Plattformaarbecht : Eng éischt Victoire fir d’Livreuren.

Gëschter huet d’Luxembourg Times beriicht, dass Wolt, d’Plattform fir Iessensliwwrungen, seng Livreuren net méi wéilt outsourcen[1]. Dat ass en éischte Schrëtt a Richtung besser Aarbechtsbedéngungen. Dëst ass méiglech ginn, well d’Livreure sech organiséiert hunn a coordinéiert géint d’Mëssstänn an hirem Secteur virgaange sinn. Mat der Ënnerstëtzung vu Gewerkschaften, Zivilgesellschaft a politesche Parteien, hu si et fäerdegbruecht den Tech-Gigant Wolt an d’Knéien ze zwéngen.

D’Fro bleift natierlech wéi déi Annoncen, déi Wolt an der Luxembourg Times gemaach huet, konkret ëmgesat ginn. déi Lénk ass solidaresch mat de Livreuren an hirem couragéierte Kampf géint ee Modell, deen un d’Aarbechtsverhältnisser aus dem 19. Jorhonnert erënnert.

Och wann d’Plattform Wolt hir Livreuren net méi sous-traitéiert, heescht dat nach net, dass se an ee gereegelt Aarbechtsverhältnis kommen. Et ass just dee knaschtegsten Deel vun engem duerch an duerch dréckege System, dee wechfält an deen d’Feststelle vun engem direkte Subordinatiounsverhältnis vum Livreur géigeniwwer vun enger Plattform wéi Wolt oder Wedely zousätzlech erschwéiert.

Mir bleiwen der Meenung dass Lëtzebuerg endlech ee gudde gesetzleche Kader brauch, dee garantéiert, dass dës Livreuren de Statut vum Salarié kréien. déi Lénk hunn am Februar eng Gesetzespropos deposéiert, déi genau dat garantéiert[2]. Wann d’Regierung wierklech wëll Reegelen an Transparenz an dee Secteur kréien fir déi Leit ze schützen, da soll se eis Propos huelen an se ëmsetzen.


Le travail sur plateforme : Une première victoire pour les livreurs.

Hier, le Luxembourg Times a rapporté que Wolt, la plateforme de livraison de repas, ne souhaitait plus sous-traiter ses livreurs. Il s’agit d’un premier pas vers de meilleures conditions de travail. Cette avancée a été rendue possible parce que les livreurs se sont organisés et ont mené une action coordonnée contre les abus dans leur secteur. Avec le soutien des syndicats, de la société civile et des partis politiques, ils sont parvenus à faire plier le géant de la technologie Wolt.

La question reste naturellement de savoir comment les annonces faites par Wolt dans le Luxembourg Times seront concrètement mises en œuvre. déi Lénk est solidaire des livreurs dans leur combat courageux contre un modèle qui rappelle les rapports de travail du XIXᵉ siècle.

Même si la plateforme Wolt ne sous-traite plus ses livreurs, cela ne signifie pas encore qu’ils bénéficieront d’une relation de travail dûment encadrée. Seule la partie la plus problématique d’un système profondément défaillant disparaît, car cette partie rend plus difficile l’établissement d’un lien de subordination direct entre le livreur et une plateforme comme Wolt ou Wedely.

Nous restons convaincus que le Luxembourg a enfin besoin d’un cadre légal solide garantissant à ces livreurs le statut de salarié. déi Lénk a déposé en février une proposition de loi qui garantit précisément cela. Si le gouvernement souhaite réellement instaurer des règles et davantage de transparence dans ce secteur afin de protéger ces travailleurs, il doit reprendre notre proposition et la mettre en œuvre.


[1] https://www.luxtimes.lu/luxembourg/wolt-to-phase-out-subcontractors-as-itm-confirms-inspections-in-sector/157991756.html

[2] https://dei-lenk.lu/2026/02/10/une-protection-efficace-pour-les-travailleurs/

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe