Tax the Rich

Lëtzebuerg gëtt oft an de Medien als ee vun deene Räichste Länner op Welt beschriwwen. déi Lénk gesäit dat awer net sou. Um Pabeier stëmmt et zwar, mee wann een awer tëschent den Zeile liest, da kënnt een zur Conclusioun datt et ee risegen Ecart tëschent deenen aller Räichsten an deenen Äermsten zu Lëtzebuerg gëtt. 

Momentan liewe bal 30.000 Kanner zu Lëtzebuerger un der Aarmutsgrenz, 1/7 vun den Aarbechter ginn als “Working Poor” klasséiert. D’Lëtzebuerger Regierung setzt sech a fir datt d’Täsche vun der Bouneweger Bourgeoisie an de CEO’s ëmmer mei gefëllt ginn. All déi Aner kënne kucken datt se eens ginn. 

Dofir ënnerstëtze mir déi Europäesch Biergerinitiativ “Tax the Rich”, déi eng nei Steier op grouss Verméige fuerdert. D’Suen déi dës Steier erabréngt, sollen dann Europawäit fir d’Kampf géint d‘Klimakris an d‘Ongläichheete benotzt ginn. 

Wann mir vu grousse Verméige schwätzen, menge mir natierlech net d’Majoritéit vun de Leit, déi sech mat hire Suen en Eegenheem oder een neien Auto leeschten. Mir schwätze vu Leit, déi 900 Luxus Aueren doheem am Safe leien hunn, mir schwätze vu Leit, déi sech fir 500 Milliounen Euro Super-Yachte leeschten.  

Wann Dir méi iwwert dës Initiative wëllt gewuer ginn oder souguer schonn ënnerschreiwe wëllt, kënnt Dir dat ënnert dem follgendem Link maachen.

Illustrations by: @livzer_ (on Instagram)

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe