De Lëtzebuerger Finanzminister schützt weiderhi Google & Co

Déi grouss Internetfirme wéi Google, Apple, Facebook oder Amazon notzen déi inkohärent Gesetzgebung an Europa aus, fir extrem wéineg Steieren ze bezuelen. D’EU-Staate wëllen dogéint virgoen, ginn dobäi awer weiderhi vum Finanzminister Pierre Gramegna blockéiert.

Bei deene multinationalen Internetkonzerner si mëttlerweil Steiersaz wäit ënner 5% d’Reegel, well se ee Land kënne géint dat anert ausspillen an hir Comptabilitéit entspriechend strukturéieren. Doriwwer freeë kënnen sech d’Aktionäre vun deene Konzerner, wärend de Länner Recetten a Milliardenhéicht entginn, déi da mussen op anerer Plaz agespuert ginn. Doriwwer eraus leiden och déi kleng- a mëttelstänneg Betriber dorënner, well se enger deloyaler Konkurrenz ausgesat sinn.

D’EU-Kommissioun huet am Mäerz eng Propose virgeluecht, fir dësem Problem bäi ze kommen. Et geet virun allem drëms, fir dës Konzerner eng Ëmsazsteier vun 3% anzeféieren. Och wann dat wéineg ass, ass et op mannst e klenge Schrëtt an déi richteg Richtung. Déi allermeeschte Länner stinn dofir och hannert dësem Virschlag. Just Lëtzebuerg huet nees mat e puer wéinegen anere Länner bei enger rezenter Reunioun zu Wien blockéiert.

Fir déi Lénk ass d’Bekämpfung vun deene skandaléise Steierpraktike vu multinationale Konzerner eng wichteg Prioritéit. Amplaz d’Interête vun dëse Konzerner an hir Aktionären ze verdeedegen, soll déi Lëtzebuerger Regierung endlech mam Steierdumping Schluss maachen a mat den internationalen Organisatioune konstruktiv no Léisunge sichen.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe