Allocation d’autonomie vu 400€ de Mount – Ausbildung a Studium erméiglechen. Perspektiven fir Jonker opmaachen.

„Stell der fir du wëlls op Paräis studéieren goen. Däin Dram ass et an enger vun de schéinste Stied vun der Welt eng Theaterausbildung ze maachen. Du hues Potenzial a gleefs un dech. Deng Proffen am Lycée ënnerstëtzen dech an denger Entscheedung. Mee just deng Elteren bleiwe skeptesch. Fir si ass Schauspillerei just en Zäitverdreif. Si wëllen dat’s du en anstännege Beruff léiere solls. Sou laangs du deng Féiss ënnert hirem Dësch hues, muss du maachen wat si soen, oder du muss kucke wéi’s du selwer fir däi Studium opkënns. Mat enger anstänneger finanzieller Ënnerstëtzung kéints du autonom iwwer deng Zukunft entscheeden.“

Fir zu Paräis en Appartement vun 30m2 ze lounen, muss een am Duerchschnëtt 1040€ bezuelen. Eng kleng Wunneng zu Freiburg kascht am Schnëtt 16€ de Metercarré. Zu Lëtzebuerg op der Uni kascht e 24m2-Zëmmer mat Chargë 695€ de Mount.

Déi 3 Logementspräisser an 3 wichtege Studentendestinatioune fir Lëtzebuerg sinn net representativ, mee se verdäitlechen awer, wat eleng de Logement fir Studenten a Studentinne kascht.

Jonk Leit – egal ob se zu Lëtzebuerg oder am Ausland op eng Uni ginn oder eng berufflech Ausbildung maache – sinn op finanziell Hëllef vun den Elteren ugewisen. An net ëmmer gëtt et déi Hëllef. Entweder huet de Stot vun den Elteren net genuch Akommes fir finanziell ënnert d’Äerm ze gräifen oder e weigert sech ze hëllefen, aus wéinegem Grond och ëmmer. Esou ass de Wee vu jonke Leit oft scho virgezeechent, wëll se schonn um Finanzement vun hirer Bildungs- a Beruffszukunft scheiteren.

Den aktuelle System, dee fir Jonker kee Kannergeld ab dem Ofschloss vum Enseignement Secondaire méi virgesäit, fonctionnéiert mat Boussen. Déi mussen ugefrot ginn, se si selektiv a ginn net duer, fir en anstännegt Liewen an der Ausbildung ze garantéieren. Sou gëtt beim Montant vun der Mobilitéitsbourse keen Ënnerscheed gemaach, ob ee Student oder eng Studentin elo zu Tréier, zu Köln oder zu Paräis säi Liewe muss bezuelen. D’Familljebourse ass vill ze geréng fir an engem Stot déi Käschten opzefänken, déi ufalen, wann 2 oder méi Kanner gläichzäiteg e Studium oder eng Ausbildung maachen. Fir déi allermeescht ass déi lescht Méiglechkeet de Studenteprêt. Fir vill Jonker ass dat zwar vläicht verlockend, mee e muss nom Enn vum Studium oder der Ausbildung rembourséiert ginn, wat de Start an d’Beruffsliewen oftmools erschwéiere kann.

Donieft hu jonk Leit bis 25 Joer keen Urecht op de REVIS. Am Fall vun enger Ënnerbriechung vum Studium oder der Ausbildung sti si mat eidelen Hänn do an hunn absolut keng finanziell Ofsécherung méi.

déi Lénk wëlle jonke Leit méi Autonomie a finanziell Sécherheet wärend der Ausbildung an dem Studium ginn. Mir wëllen eng Allocation d’autonomie an Héicht vu 400€ de Mount aféieren. Déi soll automatesch un all StudentInnen oder Leit an Ausbildung bezuelt ginn. Vum Prinzip hir soll des Allocation d’Kannergeld erëm aféieren, mee et soll gehéicht an direkt un déi betraffe Persoun fléissen. Op dëser Allocation soll de Staat och an d’Pensiounskees cotiséieren, sou dass jonk Leit no hirer voller Beruffskarriär och d’Recht op eng voll Rent hunn.

Donieft wëll mir déi aktuell Boussen opwäerten. Aktuell ginn déi Boussen ausbezuelt ouni dass evaluéiert ass, wat d’Liewe fir StudentInnen a Leit an Ausbildung wierklech kascht. Dat muss onbedéngt gemaach an d’Boussen deementspriechend ugepasst ginn.

Ausserdeem wëlle mir d’Recht op de REVIS op Leit ab 18 Joer auswäiten, fir dass jonk Leit net méi duerch all sozial Netzer kënne goen.

Jonk Leit mussen autonom an ouni finanziell Suergen hiert d’Liewe kënne plangen. Eng Ausbildung oder e Studium si kee Luxus. Si mussen all Mënsch zougänglech sinn, onofhängeg vun de finanzielle Mëttele vun hirer Famill.

2018.dei-lenk.lu

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe