Lëtzebuerg däerf net zum Kompliz vun engem Vëlkermord ginn!

Duerch d’Decisioun vun der CSSF fir d’Kommerzialiséierung vun israeelesche Staatsobligatiounen an der EU z’autoriséieren, dréit Lëtzebuerg aktiv zur Finanzéierung vun der vëlkerrechtswiddreger Politik vun der Regierung Netanyahu bäi. déi Lénk fuerderen d’Regierung op direkt anzegräifen an dat mat alle Mëttelen ze verhënneren.

Mat deene Staatsobligatioune sammelt déi israeelesch Regierung bei private Geldgeber an der EU Sue fir säi Staatsbudget. Domadder fléissen déi Gelder direkt an d’Finanzéierung vun de Militäroperatiounen am Gaza-Sträifen an op anere Plazen an erméiglechen d’Fortsetzung vun enger israeelescher Politik déi am flagrante Widdersproch zum internationale Recht steet.

Mir erënneren drun, datt den Internationale Geriichtshaff schonn am Januar 2024 tranchéiert huet, datt et e plausibele Risiko vun engem Genozid un der palästinensescher Bevëlkerung am Gazasträif gëtt. Donieft ass et erwisen, datt Israel dat humanitär Vëlkerrecht brécht an dat d’Besatzung vum Westjordanland konträr zum internationale Recht ass. Duerch international Konventiounen ass Lëtzebuerg obligéiert, alles ze maache fir e Genozid ze verhënneren an aktiv zu engem Anhale vum internationale Recht bäizedroen. Déi Obligatioun bezitt sech och op staatlech Institutioune wéi d’CSSF.

Duerch d’Decisioun, d’Kommerzialiséierung vun den israeelesche Staatsobligatiounen an der ganzer EU z’autoriséieren, mëscht sech Lëtzebuerg zum Handlaanger vun enger krimineller Politik a setzt sech dem Risiko aus, spéider fir Komplizitéit bei engem Vëlkermord zur Rechenschaft gezunn ze ginn. Genee aus deene Grënn huet d’Zentralbank vun Irland déi Autorisatiounen net méi verlängert, wat déi israeelesch Autoritéite gezwongen huet en anert EU-Land dofir ze sichen.

Lëtzebuerg kann net seng kommerziell Interessen iwwert internationaalt Recht stellen a Lëtzebuerg kann net duerch d’EU-Finanzlegislatioun dozou gezwonge ginn, internationaalt Recht z’ignoréieren. Wann Irland Weeër fonnt huet fir déi Autorisatioun ze verweigeren, da kann och déi Lëtzebuerger Politik dat verhënneren. déi Lénk fuerderen dofir d’Regierung op direkt anzegräifen an dofir ze suergen, datt déi israeelesch Staatsobligatiounen net vu Lëtzebuerg aus däerfe kommerzialiséiert ginn.

Pressematdeelung vum 2te September 2025


Le Luxembourg ne doit pas être complice au génocide !

Avec la décision de la CSSF d’autoriser la commercialisation d’obligations étatiques israéliennes dans toute l’UE, le Luxembourg contribue directement au financement de la politique illégale du gouvernement Netanyahou. déi Lénk exige du gouvernement qu’il intervienne immédiatement pour révoquer cette décision.

Ces obligations permettent au gouvernement israélien de récolter des fonds privés dans toute l’UE pour son budget d’État. Ainsi, les fonds levés contribuent directement au financement des opérations militaires dans la bande de Gaza ou ailleurs et permettent la continuation d’une politique israélienne en violation flagrante avec le droit international.

Nous rappelons que la Cour Internationale de Justice a déjà reconnu en janvier 2024 le risque plausible de génocide de la population palestinienne à Gaza. En plus, il est avéré que Israël viole le droit humanitaire et que l’occupation de la Cisjordanie est contraire au droit international. A travers des conventions internationales, le Luxembourg est tenu à prévenir tout risque de génocide et de contribuer activement au respect du droit international. Ces obligations se rapportent également à toutes les institutions étatiques comme le régulateur financier CSSF.

Avec cette décision d’autoriser la commercialisation des obligations d’État israéliennes dans toute l’UE, le Luxembourg soutient directement la politique criminelle du gouvernement Netanyahou et s’expose au risque d’être plus tard accusé de complicité au crime de génocide. Ces raisons ont par ailleurs amené la Banque centrale d’Irlande de ne plus prolonger son autorisation, obligeant le gouvernement israélien de trouver un autre pays hôte dans l’UE.

Le Luxembourg ne peut élever ses intérêts commerciaux au-dessus du droit international et le Luxembourg ne peut être contraint par la législation financière européenne d’ignorer le droit international. Si l’Irlande a trouvé des moyens de retirer son autorisation, le Luxembourg peut faire pareil. Ainsi, déi Lénk exigent du gouvernement qu’il intervienne immédiatement et qu’il empêche que les obligations étatiques israéliennes soient commercialisées depuis le Luxembourg.

Communiqué de presse du 2 septembre 2025

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe