Lëtzebuerg dat deierste Land an der EU: Wunnengskris endlech ugoen!

De 24. August huet Eurostat nei Zuelen eraus ginn, déi weisen, datt Lëtzebuerg mat Dänemark zesummen dat deierste Land an der EU ass. Betraff ass dovunner jiddwereen hei am Land, besonnesch awer déi Mënsche mat klenge Paien. Haaptursaach ass wéineg iwwerraschend de Logements-Problem, deen endlech muss konsequent ugepak ginn.

Laut Eurostat leien d’Präisser hei am Land 41 Prozent iwwert dem EU-Duerchschnëtt (2017). D’Entwécklung no uewen ass vill méi rapid wéi am Rescht vun der EU: waren et 2007 nach +20,9%, sou loung dee Prozentsaz 2012 scho bei +35,1. Ënnert dem EU-Duerchschnëtt leit Lëtzebuerg just an de Kategorien „Transport“ an „Alkohol an Tubak“.

Besonneg héich ass natierlech den Ënnerscheed beim Wunnen. An dëser Kategorie leit de Präisniveau hei zu Lëtzebuerg 63% iwwert dem EU-Duerchschnëtt. Dat kréie virun allem déi Stéit ze spieren, déi e niddrege Revenu hunn. Wann d’Wunnen ëmmer méi deier a gläichzäiteg de Mindestloun net ugepasst gëtt, rutschen automatesch ëmmer méi Leit an d’Aarmut.

Bei ronn 16% leit mëttlerweil de Prozentsaz vu Mënschen hei am Land, déi ënnert der Aarmutsgrenz liewe mussen. Dat ass eng Situatioun, déi ee net kann akzeptéieren an déi 2 ganz drénglech Moossnahme verlaangt: de Mindestloun muss däitlech erop gesat ginn an d’Präisser um Logements-Maart mussen endlech stabiliséiert ginn duerch massiven ëffentleche Wunnengsbauprogramm!

Hei fannt dir eng interaktiv Graphik vun Eurostat an déi komplett Zuelen.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe