Eis Leit.

déi Lénk hu vill Gesiichter. Mir sinn eng villfälteg Beweegung. Bei eis ginn et keng Parteipresidenz, keng Beruffspolitiker a keng Hierarchie. Eis Leit, déi eis no bausse Vertrieden sinn eis zwee Spriecher. An eis Leit déi, di politesch Orientéierung vun déi Lénk zesummen decidéieren, sinn vertrueden an der Nationalkoordinatioun (NAKO). 

Spriecher

André Marques

Den André Marques ass 1995 am Pafendall als Kand vu portugisesche Migrante gebuer. Säit 2009 lieft hien zu Beetebuerg. Hien huet Geschicht op der Uni Lëtzebuerg a Prag studéiert a schafft säit 2022 als fräiberufflechen Historiker mam Schwéierpunkt 2. Weltkrich. 2022 ass hien déi Lénk bäigetrueden an ass säit 2023 aktiv um nationale politesche Plang engagéiert.

Den André war vun 2023 bis 2025 Co-Spriecher vun déi jonk Lénk. Säit 2022 ass hien am Comité vun de Frënn vum Resistenzmusée zu Esch a säit 2025 Co-Spriecher vun déi Lénk.


Carole Thoma

D’Carole Thoma ass 1990 zu Diddeleng gebuer an ass zënter de Walen 2023 am Diddelenger Gemengerot. Hatt huet Bauingenieurwiesen zu Kaiserslautern studéiert a schafft als Bauingenieurin zu Lëtzebuerg. Wärend dem Studium ass hatt 2011 Memberin bei déi Lénk ginn a war als éischt an der nei gegrënnter Sektioun zu Diddeleng aktiv, éier hatt sech och op nationalem Niveau politesch engagéiert huet. Zënter 2015 ass hatt Co-Spriecherin vun déi Lénk.

Nieft der Politik setzt sech d’Carole och um gewerkschaftlechen Niveau an. Als Studentin ass hatt Memberin vum OGBL ginn a setzt sech aktuell als Personaldélégéiert an sengem Betrib an. Zënter 2019 ass hatt och Memberin an der Chambre des Salariés.


National Koordinatioun (NAKO)

De Kongress wielt all Joer eng National Koordinatioun (NAKO). Dëst Gremium ass zueleméisseg onbegrenzt, muss awer paritär besat ginn. All Member ka kandidéieren an all Member vun déi Lénk kann un de Versammlungen deelhuelen. D’Walen vun de NaKo’s Memberen, fonctionéiert nom Prinzip vun der Geschlechts paritéit. Dat heescht et kennen nëmmen sou vill männlech Membere gewielt ginn ewéi weiblech Memberen. D’NAKO féiert déi Lénk dat ganzt Joer iwwer, hëlt déi wichteg politesch a finanziell Entscheedungen.

Fraelëscht vun der nationaler Koordinatioun(gewielt den 26.04.2026 vum Kongress)

  • BALLY, Elise (Démissionnéiert)
  • CORREIA DA VEIGA, Ana
  • ERPELDING, Thessy
  • GARMAN, Maya
  • GUSKOWSKI, Leonie
  • HOFFMANN, Alice
  • LEFÈVRE, Elisabeth (Co-Präsidentin NAKO)
  • LINDEN, Jacquie
  • MACARA, Ema
  • OÉ, Julie
  • ROMERA BLANCO, Nina
  • SILENCHUK, Anna
  • SOUSA, Sara
  • STIEBER, Mara
  • THOMA, Carole
  • THOMA, Cléo
  • URBANY, Katia

Männerlëscht vun der nationaler Koordination (gewielt den 26.04.2026 vum Kongress)

  • ALIJAJ Feliz
  • BAUM, Marc
  • BILTGEN, Laurent
  • BURGGRAFF, Marc
  • DEMORANVILLE, Sean
  • DIDERICH, Gary
  • DONVEN, Emil Jean Fynn
  • LOMBARDI, Boris
  • MARQUES, André
  • MULLER, Ben (Co-Präsident NAKO)
  • REES, Thomas
  • SERTIC, Alain
  • SPADA, Gianluca
  • STROCK, Laurent
  • SULJIC, Alija
  • TEIXEIRA LOPES, Claudio
  • WAGNER, David

Koordinatiounsbüro (BUCO)

Dat alldeeglecht politescht Liewe vun déi Lénk gëtt vum Koordinatiounsbüro (BUCO) organiséiert a besteet aus maximal 9 Memberen aus der NAKO. Hei gi Woch fir Woch organisatoresch, finanziell an administrativ Froe gekläert an d’politesch Aktualitéit suivéiert a kommentéiert. De BUCO ass och de Chef vum Personal vum Mouvement vun déi Lénk. D’Personal begleet déi verschidde Gremien an hirer Aarbecht an hëlleft d’Decisiounen ëmzesetzen.

D’Membere vum Koordinatiounsbüro (gewielt den 05.05.2026 vun der Nationaler Koordinatioun)

  • ERPELDING Thessy (Trésorière)
  • GARMAN Maya
  • LEFÈVRE Elisabeth
  • MACARA Ema
  • THOMA Carole (Co-Spriecherin)
  • BURGGRAF Marc
  • MARQUES André (Co-Spriecher)
  • MULLER Ben
  • REES Tom
logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe