Steierkaddoen, historesche Militärbudget, Austeritéit: Alles leeft normal quoi!

An engem Mount fannen d’Europawahle statt. Wéi all europäesche Memberstaat, muss Lëtzebuerg am Kader vu sengem Staatsbudget, seng Ausgaben nom europäeschen Austeritéitsprinzip festleeën. Bis elo heescht dat: keng Staatsscholden iwwer 0,5 % vum PIB. Dëse Solde soll elo ëm e ganze Prozent klammen, a verbitt de Staaten jeeweileg Form vun Defizit. Et heescht souguer, dass de Staat all Joer méi muss erakréien wéi en ausgëtt. Sou wéi wann de Staat e Betriib wir.

E Staat kann a muss sech oft souguer verschëlden.  Nëmmen dës wichteg Investissementer an d’Zukunft kënnen de gréissten Erausfuerderunge gerecht ginn, déi sech zu Lëtzebuerg, an Europa wéi iwwerall op der Welt stellen. Et sinn de Klima- an Ëmweltschutz, grad ewéi d’Logementsproblematik déi musse mat vill ëffentleche Moyen’e behandelt ginn. Déi eenzeg Schold vun där een sech misst an Uecht huelen, ass déi, déi mer de jonke Generatiounen iwwerloossen, wa mer weiderhin eis Ëmwelt esou belaaschten ewéi elo a weiderhin ongebremst un de natierleche Ressourcë vun eisem Planéit zieren ewéi bis elo.

Mee wie soll dat alles bezuelen? Déi, déi d‘Suen hunn an déi, déi sech op d‘Käschte vun anere Leit beräicheren, Terrain’e accumuléieren an am meeschten d’Ëmwelt verschmotzen!

Mat dësem Budget, hëlt sech d’Regierung awer alt erëm d’Moyen’e fir kënnen an de Beräicher vum Klima-an Ëmweltschutz an dem Logement ze handelen. Et geet monter weider mat Steierkaddoen u grouss Entreprisen. Den Taux soll souguer vun 18% op 17% erof gesat ginn, an domat ass Lëtzebuerg da schlussendlech dat EU-Land mam niddregste Besteierungstaux vun den Entreprisen.

Mir brauchen déi Moyen’e awer ganz dréngend. Mir brauchen se fir de Logement, wou laut den neiste STATEC-Zuelen all Joer 7.500 Wunnenge gebaut musse ginn, fir de Bedarf ze decken. Momentan ginn der awer nëmmen 3500-4000 gebaut, dovunner just verschwindend wéineg ëffentlech Wunnenge vun de Gemengen an dem Fonds du Logement. D’Wunnengspräisser a Loyere klammen all Joer em 5-6%, e Villfacht also vum Zouwuess vun de Léin. Ëmmer méi Leit verléieren esou finanziell den Uschloss a kommen opgrond vun de Wunnengspräisser net méi iwwer d’Ronnen.

Mir brauchen se fir de Klimaschutz, well Lëtzebuerg seng Klimascholden endlech erbrénge muss. D’Regierung setzt ambitiéis Ziler mee huet kee Plang fir se z’erreechen. Dat fänkt un eng Gefor ze gi fir Millioune Leit op der Welt, besonnesch am globale Süde mee och ëmmer méi oft an Europa, déi d’Konsequenze vum Klimawandel haut scho spieren. Wann d’Regierung et wierklech eescht mengt mat der Energietransitioun a bei der Reduzéierung vun den Zäregasen, da muss se ëffentlech Moyen’en asetzen, fir déi erneierbar Energien an déi nei technologesch Entwécklungen déi mir brauchen un d’Rullen ze kréien. De Moment ass Lëtzebuerg hei Schlussliicht an der EU! Donieft muss och dofir gesuergt ginn, dass manner Energie verbraucht gëtt, ugefaange bei de Gebaier. Nëmme mat ëffentleche Suen a sozial gerechte Programmer an dem Beräich kann een d’Sanéierung vu Wunngebaier maachen, am Interesse vum Klima a vun de Bewunner vun den Haiser an Appartementer.

Mee do wou mer se op kee Fall brauchen, ass bei der Militariséierung:

Fir ze vergläichen: dëst Joer gi mer 365 Milliounen aus fir Krichsmaterial, wärend de ganze Logementsministère grad emol 230 Milliounen ausgëtt. Dat ass e politesche Choix. Zanter 2017 sinn d’Militärausgaben all Joers ëm déi 40 Millioune geklommen. 2019 wäerten se bei 365 Millioune leien. 2020 wäert d’Regierung mat der Ënnerschrëft vum gréngen Arméi‘sminister 410 Millioune fir de Militärbudget ausginn. An dat soll konstant an d’Luucht goen. D’Regierung follegt der Nato an engem Donald Trump déi eng 2% Investissement vum PIB an d’Militariséierung virschreiwen. Dat ass gutt fir de Big Business, mee net fir de Fridden, a scho guer net fir de Planéit.

Bei dësem Budget ass d’politesch Prioritéitesetzung den Erausfuerderungen definitiv net gewuess.

De Klimawandel an d’Logementskris, kann een net mat Krichssatellitten, Militärfligeren  a Steierkaddoen u Grousskonzerner an Investmentfonge bekämpfen. Et musse méi ëffentlech Gelder an déi richteg Budgetsposte gesat ginn, soss knallt et.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe