Wunnengsmaart: Den Internationale Währungsfong laut d’Alarmglacken.

Zu Lëtzebuerg erstécken ëmmer méi Stéit un den héije Logementspräisser. Elo warnt  esouguer den Internationale Währungsfong (IMF): d’Situatioun um Wunnengsmaart riskéiert zu engem systemesche Risiko ze ginn.

Aus enger rezenter Etüd geet nämlech ervir dass:

  • zu Lëtzebuerg vill Stéit enorm héich verschold sinn an se de Prêt nëmme schwéier mat hirer Paie kënnen zeréckbezuelen;
  • zu Lëtzebuerg d’Präisser an de leschte Joren enorm séier geklomme sinn.

Aus deene Grënn wier d’Situatioun um Immobiliëmaart zu Lëtzebuerg ganz problematesch an ugespaant. Et entsteet en explosive Cocktail, deen zu enger richteger Immobiliëkris féiert un där d’Leit an d’Firme wäerte leiden. déi Lénk hu schonn Ugangs Februar un d’Regierung appeléiert fir elo an de Logementsmart anzegräifen fir méi Misär ze verhënneren:

  1. Bis elo goufnëmme den Opkaf vun 90 Logementer vum Logementsminister annoncéiert, dat ass eng Drëps op de waarme Steen. déi Lénk fuerderen eng Verduebelung vum Budget vum Spezialfong Logement fir dass de Staat verstäerkt privat Immobiliëprojeten opkafen an ëffentlech Bauprojeten virzéie kann.
  • Vill Privatleit bleiwen op hire Wunnenge sëtzen (bspw. wa se plënneren) a geroden a finanziellen Zuchzwang. D’Gemengen an aner net gewënnorientéiert Acteuren aus dem abordabele Wunnengsberäich kéinten hei cibléiert als Keefer asprangen an op deem Wee de Park aus abordabele Locatiounswunnengen vergréisseren an d’Privatstéit virum finanzielle Ruin retten. All des Acteuren brauchen awer och finanziell Hëllef vum Staat fir déi dofir néideg personnell Ressourcen ze kréien.
    Mir erënneren donieft drun, dass de Staat esou Keef duerch d’Gemengen mat 75% subventionnéiert. Fir de Gemengen nach méi op d’Spréng ze hëllefen, schloe mir vir, dass all nei geschafe Gemengewunneng vun 2023 bis 2026 mat 38.000€ (statt wéi aktuell 19.000€ am Pacte Logement 2.0) soll priméiert ginn.
  • Sollten d’Baufirmen tatsächlech ab Hierscht a Schwieregkeete geroden well net méi gebaut gëtt, da mussen och hei Staat a Gemengen asprangen. Si sollen hir Bauprojeten op de Wee brénge fir séier méi abordabel Wunnengen bäizebauen an dofir ze suergen, dass d’Bauaarbechter net am Chômage landen. Eng Baufirma mat ëffentlechem Kapital ass donieft och eng méiglech Piste, fir séier a cibléiert virunzekommen.

All d’Warnsignaler stinn op rout. Et kann net sinn, dass de Staat einfach nokuckt wéi eng Immobiliëkris vill Leit riskéiert virun existenziell Problemer ze stellen. Et muss elo gehandelt ginn. Eis Proposen leien um Dësch.


Marché du logement: Le fonds monétaire international tire la sonnette d‘alarme.

Au Luxembourg de plus en plus de personnes suffoquent en raison des prix du logement. Maintenant, le fonds monétaire international tire la sonnette d’alarme : la situation sur le marché sur le marché du logement risque de se transformer en risque systémique.

Une étude récente montre que :

  • au Luxembourg beaucoup de ménages sont fortement endettés et ont du mal à rembourser leur dette avec leur revenu;
  • les prix ont connu une hausse fulgurante ces dernières années.

Ce sont les principaux facteurs responsables de la situation problématique et tendue du marché du logement. C’est un cocktail explosif qui mène vers une crise de l’immobilier dont souffriront les gens et les entreprises du secteur. Début février, déi Lénk avait déjà lancé un appel au gouvernement pour que celui intervienne davantage dans le marché du logement afin d’éviter que la situation ne dégénère.

  1. Jusqu’ici le ministre du Logement a annoncé le rachat de 90 logements par son ministère. C’est un coup d‘épée dans l’eau. déi Lénk revendique une augmentation de 100% du budget du fonds spécial pour le logement afin que l’État puisse davantage racheter de projets immobiliers privés et ainsi faire avancer plus rapidement des projets de construction publics.
  • Beaucoup de personnes privées n’arrivent plus à se débarrasser de leur logement (dans le cas d’un déménagement par exemple) et se retrouvent sous pression. Les communes et d’autres acteurs sans but lucratif actifs dans le domaine du logement abordable pourraient intervenir de manière ciblée en tant qu’acquéreurs pour à la fois agrandir la parc du locatif abordable et sauver les ménages de la ruine. Tous ces acteurs ont évidemment besoin d’aides financières de l’État afin de disposer des ressources en personnel nécessaires. Nous tenons à rappeler que l’État peut subventionner ces rachats par les communes à hauteur de 75%. Pour donner un coup de pouce supplémentaire aux communes, nous proposons que la prime de 19.000 euros dont peuvent bénéficier les communes pour chaque logement communal nouvellement créé, passe à 38.000 euros.
  • Si les entreprises de construction connaissent des difficultés dès l’automne parce que le carnet de commande est vide, comme annoncé, l’État et les communes devront  intervenir en lançant leurs projet de construction afin de mettre des logements abordables sur le marché et afin d’éviter que les salarié.e.s du secteur se retrouvent au chômage. Une entreprise de construction avec du capital public est une autre piste pour faire avancer des projets précis.

Tous les signaux sont au rouge. L’État ne peut pas se permettre d’être le spectateur désintéressé d’une crise de l’immobilier qui risque de mettre des milliers de gens devant des problèmes existentiels. Nous propositions sont sur la table, il faut agir maintenant.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe