FR – Le marathon électoral 2023/24 est terminé, et les dés sont jetés. À l’échelle européenne, l’essor de la droite, que nous avons pu observer ces dernières années, s’est confirmé. Au Luxembourg, le nouveau gouvernement de droite libérale n’a pas tardé à mettre en œuvre son programme : s’attaquer aux et opprimer les plus pauvres de notre société, accorder des allègements fiscaux aux riches et déclarer la guerre aux syndicats. Des problèmes sérieux, comme la hausse des prix de l’énergie et la crise climatique, sont sciemment ignorés.
Il est donc plus important que jamais de rassembler les différents combats, d’unir nos forces et de mobiliser ensemble pour résister à la politique de ce gouvernement et proposer des alternatives.
LU – De Wahlmarathon 2023/24 ass eriwwer an d’Würfelen si gefall. Europawäit huet de Rietstrend, dee mer schonn déi läscht Joer gespuert hunn, sech bestätegt. Zu Lëtzebuerg huet déi nei riets-liberal Regierung net laang gewaart, éier se hier Agenda ugaang ass: Bekämpfen a Kujenéiere vun deenen Äermsten an eiser Gesellschaft, Steiererliichterunge fir déi Räich an eng Krichserklärung un d’Gewerkschaften. Seriö Problemer, wéi déi klammend Energiepräisser an d’Klimakris gi gekonnt ignoréiert. Et ass deemno méi wichteg wéi jee, déi verschidde Kämpf zesummen ze bréngen, eis Kräften ze bündelen an zesummen ze mobiliséiere fir eis géint d’Politik vun dëser Regierung ze wieren an Alternativen ze proposéieren.