Friddensinitiativ a.s.b.l. [FRAGE]

Antworten von déi Lénk auf Fragen der Friddensinitiative a.s.b.l.

Waat fir eng friddenspolitesch Akzenter soll Lëtzebuerg als net permanenten Member vum UN-Secherheetsroot setzen?

Lëtzebuerg muss am Secherheetsroot seng neutral Roll behalen. Als klengt Land gett Letzebuerg do net als nationalen, mee als europäeschen Vertrieder wouergeholl an stetzt an senger Arbecht och haaptsächlech op d’Hellef vun aaneren europäeschen Staaten, ouni awer selwer een Muecht-politeschten Usproch ze hunn.
Des ass eng gutt Ausgangspositioun fir eng neutral Vermettlerroll anzehuelen. Trotz enger Vermettlerroll können kloer Fuerderungen vertruede ginn:
D’UNO betreffend wieren daat z.B.: d’Stäerken vun der UN-Vollversammlung geigeniwwer vum Secherheetsroot, d’Demokratiseierung vun der UNO.

Brauche mir eng europäesch Militär- a Rüstungspolitik? Wa jo, firwat? Wa nee, firwat net?

déi Lénk fuerdert eng aner Aussen- an Secherheetspolitik vun der EU. Matt der Schaafung vun enger europäescher Verteidegungsagentur an dem Ophuelen vun enger Verpflichtung zur Oprüstung an d’europäesch Verfassung ass d’EU op dem falsche Wee an gett senger eegener Geschicht och net gerecht.
Sozial Punkten gehéieren aplaz vu militäreschen an de Mettelpunkt vun der EU-Aussepolitik. Och müssen op europäeschem Level Rüstungsexporter verbuede ginn. Aplaatz enger Verteidegungsagentur brauch d’EU eng Ofrüstungsagentur.
Europa däerf net matt dozou beidroen daat Konflikter eskaleieren, mee muss zu engem neutralen an friddensschafenden Vermettler an internationale Konflikter ginn.

Wat fir eng Analyse maat dir zum Syrien-Konflitk? Wat fir eng Meiglechkeeten gesidd Dier fir deen Konflikt ze leisen?

D’Ofkommes tescht Russland an den USA zu der Vernichtung zu den syreschen Chemiewaffen ass een gudden Ufank, d’Konflikparteien nees un den Verhandlungsdesch ze brengen. Doduerch ass eng dir fir eng politesch Leisung opgaangen. Lo gellt et diplomatesch Meiglechkeeten auszenotzen an op militaristesch Menacen ze verzichten.

Humanitär Katastrophe wou et geet oofdämmen
– Flüchtlingen Schutz bidden, Nopeschtlänner vu Syrien bei Eischt-Hellef ennerstetzen an den Transfer vu Flüchtlingen an Europa ofsecheren.
– Den Import vun konkret Hellefsgidder ubidden.
Enger militärescher Eskalatioun entgeintsteieren
– Geigeniwwer vun der NATO Protest geint all Form vun “Drohgebärden” aleeen. Den Chemiewaffen-Kompromess ass net als Reaktioun op befirstoend Militärinterventiounen, mee op d’Diplomateschen Success vum russeschen Ausseministere zestaankomm. Militärinterventiounen woren zu deem Zäitpunkt weinst dem Vote am briteschen Parlament blockeiert.
– Waffe-liwwerungen stoppen. Waffen dierfen weder un den Assad-Regime, nach un d’Rebellen geliwwert ginn. Et muss Drock op europäesch Länner gemeet ginn, dei Waffe liwweren.
Konkret Schretter fir de Konflikt z’entschärfen goen
– D’Areess vun Islamisten a Syrien verhenneren, Drock op d’Türkei maan.
– All diplomatesch Méiglechkeet ausnotzen, Ziel ass, all Konfliktparteien un een Desch ze kreien an eng Waffenrouh z’etableieren.
– No méiglechen Gespraichspartner och ennert de Verbündeten vum Assad-Regime, souwei ennert de Verbündeten vun de Rebellen sichen. Regional Völker net iwwergoen, mee matt an eng Konfliktleisung anbezeiehen (Kurden).
– Op aaner regional Krisen awierken, den Isreal-Palestina-Konflikt an d’Kris an Egypten suergen fir eng grouss zousätzlech Onrouh.

Soll Letzebuerg sech aus dem Afghanistan zreckzeihen? Wa jo, firwat? Wa nee, firwat net?

D’Positioun vun der letzebuergescher Regierung ass onduerchsichteg an wärend aner Länner iwwert hieren Asaz diskutéieren, gett zu Letzebuerg dax vergiess, daat eis Arméi un der ISAF-Missioun deelhellt. Des Missioun gouf nie a Fro gestallt, an och net medial thematiseiert, wat dozou gefouert huet, dat sech Letzebuerg zu deenen allerleschten militäreschen Kräften vun der NATO geheiert, dei nach am Land stationeiert si wäert. Souguer Daitschland ass matt hierem Ofzuch mei wait.
déi Lénk ass geint all Form vu Auslandsasaz vun der Arméi. All Letzebuerger Zaldoten missten direkt oofgezunn ginn an et misst eng Oparbechtung vun dem Asaz vu Letzebuerger Zaldoten am Ausland initieiert ginn.

Wat fir eng Roll soll an ären Aen d’letzebuerger Arméi iwerhuelen?

D‘Letzebuerger Arméi soll sech op technesch Déngschter spezialiséieren, am Sënn vun engem “technescht Hellefswierk” no daitschem Virbild.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe