Debatt an der Chamber: Aarmut zu Lëtzebuerg.

Et ass fir déi 4. Kéier, datt déi Lénk an de leschten 10 Joer a Form vun enger Interpellatioun iwwer dëse Sujet schwätzen. An et kënnt een net laanscht eng erschreckend Feststellung: an dënn leschten 10 Joer huet sech d’Situatioun vu Joer zu Joer weider zougespëtzt.

D’Zuele si bekannt: 18,3% vun de Leit hei am Land sinn entretemps dem Aarmutsrisiko ausgesat, nach wesentlech méi héich ass deen Undeel bei Jonken an Elengerzéienden. An wien Elengerzéiender seet, seet virum allem: Fraen, déi betraff sinn.

An och de Risiko an Altersaarmut ze falen huet sech an dë leschte Jore méi wéi verduebelt. D’Mindestrent läit aktuell bei knapp ënner 1900€ – also och ënner der Aarmutsgrenz. D’ailleurs si 44% vu de Fraen op eng Mindestrent ugewise géint 4,5% vun de Männer.

Esouguer eng Aarbecht ze hunn, schützt zu Lëtzebuerg net méi virun Aarmut. Praktesch all 7. dee schaffe geet, ass 2018 Gefor gelaf an d’Aarmut ofzerutschen.

Dat ass esouvill wéi nach ni virdrun an eiser Geschicht. An Europa ass just nach Rumänien méi schlecht opgestallt wéi Lëtzebuerg. An schlëmmer nach: A kengem anere Land huet sech d’Situatioun esou rapid verschlechtert wéi zu Lëtzebuerg.

Dëst ass eng dramatesch Situatioun. Well hannert de plakege Chiffere sti Leit… – Eenzeler a Familljen déi Dag fir Dag struewele fir hallefweegs éierbar iwwer d’Ronnen ze kommen. Wann d’Aarmut an den Aarmutsrisiko zanter 10 Joer ongebrach klammen, da kënnt dat net vum Himmel gefall, mee et ass d’Resultat vu politeschen Decisiounen.

Wann eng Gesellschaft also ëmmer méi ongerecht an ongläich gëtt – an zumindest dat weisen d’Zuelen explizitt – da gëtt et duerfir och politesch Verantwortung, déi et ze droe gëllt. An dat sollten déi Parteien, déi an deene leschte 4, 5 Legislaturperioden déi jeeweileg Regierungskoalitioune gestallt hunn sech virun Ae féieren.

Duerfir menge mir, datt mer amplaz déi Zuele schéin ze rieden, éischter versiche sollten, dës nefaste gesellschaftlech Entwécklung ze verstoen, fir hir och kënne resolut entgéintzetrieden.

Wat muss geschéien?

De Mindestloun, deen nach ëmmer keen dezent Liewen zu Lëtzebuerg erlaabt muss erop gesat ginn. D’Logementspräisser musse gebremst ginn. Et musse méi sozial Wunnenge gebaut ginn. D’Léin mussen erëm opgewäert ginn duerch eng gerecht Verdeelung tëschent Kapital an Aarbecht. Steierlech muss och méi gerecht ëmverdeelt ginn, vun uewen no ënnen.

Aarmutsbekämpfung ass net d’Aufgab vun engem eenzege Minister, mee vun enger ganzer Regierung. Duerfir mengen ech, datt mer als Chamber och eis Verantwortung droe mussen an eng reegelméisseg, preparéiert a strukturéiert Debatt féiere sollten iwwer déi sozial Entwécklung an eisem Land. 

Duerfir deposéiere mer eng Resolutioun, déi genee dëst proposéiert.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe