Dëse Staatsrot gehéiert ofgeschaaft!

Recherche vu reporter.lu confirméieren eis, dass de Staatsrot eng ontransparent an ondemokratesch Institutioun am Staat ass. D’Interessekonflikter vu ville vu senge Memberen an d’Vetternwirtschaft déi dorausser entsteet sinn net méi tragbar a schueden der demokratescher a pluralistescher politescher Kultur an eisem Land. déi Lénk wëllen de Staatsrot a senger aktueller Form ofschafen an en duerch e gesellschaftlech representatiivt Berodungsgremium fir d’Chamber ersetzen.

Viru manner wéi engem Joer huet den Avis vum Staatsrot iwwer de Gesetzesprojet iwwer de Baulandvertrag kloer gewisen, wéi dem Staatsrot seng Avis’en zustane kommen. Bei dësem Projet wier d’Allmuecht vun de grousse Grondbesëtzer nämlech ageschränkt ginn wat eng wichteg Viraussetzung fir de Kampf géint d’Wunnengsnout ass an de Gemenge méi Poids an der urbanistescher Planung ginn hätt.

De Staatsrot huet dëse Projet a sengem Avis zerrappt a sou de status quo a Saache Bauterrain ënnermauert. En huet domat d’Partikularintresse vun de grousse Promoteuren a Spekulante verdeedegt, déi mir opgrond vun de rezenten Etüde vum Observatoire de l’Habitat jo zum Deel kennen.

Di nei Recherche vu reporter.lu veranschaulechen eis elo ganz gutt wéi eng Prozesser am Hannergrond wierken a wéi mächteg ekonomesch Interessen d’Fiedem zéie kënnen. Déi direkt wirtschaftlech Ofhängegkeet vum Lucien Lux géigeniwwer vum Flavio Becca, erméiglecht et dësem seng wirtschaftlech Interesse mat Hëllef vum Lucien Lux iwwer de Staatsrot duerchzesetzen.

Dëst ass e flagrant Beispill vu Vetternwirtschaft, mee et ass sécherlech just eent vu villen.

déi Lénk hunn net fir näischt am Januar 2023 eng Resolutioun[1] an der Chamber abruecht, déi e gesetzleche Kader verlaangt fir d’Membere vum Staatsrot z’obligéieren eng déclaration d’intérêts ze maachen. Dës Resolutioun gouf an d’Presidentekonferenz verwisen, wou se lo an engem Tirang verstëbst. Kee Wonner, wëll CSV, DP, LSAP, déi Gréng an den ADR hu keen Interesse u souenger Reform, wëll se selwer Memberen an de Staatsrot schécken.

déi Lénk wëllen en anere Staatsrot. E soll e berodend Gremium fir d’Chamber sinn a seng Membere sollen och eleng vun der Chamber nominéiert ginn. Déi gesellschaftlech Representativitéit vun dësem Gremium soll gestäerkt ginn andeem zivilgesellschaftlech Institutiounen an Organisatiounen der Chamber d’Membere virschloen. Esou eng Zesummesetzung vum Staatsrot kéint de schiedlechen Afloss vu mächtege Partikularintressen op de Gesetzgebungsprozess an Zukunft ofschwächen.


[1] https://www.chd.lu/fr/motion_resolution/4060

Il faut abolir ce Conseil d’Etat !

Une enquête de reporter.lu nous confirme que le Conseil d’Etat est bel et bien une institution opaque et anti-démocratique au sein de l’Etat. Les conflits d’intérêts de beaucoup de ses membres et le népotisme qui en découle ne peuvent plus durer, car ils mettent en péril le pluralisme politique et la culture démocratique dans notre pays. déi Lénk veut abolir le Conseil d’Etat dans sa forme actuelle en le remplaçant par une instance représentative de la société civile qui porte conseil à la Chambre.

Il y a à peine un an, l’avis du conseil d’Etat sur le projet de loi « Baulandvertrag » a donné un aperçu clair de la manière dont le Conseil d’Etat élabore ses avis. De fait, ce projet de loi aurait considérablement contraint le plein pouvoir des propriétaires de multiples terrains, ce qui est une condition requise pour lutter efficacement contre la crise du logement et accorder d’avantage de poids aux communes pour réaliser leurs planifications urbaines.

Le Conseil d’Etat a littéralement déchiré ce projet de loi dans son avis, entérinant ainsi le statu quo en matière de terrains constructibles. Par ce geste, le Conseil d’Etat a défendu les intérêts particuliers de gros promoteurs et spéculateurs de l’immobilier  qu’avait déjà révélés au grand jour l’Observatoire de l’Habitat.

Les nouvelles révélations de reporter.lu exposent à merveille les processus à l’œuvre dans les coulisses du Conseil d’Etat et mettent le doigt sur le pouvoir influent des intérêts économiques qui y tirent les fils. La dépendance financière directe de Lucien Lux par rapport à Flavio Becca permet à ce dernier de faire peser ses intérêts au Conseil d’Etat à travers Lucien Lux.

C’est un exemple flagrant de népotisme, mais ce n’est sûrement qu’un exemple parmi d’autres.

Ce n’est pas pour rien que déi Lénk a déposé une résolution[1] à la Chambre des Députés en janvier 2023 exigeant la mise en place d’un cadre légal pour obliger les membres du Conseil d’Etat de faire une déclaration d’intérêts. Cette résolution a été transférée à la conférence des présidents. Dès lors, elle prend la poussière dans un tiroir.

Et pour cause, car le CSV, le DP, le LSAP, déi Gréng et l’ADR envoient des membres de leurs partis au Conseil d’Etat et n’ont donc aucun intérêt à le réformer.

déi Lénk veut transformer le Conseil d’Etat pour en faire une instance au service de la Chambre et dont les membres sont nommés exclusivement par la Chambre. La représentativité de la société civile au sein de cette instance pourra être renforcée par l’implication des institutions et organisations civiles dans la suggestion de membres potentiels. Une telle constitution du Conseil d’Etat serait en mesure de contrecarrer l’influence nocive d’intérêts particuliers puissants sur le processus de législation.


[1] https://www.chd.lu/fr/motion_resolution/4060

Feminist Wednesday: The cost of justice for victims of violence

It’s time for a new Feminist Wednesday!

When ?
Wednesday, 5 July from 7pm
Where ?
Café Saga, 6 Avenue des Hauts-Fournaux
L-4362 Belval
How?
Presentation by Marissa Darwulla, social worker and activist for better justice for victims of domestic violence

Starts at 7pm: Introduction by artist Menina Camarada
7.10pm: Presentation by Marissa Daruwalla
8pm – 8.30pm: Questions from the audience
9pm – 10pm: DJ set by Ori and Lulu and live painting by Menina Camarada

Admission is free
In theory, victims of domestic violence are encouraged to lodge a complaint against their abuser, or even to take legal action. But what happens in practice? Victims are encouraged to “dare” to “defend” themselves, to make their voices heard. But are these voices really heard? And what is the price to pay once a victim decides to go up against her attacker? Is it only monetary or also personal and emotional?

Marissa Daruwalla, a social worker, activist and survivor of domestic violence herself, will give us a presentation entitled “The price of justice for victims of domestic violence” in English (translation into French is provided). During this presentation, Marissa Daruwalla will tell us about the constraints she encountered throughout her trial in the Luxembourg judicial system and the consequences of our current system for complainants.

The introduction will be provided by calligraphy and collage artist Menina Camarada, who explores issues such as patriarchal violence and the emancipation of victims from their aggressors in her works.

From 9pm onwards, DJ duo Ori and Lulu will be on the decks to round off the evening with some great music!

Feminist Wednesday: Qu’est-ce que le féminisme de gauche?

Qu’est-ce qu’on entend sous féminisme de gauche?

Quels sont les enjeux d’un féminisme des 99% et comment l’appliquer au Luxembourg?

Analyser et échanger sur des sujets sociaux et politiques à travers une perspective féministe de gauche, c’est ce que propose le groupe de travail féministe de déi Lénk avec le concept “Feminist Wednesday”. Animée par Line Wies, conseillère communale déi Lénk à Esch, la première édition aura lieu au Gudde Wëllen, mercredi le 7 décembre à 19h. Les intervenantes, Jessica Lopes (ASTI), Stéphanie Lanners (membre déi Lénk) Ana Correia (SNJ/conseillère communale déi Lénk) et Milena Steinmetzer (OGBL Chimie), sont elles-mêmes activistes et militantes au Luxembourg.

La soirée se finira en fête avec un Dj set vinyle avec le duo Nadia Mekhfi et Is à partir de 20h30.

Une traduction vers l’anglais est assurée

Entrée gratuite


What do we mean by left-wing feminism?

What is at stake in a feminism of the 99% and how can it be applied in Luxembourg?

Analysing and discussing social and political issues from a left-wing feminist perspective is what the feminist working group of dei Lénk proposes with the concept “Feminist Wednesday”. Led by Line Wies, municipal councillor of dei Lénk in Esch, the first edition will take place at the Gudde Wëllen on Wednesday 7 December at 7pm. The speakers, Jessica Lopes (ASTI), Stéphanie Lanners (dei Lénk member) Ana Correia (SNJ/councilor dei Lénk) and Milena Steinmetzer (OGBL Chimie), are themselves activists and militants in Luxembourg.

The evening will end with a vinyl DJ set with the duo Nadia Mekhfi and Is from 8.30pm on.

Translation into English will be provided!

Free entrance

D’Regierung mëscht de Wee fräi fir eng allgemeng Hausse vun de Loyeren.

Wat d’Regierung bei der Reglementatioun vun de Loyere wëlles huet, kléngt wéi e schlechte Witz. Obwuel de Minister Kox behaapt, hie wéilt géint d’Exzesser um Wunnengsmaart virgoen, mëscht en de Wee fräi fir eng generell Hausse vun de Loyeren am ganze Land. Mat dëser irresponsabeler Demarche dréckt d’Regierung d’Locataire nach méi widder d’Mauer a stéisst all déi Leit virun de Kapp, déi haut scho verzweiwelt no enger Wunneng sichen.

–> Versions PDF du texte: LU et FR

Am Summer 2020 hat de Logementsminister Henri Kox (déi Gréng) seng Reform vum Loyersgesetz präsentéiert. A senger éischter Versioun ware praktesch keng Ännerungen um wichtegste Punkt vum Gesetz virgesinn, nämlech un der Definitioun vum “capital investi” – also de Betrag u Geld, den an de Bau respektiv de Kaf vun der Immobilie gefloss ass[1] – an dem domadder verbonnene maximale Loyer deen e Proprietär ka froen. Eenzege klenge Changement bei der Fixatioun vum “capital investi” gouf et bei enger Schenkung oder enger Ierfschaft vun enger Wunneng.

Schonn dat war e Kaddo un d’Dynastië vun de Proprietären. Déi proposéiert Ännerung géif bewierken, dat no enger Ierfschaft de Loyer ka massiv gehéicht ginn, ouni dat och nëmmen een Euro an d’Wunneng investéiert gouf. Op enger Pressekonferenz am Februar 2021 hat déi Lénk dës Dispositioun schaarf kritiséiert, well se zu ongerechtfäerdegte Loyerserhéijunge wäert féieren. Ausserdeem ass dat géint de Sënn vum Gesetz vun 2006, dat jo eigentlech Investitiounen a Verbesserungen vun der bestoender Bausubstanz sollt encouragéieren.

Mä dat war näischt géint dat wat elo soll kommen. Ufank Oktober 2022 huet de Minister Kox 2 nei Amendementer proposéiert, déi vill méi schlëmm Auswierkunge wäerten hunn. Mat deenen Ännerunge reagéiert d’Regierung op d’Urteel am sougenannte Fall “Lampertsbierg” an ersetzt d’Notioun vum “capital investi“ganz einfach mam Maartpräis.

Deemno soll an Zukunft de “capital investi” reevaluéiert ginn op Basis vun engem Koeffizient, deen déi vergaangen an zukünfteg Präisentwécklung um Wunnengsmaart erëmspigelt. Dëse Koeffizient, deem seng Berechnung an den Annexë vum Gesetzesprojet ze fannen ass, wäert zu enger Präisexplosioun vum “capital investi” bei sämtleche Wunnimmobilien am Land féieren, déi säit dem Zweete Weltkrich gebaut goufen. D’Beispiller an der Tabell ënnendrënner verdéitlechen déi zolidd Haussen, déi duerch dëss Reform géifen ausgeléist ginn.

Année const.Année acqui.PrixClasse énerg.Travaux d’améliorationCapital investi
(loi 2006)
Loyer max
(loi 2006)
Capital investi
(après réforme)
Loyer max
(après réforme)
1968196850.000H0280.00011671.100.0002750 (3%)
1984198540.000G70.000158.230660533.2681.333 (3%)
19952000150.000E65.000288.1501200668.2171949
20102012500.000C25.000572.2502.384918.5512.679

Proposéiert ass näischt anescht, wéi datt déi exzessiv an oft spekulativ Präisentwécklung um Wunnengsmaart elo direkt an d’Berechnung vum maximale Loyer soll afléissen, egal wéini d’Wunneng gebaut gouf oder a wéi engem Zoustand se ass. Datt d’Loyere vill méi lues klamme wéi d’Verkafspräisser, eppes wat ee jo an de leschte Jore konnt beobachten, wäert elo warscheinlech der Vergaangenheet ugehéieren. An Zukunft wäerten sech d’Loyere vill méi enk un de Verkafspräisser um Wunnengsmaart orientéieren (Beispiller sinn annexéiert).

D’Reduktioun vu 5% op 3,5% vum maximale järleche Rendement um “capital investi” ass eigentlech niewesächlech a wäert kee groussen Afloss hunn. Dobäi war jo déi annoncéiert Zilsetzung vun deem Projet de Loi fir géint d’Exzesser um lokative Marché virzegoen. Vir déi Lénk ass dës annoncéiert Reform e schlechte Witz. Se legaliséiert d’Exzesser um Wunnengsmaart a riskéiert eng allgemeng Hausse vun de Loyeren am ganze Land ze bewierken, déi d’Locataire nach méi wäert belaaschten, obwuel se elo scho mam Réck widder der Mauer stinn.

Domadder, datt d’Regierung d’Notioun vum “Capital investi” zu enger Absurditéit mëscht, begrueft se och nach all Incitatioun fir iwwerhaapt verlounten Immobilien ze renovéieren. Dee proposéierte Koeffizient klëmmt esou schnell, datt de Plaffong vum maximale Loyer automatesch erop geet, ouni datt de Proprietär eppes muss investéieren. Do ass dee méi niddrege Saz vun 3% vum “capital investi”, deen ee ka maximal bei schlecht isoléierte Wunnenge vun der Energieklass F bis I froen, just nach eng anekdotesch Randnotiz.

Nieft all deene gravéierende Feeler, bréngen déi nei Amendementer awer och déi eng oder aner Verbesserung mat sech. Ënnert anerem muss elo de Proprietär de “capital investi” an all neie Mietvertrag schreiwen deen a Kraaft trëtt. Dëse Punkt, dee wäert d’Transparenz fir d’Locatairen erhéijen, hunn déi Lénk och an hirer Gesetzespropose 7257 stoen, déi mir 2018 deposéiert hunn.

Dat ännert awer näischt un der schwiereger Situatioun, an déi d’Locatairen duerch dës Reform riskéieren ze falen. An Zukunft wäert een sech et zweemol iwwerleeën, är datt een eng Mietkommissioun an enger Gemeng saiséiert fir eng Reduktioun vum Loyer z’erreechen. Well mat där neier Formel leeft een eeschthaft Gefor, de Loyer duerno gehéicht ze kréien. Am Géigendeel, d’Mietkommissioun riskéieren elo vu Proprietären iwwerrannt ze ginn, déi gäre wëllen hire maximale Loyer no dem neie Gesetz berechne loossen. An d’Mietkommissioune wäerten da keen anere Choix hunn, wéi deenen Haussë vun de Loyeren zouzestëmmen.

D’Ausriichtung vun där Reform ass op alle Fall ganz kloer : se déngt dem Schutz vun den Interesse vunde Proprietären an den Investisseuren zum Nodeel vun de Locatairen.

déi Lénk fuerderen dowéinst, dass déi proposéiert Reegelen fir d’Reevaluatioun vum “capital investi” vun der Regierung zréckgezu ginn!

************

Grondsteier a Mobiliséierung vu Bauterrainen an eidelstoende Wunnengen.

Bei deem anere rezente Gesetzesprojet iwwert d’Grondsteier an iwwert d’Mobiliséierung vu Bauterrainen an eidelstoende Wunnengen kann een déi grondleeënd Ausriichtung begréissen. déi Lénk fuerdert scho säit iwwer 10 Joer eng Besteierung vu Bauterrainen déi absichtlech net bebaut ginn oder vu Wunnengen déi eidel stoe gelooss ginn. Trotzdeem si mir och bei dëser Reform kritesch, virun allem well se net wäit genuch geet an ze spéit kënnt.

Fir d’éischt muss ee mol skeptesch si par Rapport zu de Chancen déi dëse Projet huet, fir tatsächlech an dëser Form a Kraaft ze trieden. Den Avis vum Staatsrot kéint gréisser Modifikatioune provozéieren an et ass dofir wéineg warscheinlech, datt den Text nach an dëser Legislativperiod ka gestëmmt ginn. Wäert déi nächst Regierung un dëser Reform festhalen? A souguer wann et votéiert ass, wäerten 2 Joer vergoe bis datt et kann ëmgesat ginn a weider 5-10 Joer, bis dat déi eenzel Elementer ufänke mat gräifen. D’Wunnengskris ass awer elo direkt.  

Wat den Inhalt ugeet, kritiséieren déi Lénk virun allem déi feelend Progressivitéit, souwuel bei der Mobiliséierungssteier, wéi och bei der Leerstandssteier. Et gëtt zwar eng Progressivitéit an der Zäit, dat heescht datt d’Montante mat der Zäit staark klammen, mä awer net par Rapport zu der Gréisst vun de Bauterrainen oder der Unzuel vun eidelstoende Wunnengen.

Ob een elo eng eenzeg Bauplaz huet oder riseg Surfacen : d’Steier pro Ar gekuckt bléift déi selwecht (bei vergläichbarer geographescher Situatioun). Dobäi ass säit laangem gewosst, datt de Problem virun allem vun e puer groussen Acteuren ausgeet, déi ganzer Hektaren u Bauland zréckhale fir d’Präisser ze beaflossen. D’Steier misst dofir progressiv mat der Gréisst vun den onbebaute Surfacen eropgoen, fir virun allem déi ze penaliséieren, déi massiv Grondbesëtz zréckhalen. Sou awer kéinten déi grouss Acteure souguer dovunner profitéieren fir nach méi Bauland an hire Besëtz ze kréien, nämlech dann wann déi kleng Proprietären ufänken no a no ze verkafe fir sech der Steier ze entzéien.

Dat selwecht gëllt fir d’Leerstandssteier. D’Tax op enger eenzeler Wunneng ass genee déi selwecht, egal op een eng eenzeg eidel Wunneng besëtzt oder e puer Dosen. Se wäert also virun allem déi kleng Proprietären dozou bréngen hir Wunnengen ze verlounen, wat jo och eng gutt Saach ass, mä se riskéiert awer hir Wierkung ze verfeele wann et ëm déi grouss Acteure geet, déi massiv mat Wunnenge spekuléieren. D’Reform ignoréiert also deen zentrale Problem um Lëtzebuerger Wunnengsmaart, nämlech déi enorm Konzentratioun vum Immobiliëbesëtz. Dëse Constat gëllt iwwregens och fir d’Grondsteier, déi eiser Meenung no och misst progressiv mat der Gréisst vum Besëtz an d’Luucht goen.

Och aner Elementer an der Reform kann ee kritiséieren, wéi zum Beispill dee forfaitären Abattement bei der Mobiliséierungssteier. D’Zilsetzung kann een zwar novollzéien, mä dësen Dispositif ass konträr zur genereller Ausriichtung vum Gesetzesprojet a wäert säin Impakt ofschwächen. Zousätzlech huet e potentiell juristesch Schwaachstellen, déi mol gären de ganze Projet kéinten a Fro stellen.

Bei der Leerstandssteier ass et fir eis onverständlech, datt et d’Kompetenz vun der Buergermeeschtesch oder dem Buergermeeschter soll sinn, fir festzestellen, ob eng Wunneng eidel steet oder net. Et handelt sech jo ëm eng national Steier an déi national Instanze kënnen einfach Zougank hunn zu den Informatiounen, déi néideg sinn fir déi éischt Presomptioun vum Leerstand opzestellen. Des Responsabilitéit op d’Gemengen ze drécken, déi domadder wäerte Fraisen hunn ouni un de Recette bedeelegt ze ginn, wäert mat Sécherheet Konflikter mat sech bréngen an eng uniform Applikatioun vum Gesetz um ganzen Territoire verhënneren.


[1] Fir genee ze si gëtt de capital investi bestëmmt andeem de Montant fir de Kaf oder de Bau vun der Immobilie gekuckt gëtt. Derbäi kommen déi Ausgaben, déi a verschidde Verbesserunge vum Logement gefloss sinn, z.B. an nei Fënsteren. Dëse Betrag gëtt dann op de Wäert vun haut eropgerechent (à Reevaluatioun). Um Enn gëtt och eng Décote gerechent, also e Wäertverloscht opgrond vum Alter vum Logement. Dës Berechnung ass maßgebend fir d’Berechnung vum maximale Loyer, deen dierf gefrot ginn. Dofir ass dee Begrëff vum capital investi och esou wichteg.

Loyersreform: Too little, too late

DP-LSAP-déi gréng fänken no 9 Joer an der Regierung endlech un, den Eescht vun der Situatioun fir Locatairen um private Wunnengsmaart ze begräifen. Leider huet et säit dem Dépôt vum Loyersgesetz erëm iwwer zwee Joer gedauert, bis sérieux Ännerungsproposen dann haut endlech presentéiert gi sinn. Leider ass et ze wéineg ze spéit.

Verschidden Elementer, déi d’Regierung elo proposéiert, gi säit ville Joren e.a. vun der Koalitioun Wunnrecht a vun déi Lénk gefuerdert. Laang goufe mir ofgewimmelt, haut weist sech, dass mir vu vir era richteg louchen. déi Lénk warnen awer virdrun ze mengen, dass dëse Schrëtt duergeet fir d’Loyer’en an de Grëff ze kréien. Dofir gräifen d’Propose vun der Regierung ze kuerz. Trotzdeem muss dat wat elo virläit schnellstméiglech ëmgesat ginn, fir ze verhënneren, dass et tëscht Walkämpf an neier Regierungsbildung am Joer 2023 erëm am Tirang verschwënnt.

Dat wichtegst neit Element an den neie Propose vun der Regierung ass d’Upassung vum sougenannten capital investi, wouduerch de Loyer, den de Bailleur maximal froen dierf, soll erofgoen. D’Erofsetze vu 5% op 3,5% vun dësem Parameter wäert awer un de Loyer’en haut a mëttelfristeg näischt änneren. D’Regierung probéiert mat dëser Ännerung kengem wéi ze di, wat natirlech bedeit, dass och kengem Locataire domat gehollef wäert sinn.

Den zentrale Problem bei der Approche vun der Regierung ass, dass d’Prioritéit weiderhi bei der Rentabiliséierung vum investéierte Kapital läit. Dofir gëtt d’Wuesstemsspiral bei de Loyer’en och net duerchbrach, mee just gebremst an dat och nëmme bei neien Mietverträg. Bei all de bestoende Mietverträg muss de Locataire fir eng Reduktioun vum Loyer weiderhin op d’Mietkommissioun streide goen.

déi Lénk hu selwer viru 5 Joer eng Gesetzespropose fir d’Reform vum Loyersgesetz gemaach. Déi hätt net nëmmen eng reell an obligatoresch Reduktioun vu ville Loyer’en bedeit, mee hätt d’Loyer’en och strukturell lassgekoppelt vun der Spekulatioun um Bauterrain. Déi geckeg Deierecht an d’Profitter op Bauterrain hätte soumat keen Impakt méi op d’Loyeren. D’Regierung ännert heirunner awer näischt. Wat esouvill heescht, wéi dass d’Loyer’en weiderhin der Präisentwécklung um Privatmarché wäerten nolafen.

Wichteg a gutt ass an eisen Aen am neie Gesetz, dass zukünfteg de Betrag vum capital investivun der gelounter Wunneng um Mietvertrag soll stoen. Dat ass eng Propose, déi och op d’Gesetzespropose 7257 vun déi Lénk zréckgeet a suergt fir Transparenz fir de Locataire, dee soumat selwer soll novollzéie kënnen, ob de Loyer korrekt ass oder net.

Sënnvoll mee ze kuerz gegraff ass an eisen Aen och d’Reduktioun vum maximale Loyer op Wunnengen a schlechtem energeteschem Zoustand. Och dës Approche hu mir als déi Lénk scho viru Méint als Reaktioun op déi klammend Energiepräisser proposéiert. Mir mengen awer, dass dat wat d’Regierung hei lo proposéiert net wäert duergoen. De Loyer fir eng passoire thermique mat Energiepass I wäert zukünfteg net méi déif si wéi haut a ka weider eropgoen, z.B. am Fall wou de Propriétaire wiesselt. Mee virun allem wäerte mat dëser Mesure wéineg Propriétaire wierklech dozou encouragéiert ginn, an eng energetesch Sanéierung z’investéieren.

Ouni op all Punkt anzegoen, kann een d’Conclusioun zéien, dass d’Regierung mat dëser Reform 10 Joer ze spéit kënnt. 2013 war de Logement schonn d’Thema Nummer 1 an den éischten Aarmutsfaktor zu Lëtzebuerg. Säitdeem ass et just schlëmmer ginn, wat eis haut zum Schluss komme léisst, dass d’Reform esou scho längst net méi duergeet.


Réforme du bail à loyer : Trop peu, trop tard.

Après 9 ans au pouvoir le gouvernement DP-LSAP-les Verts commence enfin à saisir la gravité de la situation des locataires sur le marché du logement privé. Malheureusement, il aura fallu plus de deux ans depuis le dépôt de la loi sur les loyers pour que des propositions sérieuses soient finalement présentées. Trop tard, trop peu.

Plusieurs des éléments proposés par le gouvernement rejoignent des changements réclamés par la coalition Wunnrecht et par déi Lénk depuis plusieurs années. On s’est longtemps fait berner, mais aujourd’hui il s’avère qu’on avait raison dès le départ. Même si les propositions du gouvernement sont insuffisantes pour maîtriser l’envolée des loyers, il faut les mettre en œuvre au plus vite. Il s’agit d’éviter qu’elles ne disparaissent à nouveau dans le tiroir en attendant les élections de 2023.

L’élément le plus important dans cette nouvelle proposition du gouvernement est l’ajustement de ce que l’on appelle le capital investi qui devrait faire diminuer le loyer maximal qu’un bailleur peut demander au locataire. La réduction de ce paramètre de 5% à 3,5% ne modifiera cependant pas les loyers réellement demandés sur le marché. Avec cette réforme le gouvernement ne donne rien aux locataires pour finalement ne pas heurter les investisseurs et les bailleurs.

La priorité du gouvernement demeure bel et bien la rentabilité du capital investi. Dès lors, la tendance à la hausse des loyers ne sera pas brisée, mais seulement ralentie. Dans ce contexte, il est important de signaler que cette réforme du capital investi n’affectera en rien les baux à loyer existants. Les locataires concernés devront donc toujours saisir la commission des loyers dans leur commune pour obtenir une réduction du loyer en conformité avec les nouvelles dispositions.

La proposition de loi de déi Lénk présentée en 2018 aurait par contre signifiée une réduction réelle et obligatoire de nombreux loyers tout en découplant structurellement les loyers de la spéculation sur le foncier. L’envolée folle des prix des terrains à bâtir et la quête de profits des investisseurs n’auraient ainsi plus d’impact sur les loyers. En ne changeant rien de fondamental à ce sujet, le gouvernement choisit de ne pas briser le lien entre les loyers et l’évolution des prix du marché et notamment du foncier.

Que le montant de l’investissement en capital de l’appartement loué soit obligatoirement indiqué dans le contrat de location représente à nos yeux une nouveauté louable dans le projet de la majorité. Elle remonte d’ailleurs à la proposition de loi n°7257 de déi Lénk (2018) et assurera à l’avenir la transparence pour le locataire, qui devrait ainsi pouvoir vérifier si le loyer de son logement est correct ou non.

La baisse du loyer maximum des appartements en mauvais état énergétique est sensée mais trop faible. En tant que déi Lénk nous avons proposé un plafonnement plus efficace (loyer maximal par m2 en fonction de chaque classe énergétique) en réaction à la hausse des prix de l’énergie. Suivant la mesure proposée par le gouvernement, le loyer d’une passoire thermique avec pass énergétique I ne sera pas inférieur à l’avenir par rapport à aujourd’hui et pourra même continuer à augmenter, par exemple dans le cas d’un changement de propriétaire. Mais surtout, avec cette mesure, peu de propriétaires seront vraiment incités à investir dans la rénovation énergétique.

Sans entrer dans tous les détails, déi Lénk tire la conclusion que le gouvernement arrive 10 ans trop tard. En 2013, le logement était déjà le problème numéro un et le premier facteur d’appauvrissement au Luxembourg. Depuis, la situation n’a fait qu’empirer, ce qui nous mène à conclure que cette réforme ne suffit plus.

Communiqué de presse: déi Lénk solidaire avec les manifestant.e.s iranien.ne.s 

Communiqué de presse

Luxembourg, le 27 septembre 2022

Interpellée par la police des mœurs le 13 septembre à Téhéran (Iran) pour avoir mal porté le voile, la jeune Masha Amini de 22 ans, originaire de la région du Kurdistan, est décédée après avoir passé trois jours plongée dans le coma. Selon les autorités iraniennes, elle aurait soudainement souffert d’un arrêt cardiaque et aurait immédiatement été transportée à l’hôpital. Grâce à la résistance de sa famille et aux images de scanner du crâne de Masha Amini, diffusées par le média Londres Iran International, nous savons qu’il ne s’est jamais agi d’un « soudain arrêt cardiaque ». Masha Amini a en effet souffert d’une mort violente causée par de mauvais traitements. Un extrait qui n’est pas démontrée dans la vidéo diffusée par le régime d’Ebrahim Raïsi et d’Ali Khamenei, où on ne voit que le moment où la jeune femme s’effondre par terre. Sur les dernières images connues de Masha Amini avant sa mort, on la voit intubée et inconsciente. Les autorités ont tenté de balayer l’affaire, sans succès.

Depuis la mort de Masha Amini, les rues d’Iran n’ont plus dormi. Des protestations contre les autorités iraniennes, organisées et menées par des femmes, ont pris le dessus. Des vidéos montrant des protestants et protestantes brûler des hijabs et se couper les cheveux en solidarité envers Masha Amini, circulent en masse sur les réseaux sociaux.

La situation pour les manifestant.e.s s’est fortement dégradée avec la restriction de l’internet mobile sur le terrain iranien et la réponse oppressive du gouvernement qui a causé plusieurs morts, dont des mineurs, enfreignant ainsi brutalement la charte des droits humains.

déi Lénk déclare son soutien envers les iranien.nes, qui défilent dans les rues, organisent des grèves générales et s’opposent au régime du président Ebrahim Raïsi, faisant parti de l’aile la plus dure des conservateurs sur l’ensemble du système iranien. Des milliers de femmes s’organisent partout en Iran, notamment au Kurdistan, pour continuer leur lutte contre le patriarcat qui assassine et met en danger les femmes et les personnes trans et non-binaires. déi Lénk salue l’infatigable effort des organisations féministes qui malgré les conditions difficiles et des fois même atroces, ne cessent de lutter pour une société égalitaire où les femmes ne sont pas la cible de violences basées sur le genre. déi Lénk condamne la réaction de l’État iranien vis-à-vis des protestants et des protestantes, qui répond à coups d’arrestations avec une violence inouïe.

La mort de Masha Amini nous le rappelle, comme celle de tant d’autres : le féminicide, c’est-à-dire le meurtre d’une femme ou d’une jeune fille, en raison de son appartenance au sexe féminin, reste une arme incontestable du patriarcat qui renforce le contrôle et l’emprise sur les corps des femmes, des personnes trans et non-binaires. Le féminicide, qui est par définition un crime sexiste, n’est toujours pas reconnu en tant que tel dans le code pénal dans la majorité des pays du monde. La police des mœurs n’existerait pas si son but n’était pas d’opprimer et d’offusquer la femme dans un rôle qui lui est imposé par le patriarcat conservateur. Il est urgent que nous abordions la question du féminicide plus radicalement et de manière plus concrète. Ces conversations doivent également être menées au Luxembourg, où le féminicide n’est toujours pas reconnu en tant que crime dans le code pénal.

Communiqué par le mouvement déi Lénk

déi Lénk solidarisch mit den iranischen Protestanten und Protestantinnen!

Pressemitteilung

Luxemburg, den 27. September 2022

Die 22-jährige Masha Amini aus der Region Kurdistan, die am 13. September in Teheran (Iran) von der Sittenpolizei angehalten wurde, weil sie ihr Kopftuch falsch getragen hatte, starb, nachdem sie drei Tage lang im Koma gelegen hatte. Nach Angaben der iranischen Behörden hatte sie plötzlich einen Herzstillstand erlitten und war sofort in ein Krankenhaus gebracht worden. Dank des Widerstands ihrer Familie und der vom Medienunternehmen London Iran International verbreiteten CT-Bilder von Masha Aminis Schädel wissen wir, dass es sich niemals um einen “plötzlichen Herzstillstand” gehandelt hat. Masha Amini erlitt tatsächlich einen gewaltsamen Tod aufgrund von Misshandlungen. Ein Ausschnitt, der in dem vom Regime von Ebrahim Raïsi und Ali Khamenei verbreiteten Video nicht belegt wird, wo nur der Moment zu sehen ist, in dem die junge Frau zu Boden sinkt. Auf den letzten bekannten Bildern von Masha Amini vor ihrem Tod ist zu sehen, wie sie intubiert und bewusstlos ist. Die Behörden haben versucht, den Fall unter den Teppich zu kehren, jedoch ohne Erfolg.

Seit dem Tod von Masha Amini haben die Straßen im Iran nicht mehr geschlafen. Proteste gegen die iranischen Behörden, die von Frauen organisiert und angeführt werden, haben die Oberhand gewonnen. Videos, die zeigen, wie Protestlerinnen und Protestler aus Solidarität mit Masha Amini Hijabs verbrennen und sich die Haare abschneiden, kursieren massenhaft in den sozialen Netzwerken.

Die Situation für die Demonstrantinnen und Demonstranten hat sich durch die Einschränkung des mobilen Internets auf iranischem Boden und die unterdrückerische Reaktion der Regierung, die mehrere Todesfälle, darunter auch Minderjährige, verursacht hat und damit brutal gegen die Menschenrechtscharta verstößt, drastisch verschlechtert.

déi Lénk erklären ihre Unterstützung für die Iranerinnen und Iraner, die durch die Straßen ziehen, Generalstreiks organisieren und sich dem Regime von Präsident Ebrahim Raïsi widersetzen, der zum härtesten Flügel der Konservativen im gesamten iranischen System gehört. Tausende Frauen organisieren sich im ganzen Iran, insbesondere in Kurdistan, um ihren Kampf gegen das Patriarchat fortzusetzen, das Frauen, trans- und nicht-binäre Menschen ermordet und gefährdet. déi Lénk begrüßen die unermüdlichen Anstrengungen der feministischen Organisationen, die trotz der schwierigen und manchmal sogar grausamen Bedingungen nicht aufhören, für eine gleichberechtigte Gesellschaft zu kämpfen, in der Frauen nicht zur Zielscheibe geschlechtsspezifischer Gewalt werden. déi Lénk verurteilen die Reaktion des iranischen Staates auf Protestanten und Protestantinnen, der mit Verhaftungen und unglaublicher Gewalt reagiert.

Der Tod von Masha Amini erinnert uns daran, wie der Tod so vieler anderer: Feminizid, d. h. die Tötung einer Frau oder eines Mädchens aufgrund ihrer Zugehörigkeit zum weiblichen Geschlecht, bleibt eine unbestreitbare Waffe des Patriarchats, die die Kontrolle und den Zugriff auf die Körper von Frauen, Trans- und nicht-binären Menschen verstärkt. Der Feminizid, der per Definition ein sexistisches Verbrechen ist, wird in den meisten Ländern der Welt immer noch nicht als solches im Strafgesetzbuch anerkannt. Die Sittenpolizei würde nicht existieren, wenn ihr Zweck nicht darin bestünde, die Frau in einer Rolle zu unterdrücken und zu beleidigen, die ihr vom konservativen Patriarchat auferlegt wird. Es ist dringend notwendig, dass wir das Thema Feminizid radikaler und konkreter angehen. Diese Gespräche müssen auch in Luxemburg geführt werden, wo Feminizid immer noch nicht als Verbrechen im Strafgesetzbuch anerkannt ist.

Mitgeteilt von der Bewegung déi Lénk

Resto-bio-polis : déi Lénk veut déployer tout le potentiel des cantines scolaires

Communiqué de presse

Les cantines publiques constituent des leviers importants pour transformer durablement l’agriculture. La production régionale d’aliments participe à la réduction des émissions de gaz à effet de serre liés au transport de marchandises et contribue à la création d’emplois utiles dans la région. La production biologique allège la pression sur les écosystèmes et protège la biodiversité. Les cantines publiques qui proposent des produits régionaux et biologiques permettent en même temps aux élèves et au personnel scolaire de bénéficier d’une nutrition de haute qualité.

Malheureusement, une telle réorientation de la politique agricole et de l’alimentation n’est pas dans l’esprit du gouvernement actuel.

Au cours des années passées on a maintes fois pu constater que les grandes annonces du gouvernement en matière de développement durable sont restées sans suites significatives.

L’objectif des 20 % d’agriculture biologique jusqu’en 2025 a fait beaucoup débat en 2018, mais depuis les voix se sont tues. En 2022, le Luxembourg fait mauvaise figure avec sa part de 6% d’agriculture biologique. Le nouveau label de certification des produits régionaux a été conçu de manière si vague par le ministre de l’agriculture qu’il n’opère aucune orientation d’achat et n’encourage pas les producteurs régionaux qui souhaitent œuvrer en faveur d’une production plus durable. Le dernier projet de loi de la ministre de la Santé relatif à la politique d’alimentation est tout aussi dépourvu d’ambitions et exclut d’emblée toute participation et l’avis des organisations et des personnes concernées. Le projet de loi du ministre de l’Éducation Claude Meisch (DP) sur la réforme de Restopolis s’inscrit parfaitement dans la lignée des échecs du gouvernement en place.

Avec la future réforme, Restopolis serait transformée en administration publique indépendante, ce qui ne devrait pas changer grand-chose au fait que la majorité des cantines scolaires sont exploitées par trois grandes entreprises privées (10 cantines seulement sont sous régie directe publique).

On peut en déduire que les conditions de travail et les salaires des personnes engagées dans les cantines en régie directe diffèrent de ceux du personnel des cantines sous régie privée. Une telle inégalité de traitement est inacceptable dans le cadre d’une service public.

Pour éviter que la privatisation des cantines scolaires installe une inégalité de traitement entre les élèves et le personnel scolaire, notamment en termes de tarifs et de qualité des repas, le gouvernement veut mettre en place une loi qui aura pour objectif de réglementer le secteur.

Sauf que le projet de loi en question ne prévoit actuellement pas la promotion des productions régionales ou biologiques parmi les objectifs et les missions de la nouvelle administration « Restopolis ». L’absence d’objectifs chiffrés en matière d’alimentation biologique et régionale dans le projet de loi, prouve qu’il s’agit d’une déclaration d’intention parmi d’autres. Le ministre de l’Education fait référence à d’autres stratégies, comme le plan BIOPAN 2025 qui prévoit qu’en 2025, 50% des produits disponibles dans les cantines proviendront de l’agriculture luxembourgeoise locale, dont 40% de l’agriculture biologique. C’est là que le serpent se mord la queue, car à défaut de productions agricoles diversifiées et biologiques, ces produits sont encore inexistants au Luxembourg. Les membres du gouvernement se renvoient donc constamment la balle, avec pour résultat que les produits biologiques continuent à être massivement importés en provenance de sites de production globaux.

déi Lénk ne s’oppose pas à la création d’une entité administrative pour Restopolis. Au contraire, une administration indépendante peut apporter son lot d’efficacité et de résultats positifs. Seulement, il faut que les objectifs et missions à remplir par cette administration soient clairement définis dans le texte de loi.

De plus, il est essentiel que les cantines scolaires soient exclusivement gérées et exploitées en régie directe publique. La privatisation des cantines scolaires est clairement un frein à la mise en place d’un programme d’alimentation régional et biologique dans les écoles. Le fait de servir le même menu avec les mêmes plats dans toutes les cantines scolaires du pays, est une solution alibi pour donner l’impression d’une égalité de traitement des usag.ère.er.s dans un contexte de privatisation rampante.

Cette approche est mauvaise sous divers aspects. D’une part parce qu’elle empêche la possibilité  d’une alimentation régionale et de saison. En effet, les grandes quantités d’aliments requises ne peuvent être produites qu’au Luxembourg, ce qui exclut les petits producteurs locaux.

D’autre part, cette approche part d’une conception de l’agriculture qui se résume à des productions massives et uniformes. Cette conception n’est évidemment pas idéale pour l’introduction d’une offre équilibrée et de qualité dans les cantines.

Pour cela, déi Lénk souhaite concevoir cette nouvelle administration comme une centrale de coordination de réseaux régionaux mettant en lien cantines scolaires et producteurs qui dans un échange mutuel s’accordent sur les menus proposés à partir de l’offre de produits disponibles et en fonction de critères biologiques, régionaux et saisonniers.

En s’engageant par des contrats à long terme à provisionner les cantines scolaires, les entreprises agricoles obtiendront également une sécurité de planification de leurs productions. Par ce fait, le travail agricole sera revalorisé. La création de nouvelles initiatives agricoles pourra être stimulé et des reconversions d’entreprises agricoles existantes pourront être favorisées. Les options végétariennes et véganes pourront devenir la règle. Les usag.ère.er.s des cantines scolaires et d’autres acteurs locaux pourront être facilement impliqués dans la définition de l’offre des menus proposés, ce que le projet de loi du gouvernement ne prévoit pas du tout. Enfin, l’approche de déi Lénk garantira également une égalité des conditions de travail du personnel des cantines.

Resto-bio-Polis: déi Lénk gesi méi Potenzial an de Schoulkantinnen.

Pressematdeelung

D’ëffentlech Kantinnen si potenziell e groussen Hiewel fir d’Landwirtschaft nohalteg ze veränneren. Regional produzéiert Liewensmëttel reduzéieren den Ausstouss vun Zäregase beim Transport a schafe sënnstëftend Aarbechtsplazen an der Regioun. D’biologesch Produktioun reduzéiert den Drock op d’Ekosystemer a schützt d’Aartevillfalt. Ëffentlech Kantinnen, déi regional a biologesch Produkter servéieren, droen zu enger gesonder an héichwäerteger Ernierung vun de SchülerInnen an dem Schoulpersonal bäi. Mee esou eng Reorientéierung vun der Ernierung an der Landwirtschaft ass net am Sënn vun dëser Regierung.

An de vergaangene Joren ass méi wéi ee Mol däitlech ginn, dass de groussen Usoen vun der Regierung a Saachen Nohaltegkeet net vill Bedeitung bäizemossen ass. Ronderëm dat 2018 sou vill diskutéiert 20%-Zil bei der Biolandwirtschaft bis 2025 ass et roueg ginn, 2022 végétéiert Lëtzebuerg weider bei ronn 6% Undeel bei der Biolandwirtschaft. Den neie Label fir regional Produkter gouf vum Landwirtschaftsminister esou oppe gestalt, dass e weder eng Orientéierung fir d’Leit beim Akaf ass, nach eng Hëllef fir Produzenten, déi méi nohalteg an der Regioun wëlle produzéieren. De rezente Gesetzesprojet vun der Gesondheetsministesch iwwer d’Ernährungspolitik ass genee esou ouni Ambitioun a schléisst vu vir eran all Matsprooch vun de betraffenen Organisatiounen a Leit aus. De Gesetzesprojet vum Educatiounsminister Claude Meisch (DP) iwwer d’Reorganisatioun vu Restopolis gliddert sech perfekt an an dëse Line-Up vun den Echec’en vun dëser Regierung.

Restopolis soll an Zukunft eng eegestänneg ëffentlech Verwaltung ginn. Dëst soll awer net doriwwer ewechtäuschen, dass déi allermeescht Schoulkatinnen (bis op 10 just nach) vun 3 grousse Privatentreprisen exploitéiert ginn. Dëst bedeit natierlech, dass d’Aarbechtsbedingungen an d’Salairen tëscht den direkt bei de Schoulen agestallte Leit an dem Personal vun dëse Privatentreprisen ënnerschiddlech sinn. An engem ëffentleche Service dierf et an eisen Aen esou Zoustänn net ginn.

Fir ze verhënneren, dass duerch d’Privatiséierung vun de Schoulkantinnen och d’SchülerInnen an d’Personal an de Schoulen ënnerschiddlech behandelt ginn, sief et bei den Tariffer oder der Qualitéit vum Iessen, reegelt d’Regierung de Secteur gär mat engem Gesetz. Am Projet vun dësem Gesetz, den aktuell virläit, kommen d’biologesch a regional Erzeugnisser awer net an den Zilsetzungen oder de Missioune vum der neier Verwaltung vir. Kloer chiffréiert Ziler ginn et keng, et bleift bei Absichtserklärungen. Den Educatiounsminister verweist dowéinst op aner Strategien, wéi de BIOPAN 2025, dee virgesäit dass bis 2025 50% vun de Produkter an de Kantinnen aus der lokaler Lëtzebuerger Landwirtschaft solle kommen, 40% dovunner esou guer aus der Biolandwirtschaft. Hei bäisst sech d’Kaz awer an der Schwanz, wëll déi Produkter ginn et zu Lëtzebuerg guer net, dofir hu mir weder déi diversifizéiert nach déi biologesch zertifiéiert Produktioun. D’Regierungsmembere spillen sech de Ball also hei hin an hir, mam Resultat, dass biologesch Produkter weiderhi massiv importéiert musse ginn a sech net regional mee global mat Wueren agedeckt wäert ginn.

déi Lénk hu kee Problem mat der Schafung vun enger ëffentlecher Verwaltung, am Géigendeel, eng effikass an eegestänneg Verwaltung ka sécherlech positiv Akzenter setzen. Mee d’Ziler, déi des Verwaltung verfollege soll, mussen awer kloer am Gesetz stoen.

Mee mir gi méi wäit. D’Schoulkantinnen an den ëffentleche Schoule mussen an eisen Aen alleguer an direkter an ëffentlecher Regie bedriwwe ginn. Mir sinn nämlech der Opfaassung, dass grad d’Privatiséierung vun de Kantinnen der biologescher a regionaler Ernierung an de Schoulen am Wee steet. Sou ass zum Beispill den Usproch, dass an all Kantinnen am Land déi selwecht Menuen servéiert musse ginn eng Verleeënheetsléisung, fir am Kader vun der Privatiséierung nach eng Gläichbehandlung vun de KantinnsnotzerInnen oprecht z’erhalen. Dat ass an den Aen vun déi Lénk awer total falsch. Engersäits steet des Approche enger regionaler a saisonaler Ernierung am Wee, wëll déi entspriechend Quantitéiten net zu all Moment zu Lëtzebuerg kënne produzéiert ginn a kleng Produzente soumat ausgeschloss ginn. Anerersäits ass dës Erugoensweis awer och verhaft an der Virstellung dass d’Landwirtschaft eng uniform Masseproduktioun géif bedreiwen. Se ass op kee Fall eng Bedingung fir eng qualitativ héichwäerteg an equilibréiert Offer an de Kantinnen.

Dofir wëllen déi Lénk déi nei Verwaltung als eng zentral Koordinatiounsstell vu regionale Reseau’en aus Schoulkantinnen a Produzente verstoen, déi am Echange mateneen d’Menuer opgrond vun der méiglecher Offer festleeën an dobäi d’Ziler vu Regionalitéit, Saisonalitéit a biologescher Hierstellung verfollegen. D’landwirtschaftlech Betriber sollten hei mat Hëllef vu laangfristege Kontrakter mat de Kantinne Planungssécherheet kréien. D’Aarbecht an de landwirtschaftleche Betriber kann iwwer dëse Wee opgewäert an d’Schafung vun neien an d’Rekonversioun vu bestoende Betriber dynamiséiert ginn. Och d’vegetaresch an d’vegan Optiounen an de Kantinne soll esou developpéiert an zur Reegel ginn. An esou engem regionale Kontext kënnen och d’NotzerInne vun de Kantinnen an aner lokal Acteuren an d’Ausriichtung vun der Offer matabezu ginn, eppes wat mam Regierungsprojet iwwerhaapt net virgesinn ass. Net zulescht wier iwwer dës Approche och eng Gläichheet bei den Aarbechtsbedingunge beim Kantinnspersonal ze garantéieren.

Fir den Index. BASTA!

déi Lénk hate schonn am Virfeld vun der leschter Tripartite gewarnt, dass et géing ëm den Index goen, an net ëm d’Explosioun vun den Energiepräisser, wéi ugekënnegt. Eng Desinformatiounscampagne vum Patronat huet nämlech Stëmmung géint den Index gemaach soubal d’Regierung d’Triparite annoncéiert hat. Déi Lénk hunn och net missen an d’Kristalkugel kucke fir ze wësse wou d’Reess higeet, mee an d’Geschichtsbicher. Bei all Kris gëtt systematesch den Index a Fro gestalt. Mat ëmmer deem selweschten Argument: den Index ass sozial ongerecht, well eng Persoun déi méi verdéngt, méi dovu profitéiert wéi eng Persoun déi wéineg verdéngt. Dat schéngt esou op deen éischten Bléck richteg, mee et ass just eng Hallefwourecht. Den Index war ni als Hiewel vun der Sozialpolitik geduecht. Mee als Mechanismus fir all d’Léin an d’Pensiounen un d’Entwécklung vun de Liewenskäschten unzepassen. Sozialpolitik ass ëmmer eng Fro vun der Ëmverdeelung. Gerecht Ëmverdeelung ass haaptsächlech eng Fro vu Steierpolitik.

Dat Argument vun der sozialer Ongerechtegkeet ass awer net nëmmen eng Hallefwourecht, et ass och nach pervers, well et d’Solidaritéit tëschent de Lounofhängegen a Pensionéierten a Fro stellt, an do reiwe sech d’Patronen natierlech d’Hänn, well schlussendlech si se di eenzeg, déi vun enger Indexmamipulatioun profitéieren, well déi gespuerte Suen direkt an hir Täsche fléissen. Souvill also zu der sozialer Gerechtegkeet vun enger Indexmanipulatioun.

Vun de grousse Gewerkschaften huet leider just den OGBL d’Enjeuxen vun esou enger Manipulatioun erkannt, an also zu Recht dee faméisen « Solidaritéispak » net ënnerschriwwen. Dofir gouf et vun der Regierung vill Kritik. Fir déi Lénk ass dem OGBL seng Haltung déi eenzeg responsabel, a si weist dass d’Salariéen an d’Rentner zu Lëtzebuerg ee staarke Partner hunn am Kampf géint de Sozialofbau.

Wat ass also wierklech geschitt ënnert dem Virwand vun der aktueller Energiekris. Dat éischt: eng Indexmanipulatioun, déi just de Patronen ze gutt kënnt. Dat zweet : eng Subventiounspolitik, déi CO2-Ausstéiss fërdert. De 7,5 Cents Rabatt op all Liter Bensinn, Diesel a Masout ass esou eng Subventioun. Et handelt sech hei awer net just ëm een handfeste Klimaskandal, mee och nach ëm sozial Ongerechtegkeet. Leit mat décken Autoen, déi vill verbrauchen porfitéieren hei am meeschten. En plus, ass et eng Moossnam, déi versicht den Tanktoursimus ze schützen, deen dës Regierung jo awer bekämpfe wollt…

Fir d’Entreprisen ass och en änleche Kado dran : d’Kompenséierung vun der Hausse vum Präis vun deene sougenannten Emissiounszertifikater, déi d’Entreprise kaafe fir kënnen ze verschmotzen. Dobäi ass Sënn an Zweck vum sougenannten Emissiounshandel awer d’Entreprisen duerch héich Präisser vun den Zertifikaten dozou unzereege manner ze verschmotzen.

Mir wëssen och, dass d’Hausse vun den Energiepräisser net eng direkt Konsequenz vum Putin sengem vëlkerrechtswiddrege Ugrëff géint d’Ukrain ass, mee ee Resultat vu Spekulatioun an willkürlecher Präisspolitik vu Raffinerien an Uelegkonzerner. Mat der Subventiounspolitik, déi eis Regierung bedreift, gëtt dëss Spekulatioun a Praïsspolitik belount. Et ass also ee Schoss an den Uewen.

Dobäi kënnt, dass niewend den Energiepräisser och nach wichteg Liewensmëttel méi deier ginn. Do hëlleft et natierlech näischt wa just fossil Energie subventionnéiert ginn. déi Lénk proposéieren dofir een Energiegeld wat a Form vun engem besteierbarem Complément de revenue soll all Stot zeguttkommen. Stéit mat engem Akommes ënnert dem Medianloun bezuele naïscht zeréck. Stéit déi méi wéi de Medianloun kréien bezuelen dee Complément progressiv zeréck. Esou een Energiegeld kann fir all méiglech Depense benotzt ginn, vu dass jo mat der aktueller Inflatioun villes méi deier gëtt. Et ass sozial gestaffelt an et fléisst net nëmmen a fossil Energien.

7 Moossnamen fir séier Wunnräum ze schafen.

Wéi kann ee séier Wunnraum schafen? Zu dem Thema hunn déi Lénk haut an der Stad, virun engem eidelstoende Gebai an der Avenue de la Liberté, eng Pressekonferenz gehalen. déi Lénk hunn ee « Programme d’urgence logement » ausgeschafft, dee 7 konkret Moossname proposéiert, déi séier ëmsetzbar sinn an déi direkt géinge Wunnenge fräimaachen.

Et ass net de Mangel u Wunnengen, deen d’Situatioun esou schlëmm mécht, mee et ass d’Spekulatioun mam eidelstoende Wunnraum. Zu Lëtzebuerg ass de Steiersystem esou ausgeriicht, dass Leit, déi hir Wunnengen net verlounen, keng Steiere musse bezuelen. A wéinst der Situatioun um Wunnengsmaart, wou d’Präisser explodéieren, sinn och déi eidel Wunnengen immens rentabel.

Do wëllen déi Lénk den Hiewel usetzen, a Moossname proposéieren, fir dass Proprietären incitéiert ginn hir Wunnengen ze verlounen. Esou sollen d’Gemenge pro 1000 Awunner zwou Wunnenge lounen a se de Leit ze Verfügung stellen. Duerch d’Circulaire 3324 ass dat méiglech an de Staat géing d’Gemenge rembourséieren. Natierlech sollen och eidelstoend Wunnenge besteiert ginn. Déi Méiglechkeet ass ginn duerch de Pacte Logement 1 vun 2008. Wa Proprietären trotzdeem net wéilten hir Wunnenge verlounen, sollen, duerch ee Krisegesetz, dës Wunnenge requisitionéiert ginn an u Leit, déi eng Wunneng brauchen, verlount ginn.

Onbenotzte Bürosgebaier oder Geschäftsfläche solle séier a Wunnraum ëmgewandelt ginn. Onbenotzte Bauterraine sollen och besteiert ginn. Proprietären, déi hir Terrainen ze Verfügung stelle fir séier ëmsetzbar modulär Bauprojeten, solle keng Steier bezuelen. Fir dës Moossnam ëmzesetzen, muss just d’Bautereglement an de Gemenge geännert ginn. déi Lénk fuerderen och, dass ëffentlech Terrainen, déi séier kéinte bebaut ginn, wéi zum Beispill Parkingen, och solle mobiliséiert gi fir modulär Bauprojeten, déi een séier ob- an -ofbaue kann.

Matgedeelt vun déi Lénk.

Hei kënnt Dir dee ganze Programm noliesen


7 mesures pour mobiliser rapidement des logements.

Comment peut-on rapidement mobiliser des logements ? Aujourd’hui, déi Lénk a tenu une conférence de presse sur ce sujet devant un immeuble inoccupée de l’avenue de la Liberté à Luxembourg-Ville. déi Lénk a élaboré un programme d’urgence logement qui onctient 7 propositions concrètes qui peuvent être rapidement mises en place afin de libérer des logements.

Ce n’est pas le manque de logements qui pose un problème, mais la spéculation avec des logements inoccupés. Au Luxembourg, le système fiscal n’impose pas la taxation de logements inoccupés. Et, en raison de la situation sur le marché de l’immobilier où les prix explosent, ces logements inoccupés restent extrêmement rentables.

déi Lénk veut justement inciter les propriétaires à mettre en location leur logement. Ainsi, les communes doivent louer deux logements par 1000 habitants pour les mettre à disposition des personnes qui en ont le plus besoin. Ce dispositif est prévu dans la circulaire 3324 qui prévoit également que l’État rembourse les communes. Évidemment, il faut aussi taxer les logements inoccupés. La possibilité d’une telle taxation est donnée par le pacte logement 1 de 2008. Si les propriétaires refusent toujours de mettre en location leurs logements, une loi de crise doit permettre de les réquisitionner afin de les louer à celles et ceux qui en ont besoin.

Des bureaux et des surfaces commerciales inutilisés doivent être transformés rapidement en logements. Des terrains à bâtir laissés en friche doivent aussi être taxés. Les propriétaires qui mettent à disposition leurs terrains pour la construction de projets de construction modulables et temporaires, ne payeront pas cette taxe. Pour mettre en place cette mesure, il suffit de changer la réglementation en matière de bâtisse au niveau communal. déi Lénk revendique aussi que des terrains publics, qui peuvent rapidement être viabilisés, comme des parkings par exemple, soient également utilisés pour des projets d’habitation temporaires qui peuvent être rapidement montés et démontés.

Communiqué par déi Lénk.

Vous pouvez lire notre programme ici.

Energetesch Sanéierung: Nohalteg wunnen dierf kee Luxus sinn.

Elo wou de Bam brennt wéinst den héijen Energiepräisser, fänkt d’Regierung un ze wibbelen. Mee wéi esou oft kënnt net vill dobäi eraus. Fir d’energetesch Sanéierung ze fërderen, hält d’Regierung weider un hirem ongerechte Primmesystem fest, deen déi bevirdeelegt, déi schonn am meeschten hunn. Esou ass d’Recht op Energieeffikassitéit einfach net ginn.

Dat eenzegt wat de Logementsminister ds Woch an der Kommissioun présentéiert huet, ass eng Reform vum « Prêt climatique », déi fir keen eppes verbessert a fir Stéit mat klengem Revenu d’Situatioun och nach riskéiert ze verschlechteren. De « prêt à taux zéro », dee fir Stéit geduecht war, déi Recht op Wunnengshëllef hunn, gëtt einfach ofgeschaaft. Elo gëtt et also just nach ee Prêt fir all Stot. Hei sinn d’Zënsen, déi vum Staat iwwerholl ginn, awer op 10.000 Euro gedeckelt. Wann d’Zënssätz also klammen, sinn d’Stéit mat klenge Revenuen déi éischt Affer.

Dobäi kënnt dass och elo Multiproprietären e Recht op dëse Prêt kréien. Si kënnen da mat Staatshëllef Renovatioune finanzéieren, déi dono vun hire Locatairen iwwer de Loyer integral zeréckbezuelt ginn. Esou finanzéiert also de Staat an déi déi am mannsten hunn, de grousse Proprietären hir Renovatiounsaarbechten. Sozial gerecht ass eppes anescht!

Wann de Staat wierklech wëll eng sozial gerecht an ekologesch sënnvoll Sanéierungspolitik bedreiwen, muss e vun dësem ongerechte Schema wechkommen. déi Lénk fuerderen, dass de Staat een ëffentleche Finanzéierungssystem fir d’energetesch Sanéierung aféiert, deen et och de Stéit mat wéineg Revenu erlaabt hir Wunnengen ze renovéieren an esou aus der Energiefal erauszekommen.

Ëffentlech finanzéiert Renovatioune sou wéi déi Lénk se virschloen, géifen elo an onséchere finanziellen Zäite fir d’Stéit nach däitlech méi Sënn erginn. Bei zukünfteg klammenden Zënssätz an dem Abroch vu Revenuen duerch d’Präisdeierecht op der Energie géif e prêt climatique aus engem ëffentleche Finanzéierungspool fir d’Stéit méi vertrauenswierdeg wierken, besonnesch och well e vu willkürlechen Zënsschwankunge befreit wier, dee Stéit mat klengem disponibelen Akommes vun Investitiounen ofschreckt.

Fir déi Lénk ass kloer, dass d’Energiesécherheet an éischter Linn duerch Aspuerunge vun Energie ze garantéieren ass. Dofir muss massiv a séier an Energieeffikassitéit am Logementsberäich investéiert ginn. Dobäi dierf de private Patrimoine oder d’Héicht vum Revenu awer net doriwwer entscheeden, ob e Stot kann energiespuerend Investitioune maachen, fir sou vu Schwankungen op Mazout- oder Gaspräisser verschount ze bleiwen. Energie ass e Recht. Dofir dierf en Invest an nohaltegt Wunnen och kee Luxus sinn.

Matgedeelt vun der Fraktioun déi Lénk.


Assainissement énergétique : Un logement durable ne doit pas être un luxe.

Maintenant que la situation est grave, le gouvernement commence à s’agiter. Mais comme souvent, les résultats ne sont pas à la hauteur. Afin de promouvoir l’assainissement énergétique, le gouvernement maintient son système de primes injuste qui favorise les ménages les plus aisés. Cette approche ne peut garantir le droit à l’efficacité énergétique.

La seule annonce du ministre du Logement concerne une réforme du prêt climatique qui n’améliore pas le dispositif actuel, mais qui risque même d’aggraver la situation pour des ménages avec des petits revenus. Le prêt à taux zéro, qui s’adressait aux ménages ayant droit aux aides au logement, est simplement supprimé. Il n’y a donc plus qu’une forme de prêt. Or, la subvention d’intérêts est plafonnée à 10.000 euros. Dès que le taux d’intérêt augmente, les ménages aux petits revenus seront les premières victimes.

S’y ajoute que les multipropriétaires auront aussi droit à ce prêt. Ils pourront donc financer des rénovations avec l’aide de l’État et se faire intégralement rembourser leur prêt par leurs locataires. Ainsi, l’État et les ménages les plus vulnérables financent les projets de rénovation des plus riches. Cela ne correspond pas à notre idée de la justice sociale.

Si l’État veut mettre en place une politique d’assainissement énergétique socialement juste et écologique, il devra mettre fin à son système de primes réservé aux privilégiés. déi Lénk revendique que l’État mette en place un système de financement public pour l’assainissement énergétique afin que les ménages les plus vulnérables puissent aussi rénover leur logement pour échapper au piège énergétique

Les rénovations avec un financement public, telles que proposées par déi Lénk, feraient d’autant plus de sens en raison des incertitudes qui pèsent actuellement sur nos sociétés. Avec la hausse des taux d’intérêt et l’explosion des prix de l’énergie, un prêt climatique issu d’un pôle de financement public, susciterait davantage la confiance des ménages, car il les protégerait contre l’évolution arbitraire des taux d’intérêt.

Pour déi Lénk, il est évident que la sécurité énergétique doit en première ligne être garantie par des économies d’énergie. Pour y parvenir, il faut rapidement et massivement investir dans l’efficacité énergétique des logements. Le patrimoine privé et le revenu ne doivent pas être des critères déterminants pour savoir si un ménage peut procéder à des investissements dans le but de faire des économies d’énergie et d’échapper à la volatilité des prix du gaz et du mazout. L’énergie est un droit. Pour cette raison l’investissement dans un logement plus durable, ne doit pas être un luxe.

Communiqué par la fraction déi Lénk.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe