Mir brauchen en radikaalt Ëmdenken an der Logementspolitik – an zwar schnell

Fir den David Wagner ass de Logement een vun den Haaptproblemer hei am Land, net nëmme fir déi Leit déi ganz wéineg verdéngen, mee an der Tëschenzäit och fir e gudden Deel vun der Mëttelschicht. Eng richteg Logementspolitik muss et der ganzer Bevëlkerung erlaben eng éierbar Wunneng ze hunn, ouni sech ze ruinéiere.

„Mir brauchen en radikaalt Ëmdenken – an zwar schnell“, sot den David Wagner. De Problem ass net an Grëff ze kréien, soulaang mir dem Marché, wéi bis elo, fräi Hand loossen a mir eis op homeopathesch Mesure begrenzen.

Den David Wagner fuerdert vun der Politik eng Aart « Marshall-Plang » am Beräich vum Logement a mëscht eng Réi konkret Proposen: eng nei Approche fir d‘Valorisatioun vun den Industriebroochen, d’Grënnung vun enger nationaler Wunnéngsbaugesellschaft, déi zu engem groussen Deel selwer Logementer baut, sou wéi eng Ënnerstëtzung vun alternative Wunnmodeller. Donieft fuerdert den David Wagner, broochleiend Gebaier oder Bauterrain méi staark ze taxéieren, d’Rechter vun de Locatairen ze stäerken an eng national Mietkommissioun anzeriichten.

 

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe