An der Nuecht hunn d’Vereenten Natiounen eng Resolutioun ugeholl, déi d’Staate rechtlech verflicht géint de Klimawandel virzegoen. E Grupp vun aacht Länner, dorënner d’USA, Russland, Saudi Arabien an Israel, hu géint dës Resolutioun gestëmmt. 28 Länner hunn sech enthalen an 141 Länner hunn den Text ugeholl. Och Lëtzebuerg stoung op der richteger Säit vun der Geschicht.
Aus Lëtzebuerger Siicht ass et elo wichteg dëse Vott an Doten ëmzewandelen. Säit d’CSV-DP Regierung am Amt ass, ass de Klimaschutz dat politescht Stéifkand. De Luc Frieden wollt eng Ëmweltpolitik maachen, déi „keen nervt“. Dës Resolutioun zwéngt d’Staaten awer elo den Ëmwelt- a Klimaschutz rëm eescht ze huelen.
Den Text, dee gëschter ugeholl gouf, berout op engem Avis vum Internationale Geriichtshaff (IGH) zu deem déi Lénk am Juli 2024 Folgendes gesot hunn: „Den IGH qualifizéiert eng propper, gesond an nohalteg Ëmwelt als e Mënscherecht, wat de Wee op mécht fir Entschiedegungen ze froe fir Fäll, wou dëst Recht net méi garantéiert ass. déi Lénk haten an hirer alternativer Verfassungspropos vun 2015 (déi 2022 an der Chamber verworf gi war) dat aklobaart Recht op eng gesond an nohalteg Ëmwelt scho virgesinn an d’Obligatioun fir de Staat dëst Recht och ze garantéieren, also genee dat wat den IGH gëschter gefuerdert huet.“[1]
Viséiert si mat dëser Resolutioun natierlech och d’Pëtrolsfirmen an hir Aktionnären, déi grad am Kontext vun enger geopolitescher Kris Rekordbenefisser astiechen. Lëtzebuerg, wéi och vill aner europäesch Länner, huet sech mat dësem Vott an d’Verantwortung gestallt, an d’Konsequenz dovunner ass, dass eng Politik gemaach muss ginn, déi d’Zil vun enger Klimaerwärmung vun 1,5° C uviséiert. Eise PNEC (plan national énergie et climat) ass do schonn net ambitionnéiert genuch, souguer wann mer déi Ziler just bis 2050 wéilten erreechen.
Enn Oktober 2025 huet d’Regierung nach eng Motioun vun déi Lénk ofgeleent, an där mir gefuerdert hunn, dass d’CSV-DP Regierung direkt soll ab 2026 substantiell seng Investitiounen an de Klimaschutz soll erhéijen an dass 50% vun deene Gelder an Adaptatiounsmesuren solle fléissen, fir déi Länner déi am meeschte vum Klimawandel betraff sinn ze schützen.[2]
Lëtzebuerg huet dës wichteg UNO-Resolutioun matgestëmmt. Wa mir wëllen eng kohärent Politik maachen, muss d’Regierung elo handelen an d’Investitiounen an de Klima- an Ëmweltschutz massiv eropsetzen. Déi Milliarden, déi mir verpolveren an deem verréckten Oprëschtungswan an deem mir gefaange sinn, wieren do ee gudden Ufank.
Les États ont l’obligation d’agir contre le changement climatique !
Dans la nuit, les Nations unies ont adopté une résolution qui oblige juridiquement les États à agir face au changement climatique. Un groupe de huit pays, dont les États-Unis, la Russie, l’Arabie saoudite et Israël, a voté contre cette résolution. 28 pays se sont abstenus et 141 pays ont adopté le texte. Le Luxembourg s’est également trouvé du bon côté de l’histoire.
Du point de vue luxembourgeois, il est désormais important de transformer ce vote en actions concrètes. Depuis l’arrivée au pouvoir du gouvernement CSV-DP, la protection du climat est le parent pauvre de la politique. Luc Frieden voulait mener une politique environnementale qui « ne dérange personne ». Cette résolution oblige désormais les États à prendre à nouveau au sérieux la protection de l’environnement et du climat.
Le texte adopté hier repose sur un avis de la Cour internationale de justice (CIJ), au sujet duquel déi Lénk déclarait en juillet 2024 : « La CIJ qualifie un environnement propre, sain et durable de droit humain, ouvrant ainsi la voie à des demandes de réparation dans les cas où ce droit n’est plus garanti. déi Lénk avaient déjà prévu dans leur proposition de constitution alternative de 2015 (rejetée par la Chambre en 2022) ce droit opposable à un environnement sain et durable ainsi que l’obligation pour l’État de garantir ce droit, soit exactement ce que la CIJ a demandé hier. »[3]
Cette résolution vise naturellement aussi les compagnies pétrolières et leurs actionnaires, qui engrangent des profits records dans le contexte actuel de crise géopolitique. Le Luxembourg, comme de nombreux autres pays européens, a pris ses responsabilités par son vote, ce qui implique de mener une politique visant l’objectif de limiter le réchauffement climatique à 1,5 °C. Notre PNEC (plan national énergie et climat) manque déjà d’ambition, même si ces objectifs ne devaient être atteints que d’ici 2050.
Fin octobre 2025, le gouvernement a encore rejeté une motion de déi Lénk demandant que le gouvernement CSV-DP augmente dès 2026 de manière substantielle ses investissements dans la protection du climat, et que 50 % de ces fonds soient consacrés à des mesures d’adaptation afin de protéger les pays les plus touchés par le changement climatique.[4]
Le Luxembourg a soutenu cette importante résolution de l’ONU. Si nous voulons mener une politique cohérente, le gouvernement doit maintenant agir et augmenter massivement les investissements dans la protection du climat et de l’environnement. Les milliards dépensés dans cette course folle à l’armement dans laquelle nous sommes engagés constitueraient un bon point de départ.
[1] https://dei-lenk.lu/2025/07/24/och-letzebuerg-muss-daitlech-mei-maachen/
[2] https://dei-lenk.lu/wp-content/uploads/2025/10/20251029_MOTION_FinClimatInt.pdf
[3] https://dei-lenk.lu/2025/07/24/och-letzebuerg-muss-daitlech-mei-maachen/
[4] https://dei-lenk.lu/wp-content/uploads/2025/10/20251029_MOTION_FinClimatInt.pdf