Ried vum Serge Urbany zum Accord mat de Reliounsgemeinschaften
Här President,
D’Relatiounen tëschent dem Staat an der kathoulescher Kierch waren ëmmer Géigestand vu gesellschaftléchen Ausenanersetzungen während enger laanger a kontroverséierter Geschicht.
Et gung dobäi ëmmer ëm de Widdersträit vun de Meenungen an Interessen tëschent den Unhänger vun engem reliés neutralen a laizistesche Staat – an den Akteuren vun engem Afloss, vun engem Amëschen vun der Kierch an de Staat.
Déi Relatioune woare ganz heftig am 19. Jorhonnert a bis 1919. Si hun déi liberal, biergerléch Kräften an déi sozialistesch a gewerkschaftléch Kräften der Rietspartei, der hauteger CSV opposéiert.
Zënterhir waren déi Relatioune méi « friddléch » – wéi de Grupp Experten schreiwt deen 2012 e Rapport driwwer gemeet huet. Virun allem och wéinst dem Iwwergewiicht vun der CSV an den Institutiounen zënter der Aféirung vum allgemenge Wahlrecht 1919.
Niewend Fakteuren wéi dem Wahlrecht oder der Monarchie hat dësen Afloss awer och mat dem institutionnelle Gewiicht vun der Kierch iwer de Reliounsunterricht an iwwert d’Präsenz vun der Kierch am öffentléche LIewen. De fréiere Wort-DIrekter André Heiderscheid huet emol d’CSV als de verlängerten Aarm vun der Kierch an der Chamber beschriwwen.
Ech wëll virun dem Hannergrond – an 10 Minutten dat wat haut hei geschitt – a wat ouni Zweifel eng nei Etapp ass – emräissen.
JO, vun hirer Uluecht hir ënnerscheed dës Conventioun sech vun all dene vu virdrun, déi si abrogéiert.
Et ass – éischtens – eng Konventioun mat alle Reliounsgemeinschaften zesummen, och mat der muslimischer, wat mär ausdréckléch begréissen.
Dat ass wichteg, wëll se domadder dem Kultur- a Reliounekampf de Buedem entzitt.
De « clash of civilisations », ob dee Verschiddener bauen, wert hei net stattfannen !
Lëtzebuerg ass eng multikulturell, zesummewuessend Gesellschaft an dat ass hir Stäerkt.
Dës Konventioun mécht – zweetens – och e Broch mat zwou konstitutionnellen Dispositiounen, déi de Staat derzou zwéngen, d’Gehälter vun der kathoulescher Kierch ze bezuelen, an de Staat och derzou zwengen, Konventiounen mat hir ze maachen.
Mer begréissen ausdrécklech déi Aussoen esouwuel vun der Regirung wéi vun der Kierch, dass dee Brocht och esou gewollt ass an dass et net méi de Verfassungsoptrag vum Staat ka sin, Reliounen ze finanzéiren.
Mee dass et drëm geet, am Kader vun der Reliounsfräiheet, och Reliounen wéi aner gesellschaftléch Organisatiounen eventuell ze ënnerstëtzen.
Virwat dat net kloer an d’Verfassung schreiwen ?
D’Verfassungskommissioun huet sech demueren – géint eis Stëmm – op e faule Kompromiss mat der CSV geenigt.
Déi kloer Formuléirung : « Les églises et communautés religieuses sont séparées de l’Etat » déi d’Majoritéit anscheinend proposéiert hat wéi mer iwer d’Press gewuer gi sin, ass duerch en onpräzisen a schwammigen Text ersat gin.
Zousätzléch kréien duefir awer d’ »relations entre l’Etat et les communautés religieuses » Recht op en eegent Ënnerkapitel bei de Staatsverwaltungen.
Hun och aner Associatiounen Ënnerkapitelen ? Si komme guer net vir an der Verfassung.
Grat dat ënnersträicht wéi privilégéiert weiderhin d’Kiirchen an der neier Verfassung bleiwe sollen – alt erëm eng Kéier huet d’CSV hirt Kuckucksee an d’Verfassungsnascht geluecht.
Obscho mer ëmmer nach en eegene Verfassungsrang fir d’Relatioune mat de KIerchen ofleenen (an eigentléch, wéi jo och verschidde Regirungsparteien den Artikel 22 gäre ganz eraus geholl hätten), hätte mär eis mat enger kloerer Formuléirung vum Prinzip vun der Trennuzng vu KIerch a Staat a vu Konfirmatioun vum Staat als « Etat laique » am Artikel 1 Verfassung offonnt.
An dann hätte mer de Wieler beim Referendum gefrot op en domat d’accord wir.
Dozou ënnt et elo net, och dat ass demueren décidéiert gin.
Ze dacks ass d’Vollék, och dat laizistescht Vollek, net berücksichtigt gin! Ech stëmmen och duefir géint déi Motioun déi virschléit op déi 4. Referendumsfro ze verzichten.
Mer begréissen awer – drëttens – dass de Reliounsunterricht esouwuel aus dem Sekundar- wéi aus dem Primärunterricht erausgeholl get.
A mer félicitéiren d’Regirung och dofir dass si an deër prinzipieller Fro an de Verhandlungen standhaft bliwwen ass.
Wat awer net heescht, dass mer mam Détail vum Accord an deër Fro averstane sin. Ech komme nach drop zréck.
A véiertens, mer fannen dass och den Accord iwwer d’Gemengen méi Kloerheescht an de Besëtzverhältnisser a bei den Obligatioune vun de Gemenge schaaft, obschon och do nach Froen opsin, wéi déi vum definitive finanziellen Impakt op d’Gemengen.
Grat esou wéi natirléch vill aner Froen och opbleiwen.
Si mer dann och d’accord, dass d’Regirung den Accord ënnerschreiwe soll ?
An do soe mer grat esou kloer : NEEN !
An dat aus verschiddene Grënn :
Den Text ass elo grat eléischt 24 Stonnen der breeder Öffentlechkeet bekannt.
Déi laizistesch Organisatiounen hu gefrot, an d’Diskussiounen mat abezun ze gin, an dat ass wuel dat mannst wat een hinnen elo zougestoe kann, no esou enger laanger Zäit wou hire Standpunkt ni respektéiert gouf !
Duefir schloe mer e Moratoire fir, fir déi Konventioun z’ënnerschreiwen an dass en Débat an der Gesellschaft doriwwer stattfënnt.
Et handelt sech hei nämlech eng Konventioun, déi zwar net méi fir d’ »Eiwegkeet » geschriwwen ass, wéi déi Konventioune virdrun, mee déi ëmmerhin nach fir 20 Joer gëlle soll!
Ech wëll och hei eng Partie Kritiken un der Konventioun maachen, wou ech mengen dass se vun dene Parteien, déi se ausgehandelt hun, nach eng Kéier sollen iwwerduecht gin :
Mer fannen dass de Prinzip vun der Trennung vun de Kierche vum Staat virun allem am Schoulberäich – an dat virun allem vis-à-vis vun der kathoulescher Kierch – net konsequent genuch vollzu get.
De groupe d’experts, nach vum Här Kultusminister François BIltgen agesat, hat jo ganz timide Änerungsvirschléi gemaach, déi jo eigentléch guer net op eng wierkléch Trennung vu KIerch a Staat erausgelaf sin.
Grat beim Reliounsunterricht an der Schoul hate se wéineg Kritiken unzebréngen.
An als méiglech Alternativ hate se 3 Pisten opgezeechent:
-en interkonfessionnelle Cours
-oder e cours vun « culture religieuse »
-oder e cours d’éveil culturel et religieux, mat däItléchem Hiwäis op de Werteunterricht am « Neie Lycée » zu Miersch.
A mär hun den däitléchen Androck, dass et grat déi lescht Hypothees ass, déi hei emgesat get.
Mer hun awer och Problemer mat dem Wuert « Werteunterricht ».
Dat as jo e schrecklechen Ausdrock, wéi wann een Wäerter kéint léieren wéi grammatesch Regelen.
Dee neie Cours soll grad keen « weltanschauleche » Cours gin, wéi och d’formation morale et sociale et net as. Dofir get et absolut kee Grond, fir weltanschaulech oder reliéss Organisatiounen an de Programm an quasi an d’Surveillance vun deem Cours anzebannen.
Dat ass awer dat wat elo geschitt.
De Conseil des Cultes – d’Vertriedung vun de KIerchen déi sech aus dëser Conventioun ergët – get regelméisseg consultéiert och beim neie Werteuntererricht.
Et sollen och aner Akteure gefrot gin.
Ech halen et awer prinzipiell mam André Hoffmann, deen an der Ausenanersetzung mam Norbert Campagna am « Forum » schon 2008 geschriwwen hat :
« Je maintiens que le discours philosophique (rationnel) et le discours religieux n’appartiennent pas au même genre. »
A mer fannen dass hei eng Vermëschung vun de Genre geschitt. Wann einfach déi 2 Coursen zesummegewürfelt gin.
Mär fannen et duefir och bedenkléch dass de Paschtoueschseminär weiderhin nach soll speziell ënnerstëtzt gin, wéinst senge « missions de formation et de recherche ».
Ech fannen net dass et zur Missioun vum Staat gehéiert, déi « formation » an déi « recherche » z’ënnerstëtzen. Dat ass en Aschnëtt zur Trennung vu Kierch a Staat.
An dat scho guer net wann zum selwechten Zäitpunkt d’Uni Lëtzebuerg Krediter gekierzt kritt.
Ech wëll och iwrijens hei erfirsträichen dass d’Kierchen hei während 20 Joer den Index garantéiert kréien, wärend dat awer net fir aner staatléch Zouwendunge gëllt – oder och net fir d’Kannergeld.
Et stellt sech och d’Fro watfir eng Relatiounen et haut scho get oder an ZUkunft wert gin mat dem « Institut für Religionspädagogik » vun der Kierch.
Hei gi Leit zum Bachelor ausgebild.
An alles deit drop hin dass si och sollen virrangeg habilitéiert gin, fir Zougang zum neien « Werteunterricht » ze kréien.
Op dem Institut léiere si awer (laut présentation Site) « Exegese, Fundamentaltheologie, Dogmatik, Ethik, Kirchengeschichte, Pastoraltheologie, Lithurgik ».
Iwerhapt sollen all Chargés de cours vun der Relioun während 3 Joer eng Optioun fir hire Verblief am Beräich vun der Education nationale behalen. Also eng Arbéchtsplaatzgarantie.
Schéin as gudd. Wou sin awer d’Arbéchtsplaatzgarantien fir déi aner chargés de cours am Beräich vun der Education nationale ? Emsou méi wann ee weess dass duerch eng Fusioun vu Relioun an Education morale et sociale d’Halschecht vun den Arbéchtsplaatzen riskéiert ze verschwannen.,
Dann ass de contenu vun dem neie Cours net bekannt, an d’Ausbildung déi domat verbonnen ass. Dat soll elo ausgeschafft gin. Wéi gesäIt déi Commission de programme aus, déi dat ausschaffe soll ? Sin do och d’Reliounsvertrieder derbäi ?
Et ass am Ministère de l’Education an de leschte Joren vill a wertvoll Arbécht geleescht gin bei der Entwicklung vun de Grondlagen vun enger « philosophie pratique ».
Et ass sech op Erfahrungen am Ausland beruff gin, an déi Arbécht, z.B. dat pädagogischt Material, huet international vill Unerkennung kritt.
Op meng Fro hin an der Kommissioun sot den Edukatiounsminister et giffen Elementer dorausser iwerholl gin wa se an dee neie Konzept passen.
Ech fäerte ganz konkret dass sech herno an dem « Werteunterricht » net méi vill davon erëmfannen.
Et däerf net zu engem laiziséierten Reliounsunterricht kommen, zu engem « Moraliouns »-Unterricht » – e Begrëff deen e Kand, wéi ech gesot krut, spontan an enger Klass vun Education morale et sociale genannt huet, wéi iwwer d’Fusioun vun den 2 Couren riets gung.
(den Text variéiert mat dem vun der Ried)