DEINE FRAGE: Wei dax däerf e Premier erëmgewielt ginn?

FRAGE:

Vor- und Nachnamen der Fragesteller werden anonymisiert.

Wann dier gewielt gidd an wann ech dat richteg verstaan hun welld dier d’Verfaasung emänneren oder direkt eng komplett nai.
Meng fro ass déi, op dier och géingt änneren dat den Premier nemmen 2 mol remgewielt kann ginn?
An op Kierch an Staat getrennt gett?

ANTWORT

Merci fir Är Fro.
déi Lénk fuerdert dat e Premier just fir 2 Legislaturperioden des Plaatz besetze kann, dat heescht, dat e Premier just eng Kéier erëmgewielt gi kann.
Dat gehéiert scho laang an villen anere Länner zur demokratescher Traditioun. Verhënnert gi kéint doduerch virun allem, dat sech onkontrolléiert an ondemokratesch Muechtstrukture bilde. Och géif sou nees d’Amt virun der Persoun stoen, aplaz d’Persoun an de Persounekult virum Amt.
Bei Trennung vu Kierch a Staat huet déi Lénk d’Positioun dat all Zort vun Finanzéierung u Kierchen (net just déi kathoulesch Kierch) gestoppt gi sollt an den Afloss vun der Kierch op de Staat ënnersicht an beend gi muss. Staatlech Zeremonien sollen neutral sinn, an de Reliounsunterrecht an de Schoulen soll duerch ee Cour an der « philosophie pratique » ersat ginn. Och an der Verfassung sollt fir eng Trennung vu Kierch a Staat verankert ginn, aplaatz de Status vun der kathoulescher Kierch fir Lëtzebuerg opzewäerten. Domat setzt sech déi Lénk fir eng strikt Form vun Trennung vu Kierch a Staat an.
Eis Positiounen presentéiere mer och am Detail an –> dësem Dossier (.pdf)
Mir hoffen Iech Är Froen beäntwert ze hunn.
bescht Gréiss

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe