all neie Loyerskontrakt net méi geschéien. Dowéinst wëlle mir och datt an Zukunft déi Referenzwäerter, déi de maximale Loyer bestëmmen, an all Loyerskontrakt festgeschriwwe ginn. An et soll eng national Loyerskommissioun geschafe ginn, an däer och d’Lokatäre vertruede sinn, fir ze iwwerwaachen, datt dat och agehale gëtt.

7) Wéi geet et da elo mat dem Gesetzesvirschlag virun?

Eis Deputéierte Marc Baum an David Wagner hunn dee Gesetzesvirschlag den 1. Mäerz 2018, bei der Orientéierungsdebatt iwwert de Wunnengsbau, um Chambersbüro deposéiert. Wann de Chambersbüro elo säin Accord zu dem Depot ginn huet (wat eng réng Formalitéit ass), mussen déi veschidde Beruffskummeren, de Staatsrot an och d’Regierung hiren Avis dozou ofginn. Duerno kann dee Virschlag an der Chamber diskutéiert an ofgestëmmt ginn. Wéini dat geschitt, hänkt vrun allem dovun of , wéi laang d’Regierung sech Zäit gëtt fir hiren Avis. Bei anere Geleeënheete geet dat ganz schnell. An hei?

8) An déi Betraffen, d’Lokatären, kënnen déi näischt  maachen?

Oh dach. Et ass ganz wichteg, datt d’Lokatären, déi Leidtragend vun der aktueller Kris um Wunnengsmaart, net einfach ofwaarde wat geschitt. Wichteg wier, wann si sech géifen zesummendoen, organiséieren, an als Lokatärsvereenegung Drock op d’Regierung maachen. All Mënsch de Lokatär ass, och Member a Sympathisante vun déi Lénk, kënnen dozou bäidroen.

(*) Zu onsen anere Virschléi, kuck ënnert wunnen.dei-lenk.lu

 

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe