Während d’lëtzebuerger Bevëlkerung ënnert de Mesure vum Spuerpak an enger méi héijer TVA ze leiden huet, versicht d’Regierung en Donneschden nei Cadeaue fir d’Multinationalen duerch d’Parlament ze joen. Dobäi antizipéiert se net nëmmen Deeler vun der Steierreform a mécht nei Steiernischen op, mä beweist och e problematesch Verhältnis zur Demokratie.
Net manner wéi 9 Gesetzer sollen den Donneschden ofgestëmmt ginn, wat et schonn alleng aus Zäitgrënn onméiglech mécht, zu all Projet eng fundéiert Debatt ze féieren. Dorënner befannen sech komplizéiert Dossieren iwwert d’Steierpolitik, déi an der zoustänneger Kommissioun nëmmen iwwerflächlech behandelt goufen, a wou d’Regierung eng Rei Mesuren integréiert huet, déi se bis elo nach néirens ugekënnegt huet.
Äppel a Biren
Problematesch ass fir déi Lénk virun allem de Projet 6847. Dobäi geet et an éischter Linn ëm déi obligatoresch Transpositioun vun zwou EU-Direktive géint d’Steierhannerzéiung vun Entreprisen – also u sech eng positiv Saach. Agebaut goufen hei awer véier Mesuren, déi genau an déi entgéint gesate Richtung ginn, nämlech nei Steiernischen hei zu Lëtzebuerg opmaachen. Eng Vermëschung vun Äppel a Biren, déi et fir den eenzelnen Deputéierte schwéier mécht, sech géigeniwwer vun deem Projet de loi eendeiteg ze positionéieren.
Déi éischt vun dëse Mesure betrëfft de secteur maritime. Wéi gewosst zitt Lëtzebuerg mat enger gezielter Steierpolitik grouss Reedereien an d’Land, déi zwar keng Ubannung zur lëtzebuerger Wirtschaft hunn, onst Land awer kënschtlech zu enger Schëfffahrtsnatioun maachen. Bis elo war et ausgeschloss, datt fir Investitiounen an esou Schëffer konnt eng Steierbonifikatioun ugefrot ginn a genau dat soll elo méiglech gemaach ginn. Dovunner ofgesinn, datt d’Regierung de budgetären Impakt vun dëser Mesure néirens chiffréiert, erweidert se domadder eng Nischepolitik, déi am Moment international an der Kritik steet.
Déi zweet Mesure betrëfft déi sougenannten „intégration fiscale horizontale“, eng technesch Dispositioun, déi de Multinationalen nei Méiglechkeeten op mécht, fir hir Steieren ze optimiséieren. D’Regierung berifft sech dobäi zwar op en Urteel vum Europäesche Geriichtshaff, dat dës Mesure géif noutwendeg maachen, mä d’Chambre des fonctionnaires et des employés publics huet Bedenken un dëser Duerstellung. An hirem Avis seet se dozou: „La CJUE ne considère que le droit actuellement en vigueur, mais en fait ses jugements sont en contradiction avec les nouvelles tendances de la politique fiscale européenne qui vont en direction d’une base imposable élargie“. Am Kloertext: Dës Politik kéint demnächst erëm vun der Europäescher Unioun ugegraff ginn.
Déi drëtt Mesure betrëfft de „sursis de paiement pour l’impôt“, dee Sociétéite kënnen ufroen, déi Aktiva vu Lëtzebuerg an en anert Land transferéieren. Dëse Sursis huet bis elo just fir Transferten an e Land vum Europäesche Wirtschaftsraum gegollt, soll awer elo erweidert ginn op all d’Länner, mat deene Lëtzebuerg e Besteierungsofkommes huet. Och dës steierpolitesch Mesure huet e Käschtepunkt fir de lëtzebuerger Budget, deen néirens chiffréiert ass.
Déi véiert Mesure betrëfft d’Steierbonifikatiounen, vun deenen Entreprise kënne profitéieren, wann se Chômeuren nei astellen. Déi sollen elo bis den 31. Dezember 2016 verlängert ginn. Och wann den Objektiv vun dëser Mesure ze begréissen ass, sou hätt op mannst missten evaluéiert ginn, ob se iwwerhaapt efficace ass oder ob et sech net einfach ëm e verstoppte Subside fir d’Entreprisen handelt ouni reellen Impakt op den Aarbechtsmaart.
Dëse Gesetzprojet enthält also reell Entlaaschtunge fir d’Entreprisen a verdéift aktuell Steiernischen, fir déi Lëtzebuerg international um Pranger steet. An dat ouni, datt et zu enger wierklecher Diskussioun dozou kënnt. D’Chambre des salariés kommentéiert de Projet de loi 6847 an hirem Avis dann och folgendermoossen: „Notre chambre note que ces modifications à la législation fiscale sont introduites à l’heure où le débat public relatif à la réforme fiscale vient de commencer. Or, elle ne saurait être d’accord avec une politique qui accorderait, déjà à l’heure actuelle, des avantages supplémentaires aux entreprises, et surtout à celles, qui, en raison de leur puissance économique et financière, peuvent se permettre d’utiliser tous les canaux d’optimisation fiscale, et qui priverait au moment de la réforme fiscale les contribuables à revenus faibles et moyens d’un allégement de leur charge fiscale.“
A nach e puer Cadeauen
Domadder awer net genuch. Ebenfalls en Donneschden soll de Projet de loi 6891 votéiert ginn, deen ähnlech Repercussiounen huet. Hei geet et an éischter Linn drëms, eng non-conformité vun der lëtzebuerger Steiergesetzgebung mat enger europäescher Direktiven opzehiewen. Dat gëtt erreecht andeems verschidden Dispositioune vun engem Gesetz an dat anert iwwerholl ginn a soll laut Regierung keng Auswierkungen op d’Recetten hunn.
Dat selwecht Gesetz gëtt awer benotzt, fir den impôt sur la fortune fir ganz grouss Entreprisen iwwer 500 Millioune vu bis ewell 0,5% op 0,05% erof ze setzen. Och wann et zu Lëtzebuerg net vill Firmen an där Gréisst gëtt an sech den Impakt op de Budget dofir wäert a Grenzen halen, gëtt d’Regierung domadder e politescht Signal an déi falsch Richtung. De Verdacht drängt sech op, datt hei eng moosgeschneidert Gesetzesännerung fir ganz bestëmmten Akteure soll ëmgesat ginn: och ganz räich Famillen verstoppen hire Besëtz an hir Profiter an esou Entreprisen.
Donieft enthält de Gesetzesprojet 6891 och nach Mesuren, fir Superräicher an d’Land ze zéien. Et soll nämlech e sougenannte „step-up“ agefouert ginn. Domadder verzicht Lëtzebuerg dorobber, d’Plus-value ze besteieren, déi Superräicher beim Verkaf vun Titren an engem anere Land gemaach hunn, är datt se op Lëtzebuerg kommen: Souzesoen e „cadeau de bienvenue“ fir räich Steierflüchtlingen. Och dës Mesure huet Auswierkungen op de Staatsbudget, déi awer néirens ageschat ginn.
E problematesch Verhältnis zur demokratëscher Debatt
Fir déi Lénk sinn dës zwee Gesetzprojete scho wéinst hirem Contenu inakzeptabel, well hei virun der Steierreform scho Cadeauen un bestëmmte Entreprise verdeelt ginn, fir déi de normale Steierzueler duerno erëm muss riicht stoen. Donieft gi Steiernischen erweidert, déi Lëtzebuerg fréier oder spéider erëm un de Pranger bréngen an déi doriwwer eraus och nach moralesch héchst bedenklech sinn.
Problematesch ass awer doriwwer eraus, datt hei schwéier liesbar Gesetzestexter an der Chamber deposéiert ginn, an déi kontrovers Mesuren agebaut ginn, déi näischt mateneen ze dinn hunn, datt déi Gesetzestexter an der zoustänneger Kommissioun nëmmen iwwerflächlech behandelt ginn an datt se mat enger Dosen aner Gesetzestexter um leschte Sitzungsdag vum Joer, e puer Deeg nodeems iwwerhaapt d’Rapporte vun deene Projeten zougänglech sinn, sollen duerch d’Parlament gejot ginn. Dat weist, datt d’Regierung net un enger ëffentlecher Diskussioun iwwert hir Steierpolitik interesséiert ass an datt d’Chamber & d‘Bierger sollen méiglechst am Onklore gehal ginn, iwwer dat wat dann do schlussendlech ofstëmmt gëtt.