Keng Lëtzebuerger Bedeelegung un illegale Kricher !

Dat aktuellt Gesetz limitéiert d’Bedeelegung vun der Lëtzebuerger Arméi op Friddensmissiounen am Kader vun den internationalen Organisatiounen (UNO, EU, NATO). D’Regierung wëll dës Contrainten ophiewe fir d’Arméi kënnen anzesetze wou a wéini se wëll.

Eng Bedeelegung un offensive Kricher ass mat dem Gesetz vum 27. Juli 1992 net méiglech, well hei den Asaz limitéiert ass op Friddensmissiounen, déi am Kader vun internationalen Organisatioune stattfannen, bei deene Lëtzebuerg Member ass.

Mam Gesetzesprojet 7325 wëll d’Regierung de Wee opmaache fir kënne bei all méiglechen Zorte vu Militärinterventioune mat ze maachen. Souguer eng Bedeelegung un offensiven oder laut Vëlkerrecht illegale Kricher gëtt domadder méiglech. Mat dëser Reform kritt d’Regierung d’Méiglechkeet d’Arméi op Krisemissiounen (« missions de gestion de crise ») ze schécken an dat am Kader vu bilaterale Kooperatiounen déi se selwer decidéiert (« dans le cadre de coopérations bilatérales décidées par le Gouvernement »). E Mandat vun der UNO gëtt net gebraucht, genee esou wéineg wéi eng Decisioun vun iergend enger anerer Institutioun. Theoretesch kann d’Regierung also mat just engem anere Land – zum Beispill mat den USA – decidéieren, iergendwou op der Welt militäresch z’intervenéieren, virausgesat et loossen sech op der Plaz Elementer vun Instabilitéit fannen (« facteurs d’instabilité »).

E geféierleche Paradigmewiessel

Mat dësem Gesetzesprojet vollzitt d’Regierung e geféierleche Richtungswiessel a senger Aussepolitik. An den Erklärungen zum Gesetz geet se esou wäit, de Kader vun der UNO an d’Vëlkerrecht als obsolet z’erklären, andeems se d’Necessitéit verdeedegt, ausserhalb vun all Mandat bei ënnerschiddlechen Zorte vun Operatioune kënnen Deel ze huelen. An dat, wéi et heescht, fir seng Zouverlässegkeet vis-à-vis vun den Alliéierten ze stäerken. De multilaterale System vun der UNO, deen déi Lëtzebuerger Diplomatie säit dem zweete Weltkrich verdeedegt huet, gëtt ersat duerch eng Blocklogik.

Dëse Paradigmewiessel ass ëm esou méi problematesch, wëll den internationale Kontext onstabil ass an sech duerch eng staark Militariséierung kennzeechent. Deemno ass d’Gefor fir an illegal Kricher eragezunn ze ginn, ëm esou méi grouss. Amplaz sech dëser Dynamik entgéint ze stellen an de multilaterale Kader ze stäerken, erhéicht Lëtzebuerg säi Militärbudget Joer fir Joer a gëtt mat dësem Gesetzesprojet all Zréckhalung Auslandsasätz op

Nee zur Oprëschtung ! Nee zu enger Lëtzebuerger Bedeelegung un illegale Kricher !

déi Lénk fuerderen d’Regierung nodréiglech dozou op hir Politik z’iwwerdenken. D’Lëtzebuerger Arméi sollt eng reng defensiv Roll spillen oder allefalls u Friddensmissiounen Deel huelen, déi e Mandat vum Sécherheetsrot vun der UNO hunn.

———-

Pas de participation luxembourgeoise à des guerres illégales !

La loi actuelle limite la participation de l’armée luxembourgeoise à des opérations de maintien de la paix effectuées dans le cadre d’organisations internationales (ONU, UE, OTAN). Désormais, le gouvernement prévoit de se débarrasser de ces contraintes afin de pouvoir engager l’armée luxembourgeoise dans n’importe quel conflit et comme bon lui semble.

Une participation du Luxembourg à des guerres offensives est actuellement prohibée par la loi du 27 juillet 1992. Celle-ci limite l’intervention de l’armée luxembourgeoises à des « opérations pour le maintien de la paix qui sont effectuées dans le cadre d’organisations internationales dont le Grand-Duché de Luxembourg est membre ».

Avec le projet de loi 7325, le gouvernement compte ouvrir la voie pour la participation du Luxembourg à toutes sortes d’interventions militaires, y compris à des guerres offensives ou illégales en vertu du droit international. Il s’autorise à envoyer l’armée dans des «  missions de gestion de crise » et ceci « dans le cadre de coopérations bilatérales décidées par le Gouvernement ». Un mandat de l’ONU n’est donc pas requis, ni d’ailleurs une décision formelle d’une autre organisation internationale. En théorie, le gouvernement peut se joindre à un seul autre pays, par exemple aux États-Unis, pour intervenir de manière offensive dans n’importe quelle région du monde, à condition d’y déceler « des facteurs d’instabilité ».

Un changement de paradigme dangereux

Avec ce projet de loi, le gouvernement opère un revirement particulièrement dangereux dans sa politique étrangère. Dans l’exposé des motifs du projet de loi, il va jusqu’à déclarer obsolète le cadre des Nations-Unies et le droit international, défendant la nécessité de pouvoir agir en-dehors de tout mandat et dans une multitude de types d’opérations pour « renforcer sa fiabilité envers ses alliés ». Le système multilatéral des Nations-Unies, défendu depuis la Deuxième Guerre Mondiale par la diplomatie luxembourgeoise, est ainsi abandonné pour inscrire le Luxembourg dans une logique de blocs concurrents.

Ce changement de paradigme est d’autant plus problématique que le contexte mondial actuel est particulièrement instable et caractérisé par une forte militarisation. En conséquence, le danger d’être entraîné dans des conflits illégaux au regard du droit international est très important. Au lieu de s’opposer à cette dynamique et de renforcer le cadre multilatéral, le Luxembourg augmente son budget de défense année par année et abandonne avec ce projet de loi toute retenue par rapport à des opérations militaires à l’étranger.

Non à la militarisation ! Non à la participation du Luxembourg à des guerres illégales!

déi Lénk appelle le gouvernement avec insistance à reconsidérer sa politique. L’armée luxembourgeoise devrait se cantonner à un rôle strictement défensif ou tout au plus participer à des opérations de maintien de la paix couverts par un mandat du Conseil de sécurité de l’ONU.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe