Fonds du Logement: 2% vum Bauterrain an 133 Wunnengen d’Joer. Dat muss méi ginn!

An der Aktualitéitsstonn iwwer de Fonds du Logement huet den David Wagner de Fanger an d’Wonn geluecht: Nëmmen 2% vum verfügbare Bauterrain zu Lëtzebuerg gehéiert dem Fonds du Logement, nëmmen 10% gehéiere Staat, Gemengen an engem vun den zwee ëffentleche Promoteuren, SNHBM (2%) a Fonds du Logement (2%). De ganze Rescht gehéiert Privaten, wouvunner de Gros am Besëtz vun enger ganz klenger Minoritéit vu Groussgrondbesëtzer a vun décke Promoteuren an hire spekulative Fongen ass.

D’Kontroll déi sou vun Immobilienspekulanten iwwer de Bauterrain an d’Präisser ausgeüübt gëtt, verhënnert, dass genuch gënschteg Wunnenge gebaut kënne ginn.

De Fonds du Logement huet d’lescht Joer nëmmen 133 Wunnengen op de Marché bruecht. Wann ee bedenkt, dass all Joer minimum 6.500 Wunnenge gebraucht ginn, mee der just 3000-3500 gebaut ginn, gëtt engem séier kloer, dass dat net duergeet.

Iwwer 2.000 Leit sti beim Fonds du Logement op der Waardelëscht. D’Leit melle sech net fir näischt fir eng Wunneng vum Fonds du Logement ze kréien. Och wann déi mannst wahrscheinlech op der Strooss sëtzen, sou sinn déi meescht awer schlecht logéiert. Et si Jonker, déi net doheem erauskommen, et sinn oft Fraen, déi no enger Trennung vum Partner keng gëeegent Wunneng fannen an net op d’Féiss kommen, et si Refugié’en, déi aus de Centres d’accueil erauswëllen a – mussen, et si Leit, déi schaffe ginn a Geld verdéngen, mee net genuch, fir eng Wunneng kënnen ze lounen.

D’Wunnengsnout mat all hire Manifestatiounen, vum perséinleche Schicksal bis hin zu der Entwécklung vun eise Quartier’en, Dierfer a Stied ass op een zentrale Problem zréckzeféieren: d’Präisser an d’Disponibilitéit vun den Terrain’en.

Fir dëse Problem unzegoen, muss d’Regierung déi néideg Mesuren ergräifen, vum Virkafsrecht iwwer d’Besteierung bis hin zur Expropriatioun vu Groussgrondbesëtzer. déi Lénk géifen sou eng Politik ënnerstëtzen.

 

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe