Debatt iwwer d’Kooperatiounspolitik – Ried vum David Wagner

Här President,

An enger Welt déi normal funktionéiere géif, bräicht een u sech net iwwert Entwécklungshëllef ze schwätzen.

D’Räichtümmer vun eiser Welt sinn zwar net gläichméisseg iwwer dem Globus verdeelt, mee si géifen duergoen fir den iwwer 7 Milliarde Mënschen op dëser Welt en agreabelt Liewen ze versécheren.

7 Milliarde Mënschen a souguer eendeiteg driwwer well de Problem läit net – oder nach net – bei der globaler Iwwerbevölkerung mee bei der globaler Ongerechtegkeet.

Ganz vereinfacht ausgedréckt: Ganz wéineg Mënschen hu ganz vill a ganz vill Mënschen hu ganz wéineg.

Dofir brauche mer Entwécklungshëllef.

Och wa Lëtzebuerg 1 % vum sengem RNB – an net PIB, wéi sou oft virgetäuscht – an Entwécklungshëllef investéiert a souguer wann all eenzelt industrialiséiert Land esouvill géif investéieren, dann wier et nach ëmmer eng Drëps op de waarme Steen.

Op eng gewëssen Aart a Weis ass d’Entwécklungsaarbecht eppes wéi eng Sisyphusaarbecht, well och wann all déi Mënschen, déi Entwécklungsorganisatiounen ënnerstëtzen, all déi Mënschen déi sech fir déi Organisatiounen engagéieren, all déi Mënschen, déi fir se schaffen an awer och d’Agenten vun der Kooperatioun a souguer d’Madamm Minister déi jo nach jonk am Amt ass a bestëmmt mam beschte Wëllen sech asetzt, vill Engagement an deemno wéi och Courage beweisen, sinn se einfach net zu genuch par rapport zu all deenen déi Muecht a Geld hunn an déi dofir suergen datt weiderhin Entwécklungspolitik wäert gebraucht ginn.

 

Här President,

Ech mengen et ënnersträicht een ni genuch wouhier, historesch gesinn, eise Räichtum hierkënnt – e Räichtum deen och ongläich verdeelt am Norden – a wouhier d’Aarmut vun de Populatiounen am Süden hierkënnt.

Et huet mam Phänomen vum Kolonialismus ze dinn.

Kolonialismus ass ee vun de gréissten Verbriechen un d’Mënschheet deen am Norden awer wéineg a seelen thematiséiert gëtt an heiansdo och verharmloost gëtt.

Haut nach an der Belsch kann ee Monumenter vun hirem eemolege Kinnek Leopold gesinn, den Privatproprietär vum Kongo an deen hautzedaags am Kongo als een vun de gréissten Massemäerder ugesi gëtt.

Trotzdeem huet d’Belsch dëst Joer ëmmerhin sech bei der kongolesescher Bevëlkerung entschëllegt.

Vläicht wier et och net verkéiert wa Lëtzebuerg sech dorunner inspiréiere géif, well mir waren och keng Onscholdskanner.

Da ginn et natierlech déi, déi soen „jo, mee bon, Kolonialismus ass scho laang hir“.

Mee sou laang ass et nach net hir, et ass manner laang hir wéi den 2. Weltkrich, huet bis an den 60. er Jore gedauert, voir 70er wat Portugal ugeet an esou schnell verwannen d’Wonnen vun engem Ausbludden wat e puer Joerhonnerten gedauert huet.

Mee dovunner ofgesinn: och wann den direkten, den juristeschen Kolonialismus – bis op e puer Ausnamen – net méi existéiert, gëtt et nach ëmmer eng Ofhängegkeet, déi een geleefeg als Neokolonialimus bezeechent.

Un d’Plaz vun enger direkter politescher Bevormundung ass eng indirekt politesch Bevormundung getratt.

Et ass jo och bezeechnend datt wann zum Beispill eng politesch Kris an enger eeëmoleger Kolonie stattfënnt, datt dann, relativ kritiklos, op d’Reaktioun vun der sougenannter „communauté internationale“ gewaart gëtt.

Mee „communauté internationale“ klengt zwar gutt, mee heescht net wat et a Wierklechkeet ass.

Dat sinn déi sougenannten westlech Muechtzentren: Paräis, London, Washington, Berlin, deemno wéi Tokyo…Et ass net Alger. Et ass net Nouakchott, et ass net Ulan-Bator, et ass net Lima. An et ass mol net Moskau.

Déi eenzeg « Communauté internationale » misst a Wierklechkeet d’UNO sinn.

Här President,

Och déi ekonomesch Strukturen, déi deemools d’Ausbeutung erméiglecht hunn, si weiderhin intakt.

Jo, si hunn sech nach intensivéiert a verfeinert.

Millioune vu Mënschen liewen haut an Aarmut an Ausgrenzung, genee wéi deemools.

Vill Länner, virun allem an Afrika, sinn nach ëmmer just Rohstoffliferanten fir d’Fabricken an Europa, China oder an den USA.

An dat ouni datt déi lokal Bevëlkerung eppes dovunner huet.

An domadder kommen ech zum eigentlechen Thema vu menger Interventioun, nämlech de katastrophalen Impakt vun de Multinationalen op d’Entwécklungslänner.

Déi westlech Länner maachen sech vill suergen em den staatlech dirigéierten Kolonialismus vu Peking – deen de Mao deemools als Sozialimperialismus bezeechent hätt wou e vu Moskau geschwat huet – mee si maachen sech vill manner Suergen em den hausgemaachten Kolonialismus deen iwwert Privatkonzerner fiert – wat och keng Première ass, well mat der „Compagnie des Indes“ am d’14. – 15. Joerhonnert och schonn de Fall war.

Hautzedaags sinn et d’Multinationalen, déi den Haaptpilier vun der westlecher westlecher Ausbeutungspolitik sinn.

A si ginn duerch d’Politik maassgeeblech ënnerstëtzt:

Duerch direkt politesch Interventiounen an den Entwécklungslänner;

Duerch onfair Handelsaccord’en, wéi zum Beispill déi faméis Accord de partenariat économiques ;

Iwwer eesäiteg Investitiouns- oder Steieraccord’en ;

Iwwer privat Schiidsgeriichter a villes méi.

Här President,

Bei der UNO gëtt et en Aarbechtsgrupp, dee sech mat Mënscherechtsverletzunge vun de Multinationalen ausernee setzt an deen heescht „Working Group on the issue of human rights and transnational corporations and other business enterprises“.

Wann een déi Rapport’e liest – zemools d’Rapport’en iwwert d’Missiounen vum Grupp an eenzelen Länner – da kritt een en Androck vum Ausmooss vun der Problematik.

Dat sinn net e puer vereenzelt Incident’en oder Akzidenter, net just e puer schwaarz Schof.

Dat ass eng reegelrecht Systematik, mat där d’Multinationalen Ëmweltzerstéierung an Mënscherechtsverletzungen a Kaf huelen a beginn.

Mir schwätzen pêle-mêle vu Sozial an Aarbechtsgesetzer déi vun den Multi’en systematesch ënnerlaf ginn.

Mindestlounbestëmmungen gi net agehale;

Sécherheetsnormen gi violéiert;

D’Aarbechtsrecht gëtt mat Féiss getrëppelt – bis hin zu Kanner- an Zwangsaarbecht

D’Ëmweltstandard’en ginn net agehalen;

De Landgrabbing ass e risege Problem, dee stänneg u Vitesse gewënnt, net nëmmen bei Agrarprojet’en, mä och beim Biergbau oder beim Bau vu Staudämm. E gutt Beispill ass de Wëllen vun der rietsextremer Regierung a Brasilien, déi wëlles huet weiderhin den Amazonas ofzeholzen.

An do ass et esou: wéi déi läscht Raiber, eegnen sech privat Firmen Milliounen un Hektaren pro Joer un a verdreiwe dobäi meeschtens Famillen vun hirem Land, déi do säit ëmmer wunnen, mee keng offiziell Besetztitelen hunn.

A wann déi Bevëlkerungen sech legitimerweis wieren, ginn se vum Staat brutal bekämpft oder awer och duerch privat Sécherheetsfirmen.

Déi lokal Ekonomie gëtt zerstéiert an ersat, sief et an der Landwirtschaft oder am Biergbau duerch héich mechaniséiert Industrien, déi manner Leit beschäftege muss.

Schlussendlech sinn d’Konzessiounen oder d’Royalties ganz déif ugesat – well se en enormen politeschen Afloss hunn, ënnert anerem duerch d’Korruptioun.

An – an do komme mer Lëtzebuerg e bësse méi no – si bezuele ganz wéineg Steieren well se hir Profitter duerch Auditsfirmen „optimiséieren“ an a Steieroase verstoppen.

Ech hat virun 2 Joren d’Geleeënheet zu Madrid un enger internationaler Konferenz iwwert Steierflucht deelzehuelen, organiséiert vu Podemos.

Si war am Schlepptau vun den Panama Papers organiséiert ginn.

An dorunner huet déi deemoleg Presidentin vun der Enquêtëkommissioun iwwert d’Panama Papers vum bolivianesche Senat, d’Adriana Salavatierra (elo Presidentin vum Senat) deelgeholl a si huet ganz kloer den Zesummenhang tëscht der Offshore-Steierflucht an der batterster Aarmut vun den bolivianesche Baueren hiergestallt.

Et ass net schwéier ze verstoen: e groussen Agrarmulti, dee säi Räichtum exponentiell accumuléiert derduerch datt e keng oder bal keng Steiere bezilt op déi eng Säit a Klengbaueren op déi aner Säit.

Dräi mol dierft der roden wien wien ofkeeft a wiem seng Produkter méi bëlleg sinn a wien dem anere seng Produkter ewechdreift?

Wien ass herno ruinéiert? Wien kann herno vu senger Aarbecht net méi liewen? A wien gëtt wéi e Kriminellen traitéiert wann e sech wiert?

De Bauer an net d’Multi’en.

Da kann een natierlech soen: jo, Offshore-Gesellschaften sinn oder ware legal, jo Steieroptimiséierung ass legal. Et ass jo vläicht legal, mee um Enn sinn et déi äermst déi dorënner leiden an heiansdo stierwen.

De Combel ass jo och deen datt déi Multi’en vun enger totaler Stroffräiheet profitéieren.

Eng vun den Haaptursaachen besteet jo och doranner datt déi Länner, sief et an Afrika oder a Latäinamerika drastesch neoliberal Strukturreformen hu missen duerchsetzen, déi ganz oft mat Militärterrorregimmer ugefaangen hunn.

A mir schwätzen vu Staaten déi nach keng reell industriell Revolutioun matgemaach hunn.

Dat erkläert den héijen Taux un Inegalitéit, u feelenden ëffentlechen Infrastrukturen an un endemescher Korruptioun.

A souguer wann et zu enger Veruerteelung kënnt viru Geriicht, da kënnen déi Multi’en sech de Konsequenzen vun deenen Uerteeler och entzéien oder erkennen et ganz einfach net un.

An dat huet och domadder ze dinn, datt déi Multi’en zwar engersäits streng hierarchesch strukturéiert sinn, anerersäits sech awer esou organiséiert hunn datt se aus enger Abberzuel vun Filiale bestinn déi hir juristesch Responsabilitéit total diluéiert.

Do si mer erëm, ënnert anerem, bei Lëtzebuerg.

Well vill vun deene Multi’en hunn eng Filiale hei zu Lëtzebuerg.

Dat ass natierlech och en Instrument fir sougenannten Profitshifting ze maachen, dat heescht datt d’Multien hir Profitter an deene Filialen verschreiwen déi sech a Länner befannen wou se wéineg Steiere bezuele mussen – wéi zum Beispill Lëtzebuerg. Dohier déi vill Bréifboîtten.

Dat heescht konkret datt déi Suen déi a Wierklechkeet an den Entwécklungslänner misste sinn, landen an dësen Bréifboîtten.

Banken, déi hire Setz hei hunn, investéieren natierlech och an deene Filialen.

E groussen Deel vun den Investmentfongen och déi déi op der sougenannter grénger Bourse gehandelt ginn.

An dann natierlech – same procedure as every year – an den Pensiounsfong an an den Zukunftsfong.

Dofir Här President wier et och intressant emol eng onofhängeg Etüde maachen ze loossen fir ze vergläichen wéi vill mir ginn a wéi vill mir erëm huelen.

Virun Joer hat de Chercheur Rainer Falk jo bewisen datt duerch eis Finanzplaz d’Entwécklungslänner méi verléieren wéi dat wat mer duerch eis Entwécklungspolitik do investéieren.

Et wier un der Zäit eng nei Studie ze kommanditéieren.

Awer net bei de Big Four!

Här President,

Déi ganz Verstréckungen vun eiser Finanzplaz erkläre vläicht och firwat eis Regierung sech sou schwéier deet fir eng konkret Gesetzgebung iwwert den Devoir de diligeance ze kréien.

Am Koalitiounsvertrag steet zwar datt d’Regierung dat géif „studéieren“, wat am politeschen Slang souvill heescht wéi „Mir sin eis net eens“.

Här President, ech ginn iech e Beispill:

Ech hunn iech gëschter eng Question parlementaire geschéckt adresséiert un den Aussen an un den Wirtschaftsminister.

Et geet em eng israelesch Spionagesoftware vun der Gesellschaft NSO mat där, laut Haaretz an New York Times, den Här Khashoggi vu Saudi-Arabien ausspionéiert gouf.

Déi Software soll och an aner Länner zum Gebrauch komm sinn, ënnert anerem Mexiko, wou se och benotzt gouf fir Mënscherechtsaktivisten ëmzebréngen – oder dozou bäizedroen.

Ursprénglech huet et geheescht et wier just eng Filiale hei zu Lëtzebuerg um Kierchbierg mee de Setz wier an Israel.

Mee no enger Enquête vun ONG’en hei, schéngt et esou ze sinn, datt de Setz zu Lëtzebuerg sinn.

Ech hunn dofir fir 3. Kéier eng Fro gestallt.

Ech si gespaant op d’Äntwert an ech hoffen datt ech net erëm eng Kéier wéi eng Méck ewechgescheucht ginn.

Här President,

All déi Tensiounen déi d’Madamm Ministesch opgezielt huet, wéi zum Beispill am Mali, kommen net vum Himmel gefall.

Wa mer awer wëllen kohärent sinn an eiser Entwécklungspolitik a wann et wierklech géing. Stëmmen datt eist Häerz op der richteger Säit läit, da musse mer éierlech a global iwwert all Aspekter vun eiser Politik schwätzen.

Wa mer, wéi virun 3 Joer, d’EU-Direktiv iwwert de Rôle vu Multi‘en bei Mënscherechtsfroen nëmmen a minima ëmgesat hunn, mam Virwand se hätten ze vill administrativen Opwand, da beweise mer héchstens datt d’Häerz méi no beim Portmonni vu gewësse Leit läit.

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe