Superdreckskëscht: Et muss ee bei Null ufänken!

De Superdreckskëscht – Kontrakt tëscht dem Ëmweltministère an der Firma Oeko-Service Lëtzebuerg huet keng gesetzlech Basis. Dat confirméieren zwee juristesch Avis vun der neier Cellule scientique vun der Chamber a vum Maître Alain Steichen. déi Lénk sinn der Meenung, dass de bestoende Kontrakt soumat verfällt an en neie Kontrakt mat engem Prestataire fir d’Superdreckskëscht muss gemaach ginn, soubal dat feelend Gesetz gestëmmt ass. Dëse Virgank ënnersträicht doriwwer eraus d’Wichtegkeet vun der wëssenschaftlecher Expertise fir eng effikass Kontroll vun der Regierung duerch d’Chamber.

Den Avis vun der Cellule scientifique vun der Chamber ënnersträicht ganz kloer, dass et keng gesetzlech Grondlag fir d’Superdreckskëscht gëtt. E Spezialgesetz, wat e Budget spezifesch fir d’Superdreckskëscht virgesäit ass ni vun der Chamber gestëmmt ginn. Eng Ausgab am Staatsbudget, déi iwwer mindestens zwee Exercicer leeft oder awer 40 Milliounen Euro iwwersteigt, muss awer gesetzlech festgehale ginn. Wëll esou e Gesetz ni gestëmmt ginn ass, ass also och de Kontrakt fir d’Ausféierung vun der Aktioun Superdreckskëscht ongülteg.

Déi proposéiert Léisung vun der Cellule scientifique déi dora besteet, dem Kontrakt nodréiglech seng Gëltegkeet ze ginn mat dem Vote vun engem Spezialgesetz gesinn déi Lénk awer ganz kritesch. Dat besonnesch wëll de bestoende an also awer ongültege Kontrakt mat der Firma Oeko-Service Lëtzebuerg eng ganz Partie Froen opwäerft, déi och mam Audit aus dem Joer 2021 net aus der Welt geschaf konnte ginn. Mir wëlle kee Gesetz stëmmen, dat e problematesche Kontrakt mat enger Privatfirma am Nachhinein och nach legaliséiert.

déi Lénk haten virun engem knappe Joer opgrond vun de Recherchen vun der Presse scho kritiséiert, dass d’Offallwirtschaft zu engem ëmmer méi lukrative Geschäftsfeld fir Privatfirmen gëtt. Am Fall vun der Aktioun Superdreckskëscht gouf festgestallt, dass e Geflecht vun Entreprisen hannert Oeko-Service Lëtzebuerg steet, déi alleguer de selweschte Persoune gehéieren a wou sech Missiounen am Kader vun dësem Beräich vun der Offallwirtschaft innerhalb vun dem Firmegeflecht zougeschoustert ginn. Donieft gouf festgestallt, dass d’Firmebesëtzer sech gepeffert Dividenden a Milliounenhéicht ausbezuele loossen a sech soumat mat Hëllef vum Ëmweltministère an duerch d’Ausféierung vun engem service public op Käschte vun de Konsummenten beräichere kënnen. Dëse System muss ënnert d’Lupp geholl ginn an dat geet nëmmen, wann dësen Dossier mat engem neie Spezialgesetz op Null gesat gëtt. Fir déi Lénk ass et kloer, dass d’Offallwirtschaft net privaten Interessen däerf ënneruerdent ginn, mee dass se fest an ëffentlecher Hand muss sinn.

Den Dossier Superdreckskëscht weist eis doriwwer eraus, dass d’Chamberaarbecht duerch eng wëssenschaftlech Expertise däitlech kann opgewäert ginn. D’Ausaarbechtung vun Avis’en duerch Spezialisten op engem bestëmmten Thema hëlleft den Deputéierten dobäi hir Aufgaben als Kontrollinstanz vun der Regierung méi effikass wouerzehuelen. D’Chamber gëtt doduerch opgewäert an dat kënnen déi Lénk nëmme begréissen.

Matgedeelt vun der Lénker Fraktioun.


Superdreckskëscht: Pour un retour à la case départ.

Le contrat Superdréckskëscht, conclu entre le ministère de l’Environnement et la société Oeko-Service Lëtzebuerg, n’a pas de cadre légal. Deux avis juridiques, l’un de la cellule scientifique de la Chambre des députés, l’autre de Maître Alain Steichen, le confirment. déi Lénk est d’avis que l’actuel contrat est par conséquent devenu caduc et qu’il faut un nouveau contrat avec un prestataire pour la Superdréckskëscht dès que la loi manquante a été adoptée. Cet épisode souligne par ailleurs l’importance de l’expertise scientifique pour garantir un contrôle efficace du gouvernement par la Chambre.

L’avis de la cellule scientifique de la Chambre souligne clairement qu’une base légale pour la Superdréckskëscht fait défaut. Une loi spéciale, prévoyant un budget spécifique pour la Superdréckskëscht, n’a jamais été votée. Or, une dépense au budget de l’Etat qui court sur au moins deux exercices budgétaires ou qui engage une somme supérieure à 40 millions d’euros, doit faire l’objet d’une telle loi spéciale. Il en ressort que le contrat pour l’exécution de l’initiative Superdréckskëscht est invalide.

déi Lénk voit cependant d’un oeil critique la proposition de la cellule scientifique qui consiste à rendre valide l’actuel contrat en adoptant a posteriori une loi spéciale. D’autant plus que l’actuel contrat entre l’Etat et la société Oeko-Service Lëtzebuerg soulève un certain nombre d’interrogations auxquelles l’audit de 2021 n’a pas apporté de réponses. Nous ne voulons pas d’une loi qui légalise après coup un contrat avec une société privée.

L’année passée, à la suite de recherches journalistiques, déi Lénk avait déjà critiqué le fait que la gestion des déchets est devenue un business juteux pour des entreprises privées. Dans le cas de l’Action Superdréckskëscht, il a été constaté que derrière l’entreprise Oeko-Service Lëtzebuerg se cache un enchevêtrement de sociétés appartenant toutes aux mêmes personnes qui se répartissent les missions dans le cadre du contrat Superdréckskëscht. S’y ajoute que les propriétaires de ces entreprises ont touché des dividendes exorbitants et se sont ainsi enrichis sur le dos des consommateurs grâce à l’aide du ministère de l’Environnement et à l’exécution d’un contart de service public. Ce système doit être analysé en profondeur, ce qui n’est possible qu’avec une loi spéciale qui remet les compteurs à zéro. Pour déi Lénk, il est évident que la gestion des déchets ne doit pas être soumis à des intérêts privés mais qu’elle doit rester dans le domaine public.

Le dossier Superdréckskëscht montre également que le travail parlementaire est revalorisé grâce à l’expertise scientifique. La rédaction d’avis par des spécialistes sur des thèmes précis est une aide précieuse pour les députés dans l’exercice de leur mission de contrôle du gouvernement. La Chambre est ainsi revaloriée et déi Lénk ne peut que saluer ce progrès.

Communiqué par la sensibilité politique déi Lénk

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe