DEINE FRAGE: Wien schwätzt vun allengerzéienden Elteren ?

FRAGE:

Vor- und Nachnamen der Fragesteller werden anonymisiert.

Elections nationales: wien schwätzt emol eng keier vun erleng erzéihend Elteren ? Do ass esou vill ze maachen !

ANTWORT

Den Problem vun den allengerzéienden Elteren ass virun allem en Problem vun Fraen, duerfir stellen sech hei doriwer eraus all déi Schwieregkeeten, déi Fraen kennen (als een Beispill d’Ongerechtegkeeten beim Loun) an och een Problem vunn Mënschen déi manner Revenu’en hunn an domadder op een staarken Sozialstaat ugewissen sinn.

Et sinn och Fraen déi virun allem d’Konsequenzen vun der Schwächung vun den Famillien mussen droen.

Déi Lénk wëll virun allem an 4 Punkten besonnesch aktiv ginn wou och allengerzéihenden Elteren giff ennerstëtzen an manner alleng giff loossen :

-Eng qualitativ héichwäerteg Kannerbetréiung déi soll an Ganzdagschoulen integréiert ginn an fir jiddereen soll gratis sinn (et gëtt nët een méi raicht oder manner raicht d’Kand – sozial Gerechtegkeet gëtt iwwer Steieren hiergestallt an nët iwwer onglaich Behandlung bei öffentlechen Leeschtungen)

Bezuelbar Wunnéngen, virun allem an der Locatioun, mee och fir ze kaafen. Grad d’Wunnen verschlengt oft een groussen Undeel vum Budget vun engem Stoot an grad allengerzéihend Elteren faalen oft an d’sougenannten « Mietfalle », dat weisen Etuden. Déi Lénk wëll och all Initiativen vunn kooperativer Selbstorganisatioun ennerstëtzen, esou z.b. dass Leit sech zesummendinn fir als Cooperativ eng Résidence oder eng Cité ze bauen an dat baulech an organisatoresch esou opzesetzen dass d’Entreaide erliichtert gët an sech Elteren och zesummen méi einfach kënnen organiséieren.

Gesëchert Akommes. Den Mindestloun ass ënnert der Aarmutsgrenz an grad allengerzéihend Elteren sinn vun Aarmut betraff oder bedroht. Déi Lénk fuerderen 300 EUR méi am Mindestloun. Ausserdem trieden mäer konsequent fir d’vollstännegt Erhaalen vum Index, ouni Modulatioun oder Manipulatioun an.

35 Stonnen Woch bei vollem Loun. D’Produktivitéit ass massiv eropgaangen, mee d’Leit schaffen éischter méi amplaz manner. Glaichzaiteg ass net méi genuch Aarbescht do fir jiddereen. Duerch Arbechstzaitverkierzung wäer fir jiddereen méi Zait do, dat giff allengerzéihend Elteren bedaitend entlaaschten.

Dëst geet awer vlait nët duer, mäer sinn oppen fir Ureegungen an Iddien wéi een allengerzéihend Elteren nach méi gezielt kann ennerstëtzen.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe