Formatioun.

Ganz oft soen d’Leit “Ech verstinn näischt vu Politik“. Dobäi denken si vläicht un eng bestëmmte Politik. Déi vum technesche Kauderwelsch, déi vun de grousse Schlagwierder an de komplizéierten Ausféierungen. Dës Politik ass net gemaach fir vun de Leit richteg verstanen ze ginn. Bei déi Lénk gesi mir d’Politik als eppes, dat direkt aus de Leit hirem Alldag ervirgeet. Wann d‘Leit mierken, dass hir Liewenskonditiounen sech verschlechteren a sech dogéint wieren, op mannst sech doriwwer opreegen, fänken si schonn un Politik ze maachen.

déi Lénk organiséiere Formatioune fir de Leit verschidde Problemer an der Gesellschaft méi kloer ze maachen, a fir hinnen dat néidegt Wësse mat op de Wee ze ginn, fir sech kënnen ze wieren an hinnen Hëllef an hirem Engagement ze ginn.

Eise Formatiounsprogramm leeft iwwer ee ganzt Joer.

Nieft Basisformatiounen, wou een en Abléck an déi grouss historesch politesch Beweegungen, Theorien a Konflikter kritt, organiséiert den Aarbechtsgrupp fir Formatioun, och Lieszierkelen a Konferenzen zu aktuelle gesellschaftleche Sujeten.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe