DEINE FRAGE: Wéi wier et mat e bëssi méi Gréng?

FRAGE:

Vor- und Nachnamen der Fragesteller werden anonymisiert.

Lénk as ganz gudd mengen ech, et feelt nemmen vleit e besn mei greng hehe:) Probeieren dem baurelechen Beruf mei en einfachen acces ze gin ech mengen et as do wou muss investeiert gin. Das en mir mei local iessen können. Barriere sin Mindestloun Baueren schaffen nemen ab 1 Mai bis… Winter keinten se jo an engm restaurant schaffen^^
Meng froh as waat haalt dir vun e besn mei greng? Mengt dir et wär net meiglech? Entschelegt fier dat schlecht Letzebuerg.

ANTWORT

Merci fir är wichteg Fro.
déi Lénk gesäit sech als eng Partei, déi dat Ökologescht mat soziale Froen verbënnt. Bei ville Punkten an Themen, déi als “gréng” Themen gëllen setzt sech déi Lénk z.B. fir den Déiereschutz, fir de Klimaschutz, géint Atomkraaft an fir ee besseren ëffentlechen Transport an. Eis Fuerderungen beinhalten awer ëmmer den Aspekt, dat een ökologeschen Wandel sozial gerecht si muss. e Beispill: Mir wëllen déi erneierbar Energien stäerken, dofir awer net Leit mat nidderege Akommen méi belaaschten mä de Wandel mat enger gerecht Steierpolitik duerch Belaaschtung vun Räichen an Konzerner finanzéieren.
Eis “greng” Positiounen fannt dir am Kapitel 4. vun eisem Wahlprogramm.
Do fannt dir ënnert anerem och eis Fuerderungen no méi regionalem Konsum an méi regionalem Marché. Doduerch dat Grond-Liewensmettel nees regional produzéiert ginn an eis fir eng méi héich Liewensqualitéit an ländlechen Regiounen asetzen (Duerch verbesserten ëffentlechen Transport, staarken lokalen Commerce an enger kommunal-verwaltener Grondversuergung) schafe mir d’Viraussetzung dat och nees méi Leit eng berufflech Zukunft an der Landwirtschaft gesinn. Zu der gudder berufflecher Zukunft gehéiert fir déi Lénk natierlech e Mindestloun dobäi, deen dofir suergt, dat een net trotz Job ënnert d’Armutsgrenz fält.
Mir hoffen Iech Är Froen beäntwert ze hunn.
bescht Gréiss

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe