« E Professer am Verfassungsrecht huet sech an der Press eng Rei vu Froen iwwer d’Legitimitéit vun der Monarchie gestallt.
Dat war virum Depôt vun dësem Projet de loi.
Ech menge net dass d’Legitimitéit vum Haff haut hei wiisst.
Eng Rëtsch Deputéiert hu sech offen d’Fro vun der Opportunitéit vun dësem Gesetz gestallt.
Doriwwer eraus stellt sech d’Fro vum verfassungs- a gesetzméissege Kader. Dat mierkt een och dorun dass d’Majoritéitsparteie net wëssen op wat vir engem juristesche Fouss se danze sollen.
Am Joer 2008 ass nämlech déi ganz Nationalitéite-Fro esouwuel an der Verfassung wéi an engem neie Gesetz geregelt ginn.
D’Nationalitéit ze kréien ass e Recht gin, wann ee gewësse Bedingungen erfëllt. An dat Recht kann een akloen.
Domat ass der Willkür vun enger Chamber-Decisioun hannert zouenen Dieren e Rigel virgezu ginn.
Et ass festgehale gin dass d’Gesetz allgemeng Regele muss festleeën no deenen een d’Lëtzebuerger Nationalitéit ka kréien.
D’Nationalitéite-Gesetz vun 2008 gesäit Residenz- a Sproochebedingunge fir.
Ausnahmsweis kann awer och duerch d’Chamber Lëtzebuerger gin den Auslänner “qui rend ou a rendu des services signalés à l’Etat”. Dozou ginn et 2 Weeër : op Demande oder op Propositioun vun der Regierung.
Esou e Spezial-Gesetz ass et ni gin – och net vir Sportler wéi heiansdo gemeng gëtt – an dat ass och gutt esou.
An dësem Fall – engem Bestietnis – ass de Bezuch op “services à l’Etat” , an domat zum Gesetz vun 2008, net zréckbehale ginn, weder vum Staatsrot nach vun der Kommissioun. Domat war dat 1.Argument vum Här Biltgen ausser Kraaft.
Och säin Ëmwee iwwer d’Allégeance – also d’Ënnerwerfung – vun der Braut ënnert de “Souverän”, déi den Här Biltgen proposéiert hat, ass zeréckgewise ginn.
De “Souverän” ass iwrijens zënter 1919 d’”Natioun” – an de Grand-Duc muss sech zënterhier der Verfassung an de Gesetzer ënnerwerfen.
Ech muss soen, Här President, och déi Erklärung vun der juristescher Kommissioun iwwer d’Identifikatioun vun der Madame De Lannoy mat hirer zukünfteger Roll als Fra vum Ierfgroussherzog a mam Lëtzebuerger Vollek ass net méi plausibel.
Et gëtt domat nach ëmmer keng allgemeng Regel geschafen fir d’Nationalitéit ze kréien, wéi d’Verfassung et fuerdert.
Dat Gesetz hei ass lachhaft, wéi en Deputéierten an der Kommissioun gesot huet, an diskreditéiert d’Chamber wa se et unhëlt.
An dat grad zu dem Moment wou d’Regierung versicht, d’Verfassungskommissioun ze bremsen, déi e.a. dem Haff säi Recht wollt ofschafen als Mat-Gesetzgeber opzetrieden, wat en awer hei an eegener Saach op eng onverschimmt Manéier mécht.
Duerfir hu mer och elo kee Berichterstatter vun der Verfassungskommissioun, obschonn dat hei eng eminent Verfassungsfro ass.
D’Fro vun der Demokratie an der Gläichheet virum Gesetz a vun hirem Géigeprinzip, der Monarchie, ass doduerch awer net evakuéiert, si stellt sech mat neier Kraaft, och bei der Diskussioun iwwer eng nei Verfassung. »