D’Neijooschried vum David Wagner

-> D’Ried als PDF

Léiw Komerodinnen a Komeroden,

Léiw Frënn,

Et gehéiert dozou den Mënschen ronderem sech daat Bescht fir daat ugoend Joer ze wënschen an daat as och daat waat ech haut den Owend den Kameroden a Frënn hei am Sall, am Numm vun déi Lénk, well ausdrécken.

Ech wëll och speziell eis Wënsch un all déi riichten, déi sech am Alldaag dofir asetzen datt eis Gesellschaft solidaresch funktionéiert a déi sech dofir asetzen, zu Lëtzebuerg wéi op der ganzer Welt, datt d’Mënschheet weider a Richtung Fortschrëtt a Selbstbestëmmung geet.

Eng Neijooschusproch as u sech e komeschen Exercice.

U sech misst een sech daat alles all Daag wënschen. E Joer existéiert net ausser am Wouerhuelen vun de Leit. Mir schreiwen d’Joer 2015, d’Chinesen sin nach am Joer 4712, d’Judden am Joer 5775, d’Muslimen am Joer 1436 an d’Berber, déi duerchaus souwuel Muslimen, Judden, Chrëschten oder natierlech Atheisten kënne sin, sin e Méinden an d’Joer 2965 erakomm.

D’Zäit as eng Fro vu Standpunkt. E Kalenner as eng Fro vu Muecht. 2015 huet sech weltwäit duerchgesat. Mee je no Standpunkt oder Géigend huet d’Geschicht vun der Menschheet méi fréi oder méi spéit ugefaangen.

De Kampf fir Fortschrëtt an Emanzipatioun as e Kampf deen iwwerall gefouert gëtt, doranner gläichen sech d’Menschen, och wann se aner Sprochen, aner Reliounen an aner Zäitrechnungen hun.

Keen as den Zentrum vun der Welt – daat dierfe mir Europäer nie vergiessen.

Ech wëll hoffen datt mer net an en Zäitalter erarutschen, deen sech duerch wuessenden Armut, Réckstännegkeet oder Krich auszeechend. D’Wuelergoen vun de Mënschen heiheem hänkt zesummen mam Wuelergoen vun den Mënschen weltwäit.

D’Ermuerden vun onschëllege oder fir eng besser Gesellschaft kämpfend Mënschen, deen all Daag op der Welt zouschléit, sief et am Afghanistan, a Syrien, am Nigeria oder awer och am Honduras, hun d’läscht Woch och d’Haptstad vu Frankräich getraff.

12 Mënschen déi fir Charlie Hebdo gezeechent, geschriwwen, korrigéiert oder den Entretien gemaach hun, sin kaalbliddeg erschoss gin.

D’Enquêten wäerten eng Kéier, hoffe mer, prezis Auskunft iwwert dee Mord gin.

Mee eng Saach as sécher : dës Mënschen sin Opfer gin vun der weltwäit wuessender Onuerdnung, vum Openeenknallen vun diversen Muechtintressen.

Si hun sech géint eng Gesellschaftuerdnung agesat déi vun der herrschender Kast hei an Europa, vu de Multien, vun den Finanzmäert, vun der EU-Kommissioun, vun den 28. EU-Regierungen, mat der Peitsch duerchgesat gëtt.

Dee schéinste Cadeau deen mir hinne kenne maachen, as weider kämpfen, grad och géint déi, déi elo schon ufänken si ze récupéréiren.

Et kéint sin, datt elo gläich en neien politeschen Akt an der EU geschriwwe gëtt.

Den 25. Januar wäerten d’Griechen hir Vouli, also hirt Parlament, nei wielen. Wann een den Sondagen Glaawe schénkt, gesäit et dono aus datt eis Kameroden vun Syriza mat engem Resultat tëscht 32 an 36 % rechne kënnen.

D’Particularitéit vum griechesche Wahlmodus, deen u sech net ganz demokratesch as, gesäit vir datt déi Lëscht déi di meeschte Stëmme kritt automatesch e Bonus vun 50 Sëtz kritt.

Bei engem Total vun 300 Sëtz kann daat op eng absolut Majoritéit féieren. Mee och ouni absolut Majoritéit, misst Syriza mat engem klengen Koalitiounspartner régéiere kënnen.

Et as awer nach net geschitt. Mir mussen bis den Wahlowend waarden.

Wann eis Hoffnung datt d’Syriza d’Regierung stelle kann sech awer erfëllt, da fänkt de Kampf eréischt un.

Den Usproch dee Syriza erhiewt as net nëmmen eng « méi sozial » Verwaltung vun liberalen, voire kapitalitschen Verhältnesser.

Gewësse Stëmmen maachen Angscht viru Syriza, nennen se  « Lénkspopulisten ». Maachen de Leit Angscht an ignoréieren dobäi wien Griechenland un de Rand vum Ruin gedriwwen huet.

Et gin awer och aner Stëmmen : déi di beschwichtegen, déi soen, maacht iech keng Suergen, Syriza daat si braver, déi wäerten just e besse méi sozial korrigéieren.

Ech weess net ob dës Stëmmen gudd gemengt sin, mee si leien niewt der Plaque.

Déi Zäiten, wou just e bessen korrigéiert gëtt, musse Vergangenheet sin. Daat as eisen europawäite Projet.

An de Succès vu Syriza beweist, datt et méiglech as, datt et politesch drobar as, en politesch an ökonomëschen Broch anzeleeden.

D’Finanzmäert mussen eppes verstoen : d’Schold wäert esou oder esou niemols beglach gin. Daat schon nëmmen well et onméiglech as, dës Schold ze begläichen.

Well waat bedeit dës Schold a Wierklechkeet ? Wouhir kënnt dës Schold ?

Firwaat gëtt net reegelméisseg rappeléiert datt déi Europäesch Zentralbank engem Staat kee Geld léine kann ?

Waat mécht e Staat ? E muss bei Privatbanken sech verscholden. Dës Privatbanken, déi kréie Geld vun der Zentralbank, also eist Geld. Dëst Geld geet weider un de Staat, awer, business is business, mat engem solitten Zënssaaz. An deen Zënssaaz, dee klëmmt en fonction vun der Note déi Ratingsagenturen liwweren. Dir kennt jo déi nei helleg Dräifaltegkeet : den Tripple A.

Et gëtt och ëmmer vergiess ze soen datt dës Agenturen de Banke selwer gehéieren. Also wann d’Note dégradéiert gëtt, well e Staat seng sozial Hëllefen zum Beispill net genuch ofgebaut huet, well hinnen de Mindestloun ze héich as, well net genuch privatiséiert gouf, dann gëtt d’Note dégradéiert, an den Zënnssaaz geet an d’Luucht. An daat muss de Staat begläichen. An dohinner geet d’Geld vun den sougenannten Hëllefspäck hin : am Bezuelen vun den Zënsen.

Net ze vergiessen : dës Hëllefspäck, di hu Conditiounen. Déi kritt e Staat, zum Beispill Griechenland, just wann se hire Sozialstaat weider ofbauen.

D’Resultat : d’Leit hu nach manner. An da klëmmt d’Privatschold, déi vun de Leit, déi vun Kleng- a Mëttelbetrieber. A wann se Geld kréien vun enger Privatbank, dann, business is business, mat engem solitten Zënssaaz.

Dës Hëllefspäck fidderen d’Banken, a loossen d’Leit aushéngeren.

Dofir muss de Leit hei zu Lëtzebuerg kloer gemaach gin : mat äere Suen kréien net d’Griechen gehollef, mee d’Banken. An déi maachen d’Grieche futti, maachen d’Spuenier futti, maachen d’Portugiese futti, maachen d’Italiener futti, maachen d’Belsch futti, an hu schon ugefangen – an dorobber kommen ech zréck – maachen d’Lëtzebuerger futti.

E Wahlsieg vu Syriza bedeit awer den Ufank vun der europäescher Resistenz géint d’Diktatur vun den Finanzmäert.

Dofir as et wichteg datt all fortschrëttlech Kraaft, net nëmmen a Griechenland, mee och a ganz Europa, an och hei zu Lëtzebuerg, dës Regierung, wann se zoustane kënnt, an hirem Wëllen zum Broch mam dësem Systeem, ze ënnerstetzen.

Daat gëllt och, an daat soen ech ganz kloer : daat gëllt och fir eis sozialistesch a sozialdemokratesch Kollegen. Wann dir lénk sidd, wann dir op der Säit vum Vollék sidd, da freet iech doriwwer datt Syriza d’Steier emdréine kann ! Freet iech datt Vollek rëm souverän ka gin, amplaz de Fric.

Dir däerft keng Angscht hun !

Sidd dir es och net midd Wasserträger vun de Finanzmäert ze spillen ? Sidd dir es och net midd permanent, zu Recht, virgeworf ze kréien, dir wiert net méi op der Säit vun de normale Leit ?

Dir kënnt et rëm gudd maachen iert et ze spéit as.

A Griechenland steet villes um Spill : net just daat blankt materiellt Iwwerliewen vun de Leit.

Mir wëssen an Europa zevill gudd, an d’Geschicht huet et scho bewisen, datt d’Faschisten de läschte Recours sin fir d’Intressen vum Grousskapital ze verteidegen. A si sin net esou brav wéi mir : si brauchen net onbedéngt Wahlen fir ze régéieren.

Fir et an engem Saaz ze soen : Syriza ënnerstëtzen, daat as och Antifaschismus.

Den Här Juncker wollt e bekanntent Gesiicht un der Spëtzt vum griechesche Staat hun. Ma daat Gesiicht war de Griechen anscheinend zevill bekannt.

All déi bekannte Gesiichter vun der europäescher Nomenklatura, déi wëllt kee Mënsch méi gesin.

Säi griechesche Kolleg, den Nach-Premier Samaras, deem säi Gesiicht as de Griechen och bekannt.

Dofir kann een domadder rechnen datt en den 25. Januar a Pensioun geschéckt gëtt.

De Premier vu Spuenien, de Mariano Rajoy, deem säi Gesiicht as de Spuenier och bekannt. Dofir wäert hien och mat grousser Wahrscheinlecht dëst Joer vun de Spuenier a Pensioun geschéckt gin.

Ech hu lo vill vu Griechenland geschwaat well et eis och wichteg as dorobber opmierksam ze maachen datt d’Land vun den Helleenen net daat eenzegt as waat no drun as de Broch mat der aktueller Logik duerchzeféieren.

Spuenien revoltéiert géint déi aal bekannten, korrupten Gesiichter déi d’Land de Finanzmäert opopfert.

Loosse mer hoffen datt d’Spuenier bei de Wahlen dëst Joer deenen reaktionären Kräften eng ugemoossen Aentwert gin.

Eis Komeroden vun Izquierda Unida kruten en neien Partner an hirem Kampf. Aus den Manifestatiounen vun der Puerta del Sol as eng nei Partei enstanen, Podemos.

Izquierda Unida kenne mer gudd, dës Beweejung gëllt zu den Pionnéier an der europäescher Lénker am Versuch en neien lénken heterogene Subjekt ze grënnen.

Podemos kenne mer manner gudd. Dës Beweejung sprengt déi traditionnell Approche vu lénker Politik, souwuel an der Symbolik wéi och an der Rhetorik an deelweis och an der Organisatiounsform. Podemos entspréngt den Manifestatiounen vun der Puerta del Sol, vill vun hiren Kaderen vun Erfahrungen a Latäinamerika gesammelt, ënnert anerem als Beroder vun lénke Regierungen.

Et as sënnlos Experimenter aus dem Ausland wëllen ze kopéieren, well all Land seng Geschicht huet, seng eege Referenzen, positiver oder negativer, seng eegen Art a Weis.

Mee trotzdeem soll een ëmmer mat Suergfalt daat verfollegen waat Kameroden an aner Länner versichen. Wa lénk Beweejungen an Europa am aktuellen Kontext et fäerdegbréngen Millioune Leit ze vereenen, dann as et net anekdotesch, dann gouf e Nerv getraff.

Dofir wäerte mir mat Spannung dëst Joer och op Spuenien kucken. No Griechenland  kéint Spuenien, een vun den groussen EU-Länner, den zweeten an nach gréisseren Hoffnungsschimmer duerstellen.

A mir däerfen och net deen méi nördlechen Hoffnungsschimmer an Irland vergiessen, wou zur Zäit eis Komeroden vum Sinn Fein an de Sondagen d’Nues vir hun.

A wa mer schon an der Géigend sin, wollte mer och eise Frënn vum Scottish Socialist Party félicitéieren fir hiren Asaz fir e selbstbestëmmt, demokratescht a sozialt Schottland.

Wann et bis esou wäit as, dann wäert et och méi schwéier gin fir all déi, déi Millioune Gelder mam légaliséierten Banditismus a Form vum Steierhannerzéiungen a Milliounen, jo Milliardehéichten bedreiwen.

Well daat as och en Aspekt vun der Europäescher Unioun : mir driwten ëmmer méi an enger Gesellschaft wou déi di hun alles behalen a souguer dobai kréien an déi di wéineg oder e bessen hun fir d’Allgemengheet opkommen mussen.

Mir dirigéieren eis ëmmer méi a Richtung Ancien Régime, wou d’Noblesse vun de Steieren befreit war awer net de Bauer oder den Händler.

Daat huet schlussendlech zu enger Revolutioun gefouert.

Steierhannerzéiung as en europäeschen, jo, weltwäiten Probleem. An et as och e lëtzebuergeschen Probleem.

Ech mengen, datt mer als Lénk mat Stolz behapte kënnen datt mer déi eenzeg Chambersfraktioun sin, déi de Courage hat an huet dee Probleem offensiv unzegoen an souguer déi méi spezifesch Fro vun den Rulings, nach virun LuxLeaks unzegoen.

Ech soe Courage well entgéint deem waat viller mengen, as et méi kamoud dee Systeem ze verteidegen, nom Motto vun der sakro-sankter patriotescher Allianz, wéi deen a Fro ze stellen.

Mee entgéint deem waat viller mengen sin d’Rulings an aner Steierhannerzéiungsnischen och Gëft fir Lëtzebuerg.

Et gëtt keng lëtzebuerger Finanzplaz, mee et gëtt eng Finanzplaz zu Lëtzebuerg. Eng steierlech paradisesch Insel net fir den normale Bierger, den normalen Salarié, den normalen Indépendant, den normalen Commerçant, mee eng paradisesch Steierinsel fir den Big business.

D’Verteideger vun deem Systeem hei zu Lëtzebuerg argumentéiere nom Motto datt et esou Nischen weltwäit gëtt.

Am Kapitalismus muss d’Kapital ëmmer nei Méiglechkeeten vun Profitmaximéierung fannen.

Nodeems am 19. Jorhonnert d’Intressen vun Industrie- Finanzkapital zesummegeschmollt sin an duerch d’Iwwerproduktioun d’Präisser an esou Profitmargen erofgaange sin, as no neien Méiglechkeete gesicht gin fir d’Iwwerproduktioun opzefänken.

Esou huet d’Aera vum modernen Kolonialismus ugefangen.

Grouss Betrieber, fir net ze soen global oder kontinental Betrieber brauchen Territoiren déi hinnen et erméiglechen sech weiderhin ze beräicheren.

Et kann dann esou wäit goen datt esouguer Groussbetrieber direkt an der Politik vun engem Land matmëschen fir net ze soen d’Politik bestëmmen, op d’mannst an den fundamentalen Froen wéi d’Wirtschafts- oder d’Sozialpolitik.

Am fréien 20. Jorhonnert huet d’United Fruits Company d’politesch Agenda an zentralamerikaneschen Länner wéi den Honduras oder den Guatemala bestëmmt. Fir d’Intressen vun der Bananenindustrie déi Richtung USA exportéiert huet, gouf dann och net viru Militärdiktaturen geschreckt. Dohir kennt och den Ausdrock « Banannerepublik ».

Bon, Lëtzebuerg as keng Banannrepublik. Mir si weder eng Republik – obwuel mir daat jo fuederen – nach si mer extra bekannt fir eis Bananneproduktioun.

Mee wann een héiert datt den Vizepremier Etienne Schneider d’ABBL als « Premier conseiller de gouvernement » bezeechent oder den Premierminister Xavier Bettel seet datt, wann hien net weider wéisst, da wier hie frou dem Alain Kinsch, den CEO vun EY, kennen unzeruffen, dann versteet een wien hei zu Lëtzebuerg d’Soen huet.

Mir wäerten dofir och deemnächst op den Accord tëscht der Regierung an dem Patronat zréckkommen. Mee wa mer schon gesin datt soll un den qualifizéierten Mindestloun soll gefréckelt gin, am Kontext wou d’Botzfraen dofir kämpfen – deene mir eis vollstänneg Ennerstetzung erëm matdeelen wëllen – dann sollen Regierung a Grousspatronat sech op Widderstand astellen.

Den Gabriel Zucman bezeechent Lëtzebuerg als « Kolonie vun der Finanzindustrie ». Daat as exakt, wann een den Terme Kolonie versteet als en Territoire den dozou déngt Intressen ze déngen déi net déi sin vun der residenter Populatioun.

Am Ufank vum Jordausend louch den Chômagetaux bei knapps 2 %. Elo läit en bei 7,4 oder méi je no Rechnungsmethod, also op jidfer Fall an der europäescher Moyenne.

Den Mindestloun läit zwar nominell méi héich wéi bei eisen Nopeschlänner, mee as reell méi déif – jo, e läit ënnert der Armutsgrenz.

Daat huet mat den héigen Liewenskäschten hei zu Lëtzebuerg zed in, wourënner d’Logementskäschten net déi niddregst sin.

Wéivill Lëtzebuerger hun sech an de läschten Joeren gezwonge gesin d’Land ze verloossen fir op déi aner Säit vun der Grenz eng abordabel Wunneng ze fannen ?

Engersäits verhennert den Fiskaldumping d’Entstoen vun Arbechtsplazen déi aner Säit vun der Grenz an mécht Belsch, Déitscher a Fransousen zu Frontaliers’en, anerersäits mécht den Sozialdumping hei d’Lëtzebuerger zu souzesoen emgedréinten Frontaliers’en.

Mir sin esouwäit komm datt esouguer en Staatsfonktionär an der Carrière Moyenne nach just mat Ach und Krach e Bankeprêt fir eng Wunneng kréie kann.

A wéi kann et sin datt elo baal all 2. Jonken mat engem Kuerzzäitvertrag iwwert d’Ronne komme kann ?

Ech wëll elo net op all eenzel wuessend sozial Ongerechtegkeet agoen, mir kennen se all.

Mee et soll een sech d’Fro stellen wou all di Milliarden higin wann Lëtzebuerg mol net méi kapabel as Grondbedürfnesser vun engem wuessenden Deel vu senger Populatioun erfëlle kann.

Déiselwecht déi Rulings oder aner Nischen verteidegen, déi bis an den Staatsapparat eran Gesetzestexter virbereeden, daat sin déiselwecht déi dem normale Bierger virwerfen iwwert seng Verhältnesser ze liewen.

An déi de ganzen Daag vun enger Staatsschold schwätzen vun däer se selwer, wéi mer vridrun gesin hun, profitéieren.

Lëtzebuerg as wuel a glécklerweis nach net an der selwechter Situatioun wéi Griechenland.

Mee déiselwecht Logik gëtt hei ugewand.

Den 5. Spuerpak, deen d’Regierung « Zukunftspak » nennt, as eng soft Variant, eng den lëtzebuerger Verhältnesser entspriechend Variant vun der Emverdeelung vun ënnen no uewen.

Steieren op héije Revenu’en oder op Kapital wier jo Gëft fir d’Wirtschaft seet den Här Bettel.

Waat awer Gëft fir d’Wirtschaft as, daat as net deenen ze huelen déi souwisou zevill hun fir et kënnen auszegin wéi deenen ze huelen déi bal alles ausgin waat se verdéngen.

Wa lues a lues d’Kafkraaft schmëlzt – quitte datt een misst op d’Fro vun der Croissance, respektiv Décroissance stellen an op eisen Konsummodell agoen, mee daat maachen ech elo net – wann d’Kaafkraaft also ewechschmëlzt, lues a lues, duerch eng nei Steier vun 0,5 % hei, duerch eng Erhéijung vun der TVA do, duerch d’Verschwannen vun däer enger oder anerer Hëllef, stagnéierend Léin bei wuessenden Profiter, jo dann keeft den normale Bierger seng Schung léiwer an enger Bellegketten fir 30 Euro, amplaz an engem Traditiouns- a Qualitéitsbetrieb deen noutgedrongen 50 % méi deier as.

Lëtzebuerg as nach net an eng Scholdecrise, mee d’Emsetze vun deem Spuerpak a vu weideren Mesüren déi eis nach net bekannt sin, wäert d’Scholdecrise verschäerfen.

D’Regierung huet dësen Däiwelskreess ugekuerbelt.

Glécklecherweis hun d’Gewerkschaften duerch hir Mobiliséierung daat Schlëmmsten kënnen verhënneren. Mir wollten och den OGBL félicitéieren fir seng ganz gudd gelongen Brochüre déi un all Haushalt geschéckt gouf.

Mee mir sin eis all hei bewosst, an d’Gewerkschaften zemools, datt et net bei dëser Attack wäert bleiwen. An d’Salariëen solle wëssen datt déi Lénk ëmmer op hirer Säit an déi vun hiren Organisatiounen kämpfe wäerten.

D’Antisozialpolitik vun der Koalitioun däerf awer net ze vergiesse gin datt d’CSV, wéi e Wollef am Schofspelz, drop lauert fir de Staat, deen dës Partei als seng eege Propriétéit ugesäit, sou schnell wéi méiglech erëm iwwerhuele wëllt.

Och wann DP-LSAP-Gréng am Sënn vun der Finanzoligarchie handelt, an zwar op eng oppen an onkomplexéiert Art a Weis, huet d’CSV iwwer Joerzéngt soss näischt gemaach.

An elo, wou an e puer Méint e Referendum ofgehale gëtt, instrumentaliséiert d’CSV deen fir hir eegen Zwecker.

Mir hun eis eege Virschléi gemaach, mir schaffe souguer selwer un enger Verfassungspropos.

Mir hätte gäere gehat datt d’Bevölkerung nach aner Froen iwwer Referendum gestallt krut hätt : zum Beispill iwwert d’Monarchie oder den sozialen an ökologeschen Charakter vum Staat.

Daat wollten déi aner Parteien net.

Zu de 4 Froen wäerte mir trotzdeem 4 mol Jo soen, well mer der Meenung sin, och wann et net duer geet, datt wann déi 4 Froen mat Jo beäntwert gin, Demokratie zu Lëtzebuerg wäert gestäerkt gin.

Daat gëllt zemools fir déi kruzial Fro fir d’Wahlrecht fir jiddereen, also och déi, déi kee lëtzebuerger Pass hun.

Auslännerwahlrecht as och Arbechterwahlrecht. E Land, wou e groussen Deel vu senger Arbechterschaft kee Wahlrecht huet, deem geet et op Dauer net gudd.

Dofir as et am Intressi vu jidderengem deen zum Räichtum vum Land bäidréit, op Lëtzebuerger oder net, datt och jiddereen deen hei liewt matbestëmme kann wien hei d’Gesetzer matbestëmmt.

Als läscht nach e klengt Augenzwinken a Richtung Palästina : wann d’Chamber beschloss huet Palästina unzeerkennen, dann huet daat mat der Initiativ vun déi Lénk ze din an dorobber däerfe mer stolz sin.

Waat een alles mat 2 Députéierter hikréie kann. Stellt iech mol vir et gin der méi !

Ech soen iech merci.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe