Mindestloun: +3,2% ginn net duer fir gutt dovunner kënnen ze liewen.

Ried vum Myriam Cecchetti

Här President,

De Mindestloun ass zu Lëtzebuerg net héich genuch. En ass net héich genuch par rapport zu den duerchschnëttleche Léin déi zu Lëtzebuerg bezuelt ginn an domat och net héich genuch aus dem Bléckwénkel vun der EU-Direktiv iwwer d’Mindestléin an Europa.

Mee virun allem ass en net héich genuch fir zu Lëtzebuerg en anstännegt Liewe kënnen ze féieren, net bei deene Logementspräisser an och net mat Steierkreditter a sozialen Hëllefen.

Zum Ausdrock kënnt d’Diskrepanz tëscht de Liewenshaltungskäschten an der Héicht vum Mindestloun, wann een de Budget de reference vum Statec erunzitt. D’CSL huet sech d’Méi gemaach an hirem Avis fir deen op d’Joer 2023 ze simuléieren, ausgoend vum Basiscalcul vum STATEC aus dem Joer 2019. Dobäi kënnt sinn op e Montant vun 2330 Euro fir eng Persoun eleng. Den Netto vun engem Mindestloun ass allerdéngs e gutt Stéck vun dësen 2330 Euro ewech, wat näischt anescht heescht wéi dass des Leit trotz enger Vollzäitaarbecht onfräiwëllege Verzicht bei Basisbesoin’en mussen üben. Des Leit sinn also dem Aarmutsrisiko ausgeliwwert. An de meeschte Fäll wäert sech dëse Verzicht bei de Liewensmëttel, der Hygiène oder den Ausgabe fir Kultur néierschloen, wëll de Präis vun enger Wunneng oder vum Transport – falls een net mam ëffentleche ka fueren – sinn net einfach sou ze reduzéieren.

Dorunner ännert och dëst Gesetz mat der Upassung vum Mindestloun un d’Entwécklung vun de Léin aus de Joren 2020 an 2021 net vill. Déi 3,2% si besser wéi guer keng Opwäertung, dat stelle mär hei net a Fro. Dofir stëmme mär dësen Text och mat. Mee och mat dëser Opwäertung an trotz Steierkreditter läit den Netto vum Mindestloun ronn 240€ ënnert dem Referenzbudget fir eng Persoun.

Här President,

Ech erënneren dowéinst och gär un d’Debatt iwwer de Mindestloun, déi ech am Juni vun dësem Joer an der Chamber ugefrot hat. Deemools hu mir eng Erhéijung vum Mindestloun opgrond vun de Critèrë vun der neier EU-Direktiv hei gefuerdert. Déi beseet, dass en dezent Liewe mam Mindestloun muss méiglech sinn a recommandéiert dofir de Mindestloun op 60% vum Mediansalaire z’erhéijen oder op 50% vum Salaire moyen.

Deemools hunn eis den neien Aarbechtsminister an de Riedner vun der LSAP-Fraktioun erkläert, dass sinn der Meenung wieren, dass d’Upassung, iwwer déi mir elo hei ofstëmmen, am Prinzip géif duergoe fir sech mat der Direktiv ze konforméieren oder zumindest ganz no drun ze kommen.

Mir stellen awer elo fest, dass dat net de Fall ass. D’CSL mécht sech als eenzeg d’Méi dat mol ze rechnen a stellt fest, dass de Mindestloun bei 54,9% vum Mediansalaire läit an eng Erhéijung em 9,3% néideg wier, fir op 60% ze kommen. De Mindestloun misst domat mindestens bei circa 2530€ leien. Dat deckt sech zimmlech genee mat dem, wat mir deemools als minimale Montant genannt hunn.

Geet een elo vum Salaire moyen als Referenz aus, misst et souguer eng Erhéijung sinn em 15,1%, also 350€ méi wéi haut.

Mir bleiwen dowéinst och bei eiser Fuerderung fir dass de Mindestloun un de Salaire médian gekoppelt gëtt an an Zukunft ëmmer dofir gesuergt soll ginn, dass dëse bei 60% vum Montant soll leien, den am Virjoer als Salaire median bezuelt ginn ass. Deementspriechend soll des Upassung vum Mindestloun och all Joer passéieren an net just all zwee Joer.

Här President,

Ech soen nach e Wuert zu der Haltung vum Patronat. Dass dëst net Demandeur fir eng Erhéijung vum Mindestloun ass, ass zumindest net iwwerraschend. Allerdéngs versti mer och net ganz, wéi sech iwwer e Manktem u Main d’oeuvre ka beschwéiert ginn, wann ee gläichzäiteg net bereet ass déi Leit, déi sou dréngend gebraucht ginn och anstänneg ze bezuelen. Wëll loosse mer net vergiessen: eng Opwäertung vum Mindestloun bedeit eng Opwäertung vun all de Léin an den ënneschte Lounschichten, wat natierlech och Beruffer an dem Beräich méi attraktiv maache kann.

Wat awer besonnesch stéiert ass déi ofschätzend Haltung, déi de Salarié’en hei entgéint bruecht gëtt. Leit déi an den Entreprisë schaffen an de Méiwäert schafen, ginn hei einfach just als Käschtefacteur ofgedoen.

Dobäi ass d’Patronat de gréissten eigentleche Käschtefacteur fir de Staat an d’Allgemengheet ginn an de leschte Joren, wëll et ass d’Patronat, wat mat Aiden a Kompensatioune – Stéchwuert Indexmanipulatioun – zougeschott gëtt.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe