32 Stonnewoch bis 2030. Manner schaffen heescht besser Liewen.

“Stell der vir du schaffs als Caissière an engem Supermarché zu Foetz. Du brauchs all Dag eng gutt Stonn fir op d’Aarbecht. Knapps ukomm, muss du direkt an den Asaz, Regaler araume vu 7h bis 9h. Dono geet et dann an d’Kees fir d’Stousszäiten. Bis d‘Mëttespaus scanns du mechanesch Artikelen, frees no Client’skaarten, sees wéi vill et kascht. Zäit fir Gespréich mat de Client’en hues du net. Du sëtz dauernd schlecht, häls dech net gutt. Dofir deet de Réck dir och all Dag wéi. Deng ganz Aarbecht ass op d’Sekonn genee chronometréiert. Du dierfs d’Kadenz net briechen, soss kënns de aus dem Rhythmus an et staut an denger Kees. Sou geet dat all Dag vun der Woch an och well Sonndes, wëll elo ass all Sonndeg op. Du schaffs 40 Stonnen sou intensiv dat’s de d’Gefill hues däi Liewen op der Schaff ze verbréngen. Um Wee fir heem fänkt et schonn un däischter ze ginn. Däin Dag ass gelaf.”

D’Produktivitéit ass zu Lëtzebuerg iwwer déi lescht Joer enorm geklommen. Mir hunn di héchsten Aarbechtsproduktivitéit an Europa. Gläichzäiteg ass awer och de Gewënn vun den Entreprisë geklommen ouni dat d’Salairen déi selwecht Evolutioun matgemaach hunn. Dobäi kënnt nach, dass d’Besteierung vun den Entreprisen an eisem Land déi niddregst an der Europäescher Unioun ass. Et bleift also genuch Sputt. D’Entreprisë lafen och net fort wann se ee Stéck méi vum Kuch mussen ofginn un d’Salariat.

Wat ass d’Zil vun der Aarbechtszäitverkierzung?

Manner laang schaffe stäerkt d’Effikassitéit op der Aarbecht. Dat fuerdert weiderhin d‘Produktivitéit an de Gewënn deen dobäi entsteet gëtt méi gerecht verdeelt, souwuel wat d’Salairë betrëfft (de Salaire fir eng geschaffte Stonn geet erop), ewéi a Punkto Liewensqualitéit. De Produktivitéitsgewënn ass domat verstäerkt ze Gonschte vum Salariat a fléisst net just an d’Täsche vun den Aktionären.

Eng Aarbechtszäitverkierzung bënnt d’Aarbechtszäit an d‘Produktioun un ekologesch Kritären. Et geet net drëms méi ze produzéiere fir de Profit a fir d’Rentabilitéit, mee ëm d’Nohaltegkeet. Eng Aarbechtszäitverkierzung steet also och fir eng aner Aart a Weis ze produzéieren: Manner Ressourcëveverbrauch, manner Verbëtz, méi Qualitéit manner Quantitéit.

Manner schaffen heescht anescht schaffen an anescht wirtschaften. Manner schaffen heescht besser liewen.

Wat ass den Effekt vun der Aarbechtszäitverkierzung op d’Liewe vun de Leit?

Leit déi schaffe kënnen endlech méi Zäit mat Famill a Frënn verbréngen. Méi Zäit kréie fir nieft der Aarbecht produktiv ze sinn an domat och zum gemeinsame Wuelstand bäidroen. D’Aarbechtszäitverkierzung huet och e positiven Impakt op d’Gesondheet, well manner Produktivitéitsdrock entsteet an domat och manner Stress, manner Aarbechtskrankheeten, méi Sécherheet a Matbestëmmung op der Aarbecht. Si erméiglecht d’Erhuelung an d‘Stäerkung vun der Aarbechtskraaft. Dat bedeit manner Frais’e fir d’Krankekeess, a méi Nohaltegkeet bei der Finanzéierung vun de Renten (fir Aarbecht ass op laang Dauer gesuergt).

Wéi gëtt se ëmgesat?

Progressiv. Fir d’éischt mat der Aféierung vun enger 6. Congéswoch ab 2019.

Dono mat engem Kadergesetz, dat am Dialog mat de Gewerkschaften an den Entreprisen zu stane kënnt a jee no Secteur ugëtt wéi genee eng progressiv Reduzéierung vun der Aarbechtszäit kann ëmgesat ginn. Dat Gesetz gesäit och fir reegelméisseg eng Bilanz ze zéie fir och punktuell Upassunge méiglech ze maachen.

Aner Mëttel ewéi Zäitspuerkonten droen och hiren Deel zu méi Zäitwuelstand bäi. Am ëffentleche Secteur ginn Zäitspuerkonten elo scho genotzt fir op fräiwëlleger Basis zäitweis kënne mat der Aarbechtszäit erofzegoen doduerch dat een iwwert eng aner Period méi laang schafft. Déi gespuerten Zäit kann och fir Familljecongé genotzt ginn, wann een zum Beispill muss mam Kand bei den Dokter. déi Lénk wëllen dëse System och am private Secteur aféieren, fir de Salarié’en méi Flexibilitéit a Matbestëmmung bei der Andeelung vun der Aarbechtszäit ze erméiglechen.

Bis 2030 soll kee méi ewéi 40 Stonnen d’Woch musse schaffen, also 32 Stonne plus maximal 8 Iwwerstonnen. All Iwwerstonn gëtt voll besteiert a cotiséiert. Fir kleng- a mëttel Betriber soll en finanziellen Hëllefspak opgestallt ginn, fir dofir ze suergen, dass bei den Aarbechtsplazen an an der Pai näischt verluer geet.

D’Aarbechtszäitverkierzung belaascht also net onmoosseg d‘Patronat a ruinéiert dowéinst och d’Wirtschaft net. Si mécht net datt Leit manner verdénge wëll se manner schaffen. Si mécht och net datt Leit musse méi an a méi kuerzer Zäit schaffen op Drock vum Patron an den Aktionären. Dofir ginn et Gewerkschaften, Kadergesetzer a politesch Vertrieder déi sech fir d’Salarié‘en asetzen. Et ass un der Politik d’Reegele vun der Wirtschaft ze schreiwen a net ëmgekéiert.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe