Agenda.


Event Details


Meeting iwert den Index, mam OGBL an der CSL

Fir den index, basta!

Den Tripartite-Accord, deen am Abrëll vun der CGFP, dem LCGB, der Regierung an dem Patronat ënnerschriwwe gouf, ass en direkten Ugrëff op den Index. Eng Manipulatioun, déi all Lounofhängegen a Rentner a Rentnerinne Kafkraaft kascht. Verstoppt ënnert dem Deckmantel vun der Solidaritéit a verkaf un d’Leit mat falschen Argumenter, ass de sougenannte « Solidaritéitspak » eng eenzeg Mogelpackung.

Bei all Kris, egal op grouss oder kleng, stellt d’Patronat systematesch den Index a Fro. Dat obwuel vill Entreprisë Rekordgewënner afueren. Den Index wier net sozial gerecht, an aussergewéinleche Situatioune misst een den Entreprisen hëllefen andeems een eng Indextranche aussetzt, eng Manipulatioun géing de Mechanismus net a Fro stellen, den Index géing den Entreprise schueden. Dës an nach aner Märercher erzielt d’Patronat gären, wann et drëms geet a Verhandlungsronnen ee Kaddo vun der Regierung ze verlaangen. An d’Regierung ass natierlech all ze séier bereet, de Kaddo séier z’iwwerreechen.

Fir géint dës onverschimmte Propaganda virzegoen organiséieren déi Lénk de 14. Juni um 19.00 Auer ee Meeting ënnert dem Slogan « Fir den Index, basta » an der Maison du peuple zu Esch. Et geet drëms d’Leit ze mobiliséieren an Drock opzebaue fir den Index, deen e Pilier vun der lëtzebuerger Lounpolitik ass, ze verdeedegen. Op eisem Meeting schwätzen nieft eiser Spriecherin, dem Carole Thoma, och d’Präsidentin vum OGBL, Nora Back, an den Direkter vun der Chambre des salariés, Sylvain Hoffmann.

Wann d’Patronat mat der Hëllef vun der Regierung ongestéiert Errongenschafte vun de Lounofhängegen anRentner a Rentnerinne kann ugräifen, gëtt et héich Zäit dass all Salariéen an all Rentner a Rentnerinne solidaresch sinn an dës Errongenschaften zesumme verdeedegen. déi Lénk soe kloer: Fir den Index, basta! D’Regierung soll d’Tripartitesgesetz zeréckzéien!