Endlech d’EU-Direktiv ëmsetzen!

Datt ee mam Mindestloun zu Lëtzebuerg net liewe kann ass statistesch beluecht. Doriwwer brauche mer also net ze diskutéieren. Dass d’EU eng Direktiv gestëmmt huet, déi d’Länner dozou brénge soll de Mindestloun op minimum 60% vum Brutto-Medianloun festzesetzen ass genausou eng Wourecht. Fir Lëtzebuerg bedeit dës Direktiv, datt de Brutto-Mindestloun misst ëm ongeféier 300 Euro gehéicht ginn. Trotzdeem, an dat ass leider och déi batter Realitéit, wëll eise Premier de Mindestloun hei am Land net serieux no uewe corrigéieren. Et soll bei der Upassung bleiwen, déi all zwee Joer per Gesetz gemaach gëtt a just assuréiert, datt de Mindestloun net zevill Wäert verléiert géigeniwwer de méi héije Paien. An dat obwuel den Aarbechtsminister Georges Mischo den 28. Februar 2024 gesot hat, als Äntwert op eng mëndlech Fro vum lénken Deputéierte Marc Baum, datt d’Aarbechte fir d’Ëmsetzung vun der Direktiv, déi och eng Stäerkung vun de Kollektivverträg fuerdert, am gaange wieren. Säitdeem hu mir näischt méi dovunner héieren.

Als déi Lénk musse mer leider constatéieren, datt d’Mëssuechtung vun de Besoine vu ville Leit huet esou krass ass, datt d‘Regierung einfach eng Europäesch Gesetzgebung ignoréiert. Et muss ee wëssen, datt déi Leit mat de klenge Paien och déi sinn, déi hei am meeschten ënnert dem Drock um Wunnengsmaart leiden, well si meeschtens Locatairë sinn. An d’Loyeren, am Géigesaz zu de Kafpräisser, si weider erop gaangen. Hei gesi mer direkt dann och déi brutal Koherenz vum Luc Frieden senger Politik, well och de Logementspak näischt fir Locatairë mécht. Dobäi geet et hei ëm Mënschen, déi oft méi wéi 50% vun deene Suen déi se hunn an de Loyer musse stiechen. Do bleift also um Enn vum Mount kaum eppes iwwreg. Et dierf also och kee Wonneren datt den Taux vu „working poor“, Leit also déi an Aarmut liewen obwuel se eng Schaff hunn,  erëm an d’Luucht geet an elo bei 14,7% Läit. Domat ass Lëtzebuerg d’Nummer an der Euro Zone. Op Leit déi zu Lëtzebuerg fir de Mindestloun schaffen, kommen also an Zukunft nach méi haart Zäiten duer.

Als déi Lénk fuerdere mir nach ëmmer eng Erhéijung vun 300 Euro Mindestloun. Dës Zuel ass also net aus der Loft gegraff, mee berifft sech op eng Direktiv déi soll ëmgesat ginn. Mir hake weider no beim Aarbechtsminister a verlaangen eng Erklärung zu de géigesätzlechen Aussoen ënnerhalb vun dëser Regierung. D’Direktiv muss bis de 15. November ëmgesat ginn. Et gëtt also héich Zäit.


Le gouvernement doit enfin transposer la directive!

Le fait qu’on ne puisse pas vivre avec le salaire minimum au Luxembourg est statistiquement prouvé. Nous n’avons donc pas besoin d’en discuter. Le fait que l’UE ait adopté une directive qui devrait amener les pays à fixer le salaire minimum à au moins 60 % du salaire médian brut est tout aussi vrai. Pour le Luxembourg, cette directive signifie que le salaire minimum brut devrait être augmenté d’environ 300 euros. Néanmoins, et c’est malheureusement aussi la dure réalité, notre Premier ministre ne veut pas sérieusement augmenter le salaire minimum dans ce pays. Il veut s’en tenir à l’ajustement bisannuel, qui garantit simplement que le salaire minimum ne perd pas trop de valeur par rapport aux salaires plus élevés. Et cela malgré le fait que le ministre du Travail Georges Mischo avait déclaré le 28 février 2024, en réponse à une question orale du député déi Lénk Marc Baum, que les travaux de transposition de la directive, qui appelle également à un renforcement des conventions collectives, était en cours. Depuis, nous n’en avons plus entendu parler.

En tant déi Lénk, nous constatons que ce gouvernement ne prend pas sérieux les besoins de beaucoup de personnes et qu’il ignore pour cette raison une directive européenne. Il faut savoir que les gens avec les bas salaires sont aussi ceux qui souffrent le plus de la pression sur le marché du logement, car ils sont majoritairement locataires. Et les loyers, contrairement aux prix d’achat, ont continué à augmenter. On voit ici immédiatement la cohérence brutale de la politique de Luc Frieden, car le paquet logement ne fait rien pour les locataires. De plus, il s’agit de personnes qui doivent souvent consacrer plus de 50 % de leur argent au loyer. Il ne reste donc presque plus rien à la fin du mois. Il ne faut donc pas s’étonner du fait que le taux de « travailleurs pauvres », c’est-à-dire de personnes qui vivent dans la pauvreté malgré un emploi, augmente à nouveau pour atteindre désormais à 14,7 %. Cela fait du Luxembourg le triste champion de la zone euro. Les personnes qui travaillent au salaire minimum au Luxembourg seront confrontées à des temps encore plus difficiles à l’avenir.

déi Lénk continue de réclamer une augmentation de 300 euros du salaire minimum. Ce chiffre ne sort donc pas de nulle part, mais fait référence à une directive qui devrait être transposée. Nous continuons d’interroger le ministre du Travail et d’exiger des explications concernant les déclarations contradictoires faites par ce gouvernement. La directive doit être transposée d’ici le 15 novembre. Il est donc grand temps.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe