Endlech eng fundamental Reform vum Stage am Fondamental ?!

 

Ëm wat geet et ?

déi Lénk hu virun engem gudde Mount eng Debatt iwwer d‘Reform vum Stage fir d’Enseignant’en am Fondamental. Scho virun engem Joer, haten déi Lénk iwwer e gemeinsame Communiqué mat der Gewerkschaft SEW erausginn, wou si iwwer d‘Absurditéite vum Stage opmierksam gemaach hunn, an dat am Kontext vun enger historescher Penurie u Léierpersonal am Enseignement Fondamental.

Wat ass de Problem mam Stage?

Säit der Aféierung vum Stage fir d’Enseignant.e.n aus dem Fondamental, huet sech dëse Beruff immens onbeléift gemaach. De Stage ass kee pedagogeschen Outil, mee eng weider Evaluatiounsphas. Jonk Leit déi 4 Joer Studium an den Erzéiungswëssenschaften ofgeschloss hunn an hir pedagogesch Kompetenzen am Kader vu Stagë scho konnten op Beweis konnte stellen, gi mam obligatoreschen Enseignant Stage nach 3 wieder Joren onnéideg op d’Prouf gestallt an ënner Drock gesat, mat iwwerflëssege Coursen um IFEN, mat Exame wou ee muss 2/3 vun de Punkte kréie fir d’Joer ze packen, mat engem Memoire an engem Portfolio déi musse geschriwwe ginn. An natierlech halen d’Stagiairen och gläichzäiteg Schoul.D’Stagiaire befannen sech wärend dem Stage an enger permanenter Onsécherheet, nämlech d’Onsécherheet vu senger berufflecher Zukunft als Enseignant. Well no 3 Joer Stage kann ëmmer nach a Fro gestallt ginn op de Stagiaire seng Plaz als Enseignant verdéngt huet. Wien de Stage net packt hat Pech a fänkt erëm vu fir un, oder e mécht eppes anescht. 7 Joer Formatioun ginn einfach esou duerch d’Päif. An dat Bescht ass, wien de Stage net packt dierf trotzdeem als Chargé de Cours Schoul halen. Wéi dat ze interpretéieren ass, freet sech de Minister am Beschte selwer.

Säit der Aféierung vun de Quereinsteiger als Äntwert op Penurie, ville sech vill Enseignant-Stagiairen nach méi widder de Kapp gestouss. Firwat 4 Joer laang Pedagogik studéiere goen an 3 Joer laang am Stage op d’Zänn bäissen, wann een elo och mat engem Bachelor a quasi all Studieberäich an ouni spezifesch pedagogesch Ausbildung kann an d’Carrière vum Enseignant aklammen. Dat stellt eng grouss Ongerechtegkeet duer a féiert zu enger ongesonder Konkurrenz déi d’Solidaritéit tëscht Aarbechtskollegen op d’Spill setzt.

Wat ass d’Reaktioun vum Minister?

Den Här Minister huet genee deen Dag, wou Debatt an der Chamber sollt stattfannen iwwerraschenderweis, um Radio annoncéiert, dass hie schlussendlech d’Reform vum Fondamental wéilt ugoen a versprach, dass de Stage ze Kierzen, de Memoire an d’Examen ofzeschafen a schlussendlech iwwer eng “phase probatoire” dem Stage eng Begleedungsfunktioun zouzeschreiwen, déi bis elo ausgeschloss war.

De Minister huet gemengt, hie kéint iwwer dëse Wee der Debatt de Wand aus de Seegelen huelen, a sech enger kritescher Afrostellung an der Chamber entzéien. Dat ass an eisen Ae keng Aart a Weis wéi een als Regierungsmember mam Parlament a besonnesch mat der Oppositioun an dësem Parlament ëmspréngt. Natierlech begréisse mer, dass de Minister sech Bereet erkläert de Stage vu Grond op ze reforméieren. De Stage muss als Aféierung an de Beruff vum Enseignant konzipéiert ginn, mat engem Tutorat deen op Ënnerstëtzung a Begleedung opbaut. Mee dës Begleedung misst och nom Stage bäigehale ginn.

Froen déi nach opstinn…

Mir fuerdere scho säit längerem multi-pedagogesch Equippen an de Schoulklassen a méi Raum an Zäit fir dass d’Enseignanten sech kënnen ënnert eneen austauschen a beroden. Dëst ass mat der administrativer Aarbecht déi d’Enseignanten ëmmer méi an Usproch hëlt, schwéier méiglech. Och d’Noutléisung vun de Quereinsteiger muss nach emol op de Leescht geholl ginn.

Wann de Minister bereet ass sech dëser Froestellung unzehuelen, déi och iwwer d’Problematik erausgeet an d’Fro vun der Zukunft an der Ausriichtung vun der ëffentlecher Schoul mat stellt, komme mer e Stéck méi vum Holzwee of.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe