Fräi Radiostribün mam Serge Urbany: Referendum, e Stéck Demokratie

Referende waren an der Geschicht méi wéi eng Kéier e Stéck vun der Demokratie.

Bei der Novemberrevolutioun 1918 ass d’Ofdanke vun der Groussherzogin Marie-Adelheid gefuedert an erreecht gin. Si hat sech mam däitsche Keeser kompromittéiert, an offen hir Sympathie fir d’Rietspartei gewisen. 1919 ass du kloer an d’Verfassung geschriwwe gin, dass d’Staatsgewalt vum Vollék ausgeet a net méi vum Grand-Duc. Gläichzäiteg ass dat allgemengt Wahlrecht ouni Akommesbedingung komm, och fir d’Fraen.

Nodeem d’Demokratie gewonnen hat, ass an engem Referendum déi nei Grand-Duchesse Charlotte mat 66.811 Stëmme bestätegt gin. Ëmmerhin 16.885 Biergerinnen a Bierger haten sech demols scho fir d’Republik ausgeschwat – zu Esch an zu Rëmeléng esouguer eng Majoritéit vun de Leit.

1937 huet d’Vollék mat 51% d’Maulkuerfgesetz vum klerikale Staatsminister Bech ofgeleent, dat d’demokratesch Rechter aschränke wollt a schons duerch d’Chamber gaange war.

2005 huet de Neen zur neoliberaler EU-Verfassung 44% vun de Stëmme kritt – an am Süden esouguer wäit iwwer 50% – obschon och deen Text mat grousser Zoustëmmung duerch d’Chamber gaange war, an obschons de Juncker mat Démissioun gedreet hat.

Et geet och 2015 nees em wichteg demokratesch Froen.

D’allgemengt Wahlrecht, wat 1919 agefouert gouf, ass haut a Fro gestallt.

Bal d’ Halschecht vun de Leit – déi mat eis zesumme schaffen an niewent eis wunnen – kënne net un der Gestaltung vun der Politik deelhuelen.

Dat ass eppes aneschtes wéi e Pass hun. De lëtzebuerger Pass ass eng Fro vu Nationalitéit, vun Zivilstand, vu Gefill. D’Wahlrecht ass eng Fro vun der Demokratie: Do wou ech wunnen wëll ech no enger Zäit och matbestëmmen, esou wéi haut scho bei de Gemengewahlen an den Europawahlen an och de Sozialwahlen.

Grat esou wichteg ass d’Fro vum Wahlalter. A Schottland an Eisträich bei Nationalwahlen, a villen däitsche Bundeslänner bei Kommunal- a Regionalwahlen, hun déi Jonk scho mat 16 Joer d’Wahlrecht. Déi Jonk sin am meeschte betraff vun den Décisiounen déi haut geholl gin, wat eng propper Emwelt, gudd Arbéchtsplaatzen a sozial Sécherheet, grat esou wéi de Fridden ugeet. Si kënne jo och ënner 18 Joer schaffe goen an esouguer an d’Arméi.

CSV an ADR si géint d’Froe vum Referendum a wëlle 4mol mat Neen äntwerten. Och bei der Fro iwwer d’Paschtéischgehälter. Déi Partei, déi esou dacks an der Geschicht géint de Fortschrëtt war, huet Angscht virum Referendum. A wat soll ee vum ADR halen, dee “méi Referendum” verlaangt wann et géint den Tram geet – awer net wann et em méi Demokratie geet.

Déi Lénk werte prinzipiell an dësem Referendum Jo zur Demokratie soen a schaffe konstruktiv mat un der definitiver Formuléirung vun de Froen. Mer sin awer weiderhin géint déi neoliberal Ausriichtung och vun dëser Regirung. Mee wat méi betraffe Leit hir Oppositioun zu deër Politik bei Wahlen ausdrécke kënnen, wat eng aner Politik och erëm zu Lëtzebuerg méi eng grouss Chance kritt.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe