DEINE FRAGE: Wei stinn déi Lénk zum neie Stadion?

FRAGE:

Vor- und Nachnamen der Fragesteller werden anonymisiert.

Wei stinn Dei Lenk zum iwerdimesioneierten neie Stadion?
Den aktuellen geet mei wei duer: en ass net pourri (gitt kucken).; en huet just net deen VIP-deel anscheinend neideg fir besser Leit. Haut ass en fir vill verschidden Sportler, muer ass en nömmen fir Fussballer.
Deen heutegen Stadion breicht nömmen eng nei ausgebauten Haapttribune, that’s all.
Wann oofgerappt misst gin, dann ass den Quadratmeterpreis vill ze vill heich fir eng Wiss dei meeschtens eidel ass. Wunnengen sollten dohinner kommen, metzen an der Staat (1 km vum Zentrum!), endlech wunnraum deen ze bezuelen ass!!!!!
Et sinn nach vill Argumenter geint dei demagogesch Frenesie fir en paranoien Superstadion fir 9000 Leit.
Ech sinn Lenk, weisst awer gaer waat Dei Lenk an den naechsten Diskussiounen soen wärten.
J. T.

ANTWORT

Gudde Mëtteg Här T.,

déi Lénk si mat iech d‘accord, wann dir sot, dass mir keen iwwerdimensionéierte Stadion zu Lëtzebuerg brauchen.

Mir sinn awer natirlech der Meenung, dass mir e Stadion sollten hunn. Dese Stadion sollt idealerweis:

– fir souvill wéi méiglech verschidden Aktivitéiten kënnen genotzt ginn (sou wéi et beim aale Stadion an der Areler Stroos de Fall as)
– e sollt net méi grouss sinn wéi dat, wat lo do steet, wëll méi wéi déi 8000 Platzen nie gebraucht ginn.
– e sollt net iegendwou op der grénger Wiss gebaut ginn a gutt un d’Verkéiersnetz ugebonnen sinn.
– idealerweis sou mann wéi méiglech kaschten, wëll de Stadion keng prioritär öffentlech Ausgab soll sinn.

Aus denen Grënn wir et am beschten, de Stadion do stoen ze lossen wou e lo as an en einfach ze renovéieren. Den Zoustand vum Stadion kann ech lo allerdéngs net bewerten.

Wat de Wunnéngsbau ugeet, sou gi mir iech natirlech Recht. Mir hun en akute Mangel u bezuelbarem Wunnraum. 1 vun 8 Locatairen bezillt iwwer 40% vun séngem Akommes fir de Loyer, eppes kafen as fir déi meescht Leit eng Saach vun der Onméiglechkeet ginn. Dofir wëllen déi Lénk och massiv Wunnéngen bauen. D’Ziel, dat mir upeilen wëllen, sinn 6500 nei Wunnéngen d’Joer, wouvun e groussen Deel vun der öffentlecher Hand iwwerholl misst ginn, fir d’Praisser op dem Wee ze drécken. Dass sou Wunnéngen, och Sozialwunnéngen, och zentral an de Stied leien mussen, as fir eis kloer. Besonneg an der Stad, wou d’Gentrifizéierung grasséiert an ëmmer méi Leit mat normalem Akommes sech keng Wunnéng méi kënne leeschten an de Stadzentrum oder direkt d‘Stad verlossen mussen, as et dringend noutwenneg massiv öffentlech Wunnéngen ze bauen.

Fir weider Infos zu eisem Programm an och zum Logement kënnt dir op eise Blog kucke goen.

Bescht Gréiss,

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe