US-Walen: 4 Joer Réckschrëtt

Lëtzebuerg, de 6. November 2024

D’Resultat ass kloer, den Donald Trump gouf eng weider Kéier zum Präsident vun den USA gewielt. Aus der Distanz ass dëst Wielerverhalen schwéier nozevollzéien. Et wier awer ze einfach, d’Schold nëmme bei de WielerInnen ze sichen.

D’Demokratesch Partei huet et net fäerdeg bruecht, déi néideg Unzuel u Leit ze motivéieren, wielen ze goen. Virun allem vill progressiv Jonker hunn sech geweigert, fir eng Administratioun ze stëmmen, déi net kategoresch géint de Genozid un de Palästinenser Stellung bezitt. D’Strategie vum Kamala Harris, virun allem op d’Recht op Selbstbestëmmung vun de Fraen ze setzen, ass offensichtlech net duergaangen, ënner anerem well et hirer Partei u Credibilitéit an dësem Dossier feelt. Vun 2009 bis 2011 hat de Barack Obama eng Super-Majoritéit am Kongress an hätt kënnen d’Recht op Ofdreiwung um nationalen Niveau festschreiwen. Dat huet en deemools awer verpasst, wat et haut erméiglecht, dass verschidde Bundesstaaten d’Rechter vun de Frae kënne staark beschneiden, wéi mer et ënner anerem am Texas gesinn. déi Lénk erënneren an deem Kontext un hir proposition de loi fir d’Recht op Ofdreiwung an déi lëtzebuergesch Verfassung anzeschreiwen.

Mënscherechter musse geschützt ginn, soulaang déi politesch Majoritéiten dat zouloossen.

D’Demokratesch Partei huet et awer och verpasst, déi sozial Fro wärend der Campagne effikass an de  Vierdergrond ze stellen. Vill Amerikaner leiden ënner ze niddrege Léin an enger extremer Präishausse. D’Vizepresidentin huet et net fäerdeg bruecht, deene Leit Hoffnung ze maachen, och wann se um Ufank vun hirer Walcampagne eng Rei positiv Mesure proposéiert huet fir déi ekonomesch Situatioun vun de Leit ze verbesseren.

Dat bescht Beispill ass warscheinlech de Bundesstaat Missouri, wou den Donald Trump zwar gewonnen huet, mä gläichzäiteg zwee Referende fir eng Erhéijung vum Mindestloun an d’Verankerung vum Recht op Ofdreiwung an der Verfassung positiv ausgaange sinn.

Ënnert der Präsidentschaft vum Donald Trump wäerte virun allem Fraen, Minoritéiten an déi schaffend Leit leiden. Déi Lénk sinn a bleiwe solidaresch, mat all deene Leit, déi weider wäerte kämpfen, sief et géint de Rassismus, sozial Verschlechterungen, oder eng weider Baisse vun de Klimaschutzmesuren.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe