De politesche Stamminee – KONTERBONT

Wéi steet Är Partei zu enger einfach Majoritéit bei Ofstëmmungen iwwer Stéierfroen an Europa?

déi Lénk hunn sech an hirem Programm fir d’Europawalen derfir ausgeschwat, den Unanimitéitsprinzip am Ministerrot bei der Steierpolitik falen ze loossen. Dat giff och dem Europaparlament méi Rechter ginn. Generell si mer der Meenung dass déi Steierkonkurrenz déi sech d’Memberstaate liwwere fir mat niddreger Besteierung grouss Kapitalgruppe wéi z.B. d’GAFA (Google, Amazon, Facebook, Apple) oder Ultraräicher unzezéien extrem schiedlech ass. An zwar fir d’Steiergläichheet an domat d’Steiergerechtegkeet an den eenzele Länner an tëschent de Länner. Och wann se eis oft net wäit genuch ginn, hu mer ëmmer Propositiounen a Richtung vun enger méi gerechter Steierpolitik ënnerstëtzt. Esou wëlle mer an Europa eng méi transparent Steierpolitik, eng gemeinsam minimal Betribsbesteierung, eng Finanztransaktiounssteier. Mer wëlle géint Steierevasioun a Steieroptiméirung virgoen. Mer wëllen den europäesche Budget erop setze fir och endlech eng ambitiéis europäesch Ëmwelt- a Klimapolitik an d’Weeër kënnen ze leeden. Leider setzen déi aner Parteien zu Lëtzebuerg nach ëmmer op eng Politik vun der nationaler Ofgrenzung a vun der Favoriséierung vun de Profitter a vum grousse Kapital.

EU ass zu engem gewësse Moment vill a schnell gewuess. Och iwwer Tierkei als Bäitrëttsland ass vill diskutéiert ginn. Sidd Dir der Meenung, datt Tierkei enges Dages an d’EU bäitriede soll a falls jo, ënner wat fir enge Bedéngungen?

D’Tierkei ass e Land mat europäesche Wuerzelen a mécht d’Bréck zum Noen Osten. Si ass zënter 1999 unerkannte Kandidatin fir an d’europäesch Unioun. Et gëtt dogéint identitär Widderstänn op der rietser an extrem rietser Säit an der EU déi virun allem mat der Relioun begrënnt ginn. Déi Grënn leene mer decidéiert of. Et gëtt awer och Bedenken déi mat der momentaner politescher Situatioun an der Tierkei ze dinn hunn: Aschränkung vun de politesche Rechter, Ënnerdréckung vun de Kurden, Pläng zur Erëmaféierung vun der Doudesstrof. Déi Bedenke mussen aus dem Wee geraumt ginn ir d’Tierkei ka bäitrieden. Mer ënnerstëtzen awer och d’Oppositioun an der Tierkei déi d’EU derzou opfuerdert, d’Verhandlunge net definitiv ofzebriechen, well en Ofbroch vun de Verhandlungen giff d’Spill maache vun den identitär reliéise Kräften a vum Erdogan.

De ganzen Zodi em de Brexit, huet Tatsaach opgedeckt, datt et keng kloer Prozedur gëtt, wann e Land aus der EU austriede wëll. Muss d’EU sech, Ärer Meenung no, esou séier wéi Méiglech esou Prozedure ginn? Muss d’EU sech net och kloer Kriterien a Prozedure ginn fir e Land aus der EU auszeschléissen, wann et sech guer net méi un de Wäerter vun der EU orientéiert?

Mer mengen net dass déi Diskussiounen iwwer den Austrëtt vu Groussbritannien aus der EU Zodi sinn. Et geet hei em d’Intresse vun de schaffende Leit an engem vun deene wichtegste Länner an Europa. De Referendum vun 2016 war leider dominéiert vu rietsen, friemefeindlechen Tendenzen. Mee en hat och als Ënnerlag d’Onfäegkeet vun der EU a vun der proeuropäescher politescher a wirtschaftlecher Klass a Groussbritannie selwer, d’Intresse vun deene « Ville géint déi Wéineg » ze vertrieden. D’Labour-Partei ass beim Referendum fir de Verbleif an der europäescher Unioun agetratt, awer wollt se vu bannen änneren. Haut gesinn ëmmer méi Britten an, dass dat déi richteg Haltung war an d’Meenunge sinn am Gaang sech z’änneren. déi Lénk wëllen déi Haltung ënnerstëtzen. Duefir si mer derfir agetratt, Groussbritannien méi Zäit ze ginn, fir dass se och kënnen un den Europawalen deelhuelen, an och fir dass d’Resultat vun engem Austrëttsaccord dem Vollek kann ënnerbreet ginn. Den Traité vun der EU (Art. 50) gesäit dat fir, an dat ass jo och elo geschitt. Mer brauche keng Bestëmmungen déi et méi liicht maachen esou e Land aus der EU « erauszekieren », wéi de Frank Engel (CSV) an aner Rietser et fuerderen. D’Solidaritéit tëscht de Länner ass e Grondprinzip vun der EU.

Mer sinn awer wuel der Meenung dass d’Wäerter vu mënschlecher Würd, vu Fräiheet, vun Demokratie, vu Gläichheet, vu Rechtsstaat, vu Mënscherechter, och vu Minoritéiten, wéi se am Artikel 2 vum EU-Traité stinn, mussen an alle Länner agehale ginn. Och do gesäit den Traité eng Prozedur géint déi Länner fir, déi sech net dorun halen. Dat huet awer elo näischt direkt mam Brexit ze dinn.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe