Débat sur l’Etat de la Nation: L’intervention de notre député Serge Urbany

Le 9 mai 2012 a eu lieu à la Chambre des Députés le débat sur le discours sur l’Etat de la Nation. Voici l’intervention du député de déi Lénk, Serge Urbany:

view video on chd.lu 

 
Etat de la Nation, 9.05.2012

Dir Dammen an dir Hären,

Dës Erklärung zur Laag vun der Natioun – déi d’ganz Regirung engagéiert – fängt un mat enger geopolitescher Beschreiwung vun de Verschiebungen tëschent Natiounen, mat dem Aflossverloscht vun den Europäer, mat der Lëtzebuerger Staatsraison.

Si bezitt sech op d’Lëtzebuerger « Grondwiesen », deem d’Grond- a Buedemspekulatioun anscheinend misst friem sinn – virwat eigentléch méi wéi aneren ? – a mécht en Appell un d’Chomeuren an d’RMG-Bezéier, sech net an der « Solidaritéitsfotell » auszerouen, soss giffe se « Bee » gemeet kréien.

Si hällt och op mat engem Appell un déi, di net mat der Politik vun der Regirung averstane sin, iwwert « hire Schied » ze sprangen a sech net an hirem angeblich « zouenen Denken anzespären ».

A si fuedert d’Patronat an d’Gewerkschaften op erëm mateneen ze schwätzen, soss giffe schwéier Zäite komm.

Fir dass hei am Land e politeschen a sozialen Dialog awer erëm méiglech ass a Sënn mécht, kënnt ee net laanscht eng grondsätzlech Beschreiwung an Afrostellung vun de sozialen Ongläicheeten an der Wirtschaft.

Déi sozial Ongläichheete sin um Ursprung vun der aktueller Wirtschafts- a Finanzkris, andeems se zur iwwerméisseger Usammlung vu Räichtum ganz uewen, duerch eng relativ, an heiansdo absolutt, Veraarmung op der iwergrousser Säit vun dene gefouert huet, déi duerch hir Arbécht fir déi Usammlung vu Räichtum gesuergt hun.

Wa mer an enger Kris sin, dann an enger Verdeelungskris, an dohir kommen och déi sozial Konflikter. D’Chambre des Salariés huet leschte Mount eng Analys vun de Sozialparameteren zu Lëtzebuerg virgeluecht wou se noweist,

– dass den Undeel vun der Arbécht um Räichtum zu Lëtzebuerg am klengsten ass – a néirens esou vill ofgeholl huet wéi hei,

-dass déi kleng Salairen real zréckgange sin,

-dass d’Ongläichheeten tëschent de Salaire gewuess sin, wouzou och déi héich Wunnpräisser bäidroen,

-dass d’Léin esou wéineg zum Liewen duergin dass ouni d’sozial Transferten 29% vun der Bevölkerung dem Armuttsrisiko ausgesat wiren;

-dass d’Bezéier vun Zënsen an Dividenden, steierléch onwarscheinlech bevirdeelegt sin,

-dass déi ontypesch Arbécht zouhëllt an domat d’Prekaritéit.

Ech well nach ee Beispill aus enger offizieller Quell zitéiren, dem « Rapport travail et cohesion sociale » vun 2011 vum Statec. Dono hun d’Léin vun de Salariën tëschent 2006 an 2009 duerchschnëttlech em 2% zougeholl (a Beräicher awer ofgeholl), d’Revenuen aus dem Besëtz – Dividenden, Zënsen a Loyerën – awer em 45% zougeholl!

Déi 2 Chiffren – fannen ech – soen alles aus iwer d’Lag vun der Natioun, an iwer déi ongläich Verdeelung vum Räichtum. Ech fannen se awer net an der Erklärung vun der Regirung.

D’Regirung well näischt un denen Ongläichheeten an der Verdeelung änneren.

Si well net an d’Ekonomi agräifen a wann se et awer mécht, da mécht se et negativ.

Da verlängert se z.B. d’Öffnungszäite vun de Geschäfter an domat d’Arbéchtszäite vun de Leit déi do schaffen.

Da léisst se Bauarbéchter an Aarbéchterinnen aus dem Botzsekteur eleng mat hire soziale Problemer a grousse Betriber déi vun de Statsopträg gudd liewen.

Mee si suergt och fir eng Senkung vun alle Léin duerch Indexmanipulatiounen, déi de grousse Betribsbesëtzer an Aktionären honnerte vu Milliounen Cadeauen bréngen, dem Staat awer z.B. 120 Millioune manner Steieren op net ausbezuelte Léin.

An de Lounstopp am öffentléche Sekteur fir 5 Joer huet erëm en nohaltegen Afloss op de konventionnéierte Sekteur, op Infirmièren, Sozialarbéchter, op Gemengenarbéchter, déi un d’Léin am öffentléche Sekteur ugepasst sin.

A fir d’Lounentwicklung allgemeng ass elo de Signal gin: Mer mussen elo all de Rimm zouzéien! Dat beaflosst och de Mindestloun, deen un d’Lounentwicklung gekoppelt ass, och wann e nach ajustéiert get, wat Gesetz, a net de Verdingscht vun der Regirung ass!

Wann ech d’Sozialpolitik vun der Regirung an dem Kontext well aschätzen, da muss ech soen dass se virun allem d’Sue siche geet bei d’Salariat. Dat gesäit ee gudd bei der Solidaritéitssteier, wourop ech elo net agoe kann.

Just esouvill: si get net erhuewen bei denen 80% vun de Betriber déi keng Steiere bezuelen (dorënner grouss Industribetriber, och de Mittal?) an och net bei der Fongenindustri.

Mir fuederen eng Reorientéirung vun der ganzer Steierpolitik, net eng minimal Betribsbesteierung.

E läscht Wuert nach zur Scholdekris.

D’öffentléch Verscholdung läit bei 18% vun der Wirtschaftsleeschtung, a Frankräich an Däitschland bei 80%, 60% sin an Europa erlaabt. An den USA läit se iwer 100%. Vun der privater Verscholdung schwätzt keen.

D’Scholdelaascht ass entstanen zënter der Finanzkris, virdrun luch se bei 6%. Si besteet zu engem gudden Deel aus ékonomeschen Hëllefen am Bankesekteur an an anere Wirtschaftssekteuren, z.B. aus Garantie fir Immobiliebesëtzer.

2,7 Milliarden Garantie huet d’DEXIA, déi näischt méi mat Lëtzebuerg ze din huet, fir hir Bad Bank kritt, wouranner déi toxesch Finanzproduiten lageren.

D‘Scholdekris besteet also zum Deel aus enger Sozialiséirung vu private Scholden. Duefir sollen elo Salarieën a Rentner bezuelen.

Eis Scholden hun iwrijens näischt mam normale, permanente Budget ze din. Si däerfe laut Budgetsgesetz net opgeholl gi fir d’Léin vun de Fonktionären ze bezuelen.

De „solde structurel“ vum Budget vum Gesamtstaat, d.h. déi fest Einnahmen an Ausgaben, ouni zäitweilig oder punktuell Moossnamen, deen huet en Iwerschoss vun 0,7% vum PIB.

Dat entsprécht och dene strengsten, neien europäische Kritären.

D’Lëtzebuerger Staatsfinanzen hun also keen Dépense-Problem, mee au contraire e Recetteproblem, fir kënnen déi Investitiounen ze tätegen déi noutwendig sin.

Zënter Jorzingte, a besonnesch zënter 10 Joer, gin d’Steieren fir déi Räich a fir d’Betriber erofgesat a mer hun dat ëmmer kritiséiert.

Wann d’Regirung mengt, esou eng Steierreform wir kontraproduktiv fir Investisseuren unzezéien, da si mer an enger Spiral no ënnen déi net méi ze stoppen ass.

Mer mussen eis endlech selwer méi Moyenen fir eng eege Wirtschaftspolitik gin, mat Suen déi hei erwirtschaftet gin.

Mer brauchen dofir öffentléch Fongen an en öffentléchen Afloss an der Wirtschaft iwer Partizipatiounen, och majoritär Partizipatiounen, wéi bei der BIL – wat eng grouss Schalterbank ass déi och Prêten u vill Gemenge mécht – oder bei der Cargolux. An der Stolindustri goufen all Chancen verpasst, während et am Saarland, ënnert dem Oskar Lafontaine, anescht gemeet gouf.

Wann ech d’Panikmacherei em d’Scholdekris kritiséiren, da wëll ech net soen dass eis wirtschaftléch Zukunft geséchert ass, oder dass ee net och verstännech beim Staat mat öffentléche Gelder emgoe soll -virwat eigentléch elo eréischt?

Ech mengen au contraire dass nei Finanzblosen duerch eng Iwerakkumulkatioun vu Finanzkapital ze befiirchte sin, grat zu Lëtzebuerg mat senger grousser Finanzplaatz. Et sollt een duefir vläit éischter op Irland wéi op Gricheland kucken!

Mä grat an deër Optik ass et falsch, op Austeritéit ze setzen an domat d’Nofro an der Industri oder am Handel erafzesetzen.

Grat an deër Optik ass et falsch, d’Sue vun der Rentereserv zu op d’mannst 60% – laut hirem Vertrieder – an ethisch bedenkleche Fongen weltwäit op de Finanzmäert vagabundéiren ze loossen, aplaatz datt se hei an der Ekonomi Rendement an Arbéchtsplaatzen an domat nei Cotisanten bréngen. Dat wir e wichtege Beitrag fir d’Ofhängegkeet vun der Finanzplaatz ze reduzéiren!

Et ass och falsch déi Austeritéitspolitik duerch en europäischen Traité iwer eng Scholdebrems ze zementéiren, déi zu Lëtzebuerg nach duerch eng Steierbrems soll kompletéiert gin, wann et der OECD an dem Finanzminister nogeet.

Et muss also an allen Hinsichten emgeduecht gin, och a virun allem an Europa, dat natirlech net vu Funktionäre régéiert get, mee vun de nationalen Staats- a Regirungschefen.

Och hei hu mer keng wierklech nei Propositioun héiren, ausser deër, dass et elo definitiv keng Finanztransaktiounssteier get.

Här President, d’Natiounen zu Lëtzebuerg an an Europa musse sech selwer em hir Laag këmmeren, an dat maachen se och ëmmer méi!

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe