Den David Wagner iwwert d’politesch Orientéierung an den Aktiounskader a Saachen Klima an Energie.

Här President,

D’ 21. Joerhonnert schéngt wierklech eent ze sinn, wou d’Mënschheet sech gréissere Geforen aussetzt.

Geforen déi een hätt kéinten evitéieren. Net nëmme ginn et ëmmer méi Stëmmen déi vu Krich schwätze fir e Konflikt ze léisen, deem seng Ursaachen am Krich selwer ze siche sinn. Et ass nach Zäit fir keng Feeler ze maachen déi ganz schro Konsequenze mat sech brénge wäerten. Et ass nach Zäit aus de Feeler vu fréier ze léieren. Et ass nach Zäit déi richteg Diagnos ze maachen an déi richteg Ursaachen ze bekämpfen.

Haut schwätze mer awer iwwert de Klimawandel. Do si leider d’Chancë fir zukünfteg Katastrofen ze vermeiden eendeiteg méi geréng. D’Politik vun de klénge Schrëtt wier vläit viru Joerzéngten ubruecht gewiescht, mee elo musse mer ganz grouss Spréng maachen.

A béide Fäll sinn et ëmmer déi, déi am mannsten dofir kënnen, déi am meeschten ënnert de Konsequenze leide wäerten. Et soll een sech net selwer beléien: d’Léisung wäert vun de Leit selwer kommen, net vun de Regierungen déi am Déngscht vum Grousskapital handelen.

Mee, wéi den Antonio Gramsci scho sot : dem Pessimismus vun der Ratio muss een den Optimismus vun der Aktioun entgéintstellen.

D’Anhale vun deem Ziel, d’Äerderwäermung op 2 Grad ze beschränken, och virun 2020, ass elo scho bal net méi anzehalen.

All Joer wat vergeet bedeit, dass déi noutwenneg Mesurë méi massiv, a gläichzäiteg d’Konsequenzen, deenen de Süden haut schutzlos ausgeliwwert ass, méi schlëmm a manner kontrolléierbar ginn.

D’Industrie muss eng Saach wëssen : wann d’Mënschen, och hei, bis déi batter Konsequenze spiere wäerten, da wäert hir Toleranz vis-à-vis vun der sougenanntener Kompetitivitéit ganz schnell schwinden . An koerzitiv Mesurë wäerte proportional ëmgedréint sou grouss gi wéi bis deen elo herrschende Laxismus.

Well et gi kloer Ursaachen. Déi si manner beim Mënsch per se ze sichen, wéi éischter bei de Strukturen a Verhältnesser selwer, déi de Mënsch geschaf huet, an déi d’Widderspréch tëscht Natur a Mënsch geschaf a verschäerft hunn.

Fir kuerz méi wäit ze gräifen : méi wéi déi reng anthropozän Prozesser (also déi Prozesser, déi am Zäitalter wou mënschlech Aktivitéiten en Impakt op de Klima haten), muss een och vun de kapitalozäne Prozesser schreiwen, wéi verschidden Historiker dat thematiséiert hunn, also déi vum Kapital gedriwwe Verfriemungsprozesser an der Dialektik Mënsch/Natur.

Wa mer vum Klima schwätzen, an dat ass den Haaptproblem vum Bericht – deen a villen Hisiichten och gutt Pisten ugëtt, dat wëlle mir net a Fro stellen, ëmmerhin ass et eng Première fir Lëtzebuerg – da komme mer net derlaanscht iwwer ökonomesch Strukturen ze schwätzen : dat heescht, et muss een d’Wuesstemslogik a Fro stellen, et muss een op Dereguléierungen am Wirtschafts- a Sozialberäich agoen, et muss een d’Austeritéitspolitik a Fro stellen, déi d’Investitiounspolitik ëmmer méi aschränkt, et muss een de Standuertwettbewerb a Fro stellen deen drop eraus ass, all Form vu Reguléierung, net nëmme wat sozial Rechter ugeet, mee och wat Ëmweltoplagen ugeet, et muss een d’Muecht vu de Multi’en a vun der Finanzwelt bekämpfen.

A wa mer scho vun de Multi’e schwätzt, do wollt ech op dat agoen, wat hautdesdaags sech ëmmer méi hannert dem Schlagwuert « Société civile » verstoppt (wat iwwregens och en Terme ass deen de Gramsci geprägt huet, allerdings an engem anere Sënn).

De Problem ass dee vun der sougenannter « Société civile » déi jo ëmmer méi intensiv agebonne gëtt. Ënnert « Société civile » kann ee vill verstoen. Dat kënnen ONG’en sinn, Gewerkschaften, Associatioune sinn, asw,…

Mee dat kënnen och Entreprise sinn. Datt Entreprisen an deem Sënn sollen agebonne ginn, ass evident. De Problem ass awer deen, datt amplaz datt d’Entreprisen an deem Sënn agebonne ginn, datt se sech un Zieler hale géifen, ass et a Wierklechkeet esou, datt et d’Industrie as, déi ëmmer méi Afloss op Décisiounen hëlt.

Schonn nëmmen d’Finanzement vun der COP21, dat deelweis privat ass (dat ass eng steigend Tendenz), ginn et eng sëlleche vun Entreprise, déi dëst Evenement sponseren : Engie (fréiere GDF-Suez), EDF, Renault-Nissan, Air France, Ikea, Google a Coca-Cola.

Et soll kee mer hei erzielen, dat wieren déi bescht Alliéiert am Kampf géint de Klimawiessel. Au contraire, si gehéieren zu de Verursaacher. Wie mengt, et kéint een se mat der Hand huelen, fir se vu klenge Schrëtt ze iwwerzeegen, ass naiv.

Dofir muss ech och erëm op de Fonds de compensation zeréckkommen.

Ech hat scho virun 2 Deeg déi Problematik am Kader vun der Kooperatiounsdebatt ugeschnidden.

De Fonds de compensation muss gebotzt ginn. Do muss geraumt ginn.

Engersäits, kann et net sinn, datt mir all duerch eis Cotisatioune Betriber sponseren, déi klimaschiedlech wierken.

Anerersäits, soll een déi Gelder grad a Betriber investéieren, déi soziale Fortschrëtt förderen an ëmweltpolitesch déi richteg Akzenter setzen.

Här President,

Den ETS-System ass net nëmme gescheitert, wéi dat virauszegesi war, mee en huet souguer dozou bäigedroen, datt grouss Pollueuren sech nach méi beräichere konnten ouni zum Kampf géint de Klimawiessel bäizedroen.

Dat huet mat deem faméisen « Carbon leakage » ze dinn.

Dee faméise Carbon leakage gëtt dofir benotzt fir Entreprisen, déi duerch Klimamesurë soi-disant net méi kompetitiv wieren, an dofir op aner Plazen sech delokaliséiere géifen, wa méiglech op Plaze wou Mënsch an Ëmwelt bëlleg Produktiounsressourcen duerstellen. Dat léisst déif an eisen ökonomesche System blécken.

E gutt – oder besser gesot schlecht – Beispill ass dee vun ArcelorMittal.

ArcelorMittal huet bis elo en Iwwerschoss vun 140 Millioune fräie Karbon-Emissioun opgestockt an dofir em déi 440 Milliounen Euro Windfall-Profits akasséiert. Déi 3 Installatiounen zu Lëtzebuerg alleng hunn eng hallef Millioun fräi Emissiounserlabnisser accumuléiert a konnten esou en Windfall-Profit erreechen vun 12 Milliounen Euro.

ArcelorMittal ass esou wäit gaangen, datt se déi 81.000 fräi Emissioune fir de Site vu Schëffleng 2012 nach kruten, obwuel deen dunn zou gemaach huet. Esou wäit ech weess, gëtt zur Zäit eng Plainte vum lëtzebuerger Staat um europäesche Geriichtshaff behandelt.

En anere Betrib zu Lëtzebuerg huet sech och doranner spezialiséiert, fir mat fräien Emissioune Profit ze maachen. Dat ass den Zementproduzent Cimalux, deen duerch de Verkaf vu senge gratis Emissioun e Profit vu bal 8 Milliounen Euro gemaach huet.

Dat Geschäft mat de fräien Emissiounen huet sech also gutt rentéiert : tëscht 2008 an 2014 si 15 Millioune fräi Emissiounsrechter un d’lëtzebuerger Industrie gaangen an engem Gesamtwäert vun 126 Milliounen Euro.

Dës Fro wäert op der COP21 thematiséiert ginn. De Problem ass awer deen, an dat wësse mer, mir haten dat jo nach viru kuerzem an der Ëmweltkommissioun beschwat, datt d’EU-Kommissioun weiderhin dee System fir déi nächst Period verlängere wëll, also bis 2030. Dat obwuel gewosst ass, datt de System gescheitert ass.

Do muss een awer och soen, datt mer um Niveau vun der EU-Kommissioun net verwinnt sinn : den Energiekommissär, de Spuenier Miguel Arias Canete, vun der PP, war eng Zäit laang President vun 2 Pëtrolscompagnien. Dat war gewosst bei den Unhéierunge fir d’Kommissioun anzesetzen, mee en ass awer duerchgewonk gi fir sech em d’Ëmwelt an der EU ze bekëmmeren. As jo och kee Wonner, well fir zu Bréissel e Posten an der Kommissioun ze kréien, muss ee scho bal e Lobbyist gewiecht sinm, oder wëlles hunn een ze ginn. Mir si wierklech net geseent an dëser EU.

Dat eenzegt wou de PP gutt ass, dat ass am Recyclage. Am Recyclage vu Franquisten.

Ech mengen awer datt mer eis eens sinn, datt d’Madame Ëmweltministesch och déi Fuerderung stëlle kann datt mer e Schlussstréch ënnert d’Politik vun de fräien Emissiounen zéie sollen.

An deem selwechte Kontext stellt sech och d’Fro vun den iwwerflëssege Rechter déi an eng Reserve geluecht solle ginn. Dat ass jo eng zentral Fro fir de Präis vum CO2 ze stabiliséieren. Mir mengen, déi iwwerflësseg Rechter solle vernicht ginn. Wat ass der Regierung hir Meenung dozou ?

Här President,

Et ass net nëmme méiglech, Klimapolitik op eng sozial gerecht Aart a Weis ze gestalte – et ass esouguer eng Préconditioun.

Et gi souguer Alternativen, déi realisabel sinn, déi et erméiglechen, Zieler ze erreechen an doriwwer eraus, an dat ouni déi ze bestrofen, déi am mannsten dofir kënnen an déi mannste Mëttelen hunn.

Den Stockholm Environment Institute an EcoEquity schloen e System fier, genanntGreenhouseDevelopmentRights – op franséisch « Droits au Développement dans un Monde sous Contrainte Carbone ». D’ASTM an d’Caritas hunn déi 2 Instituter domadder beoptragt ze kucke wat Lëtzebuerg ënnerhuele kéint.

Dee System baséiert net op reng national Objektiver, mä kuckt wat all Land seng Responsabilitéit op globalem Plang ass. Dofir gëtt en Indiz ausgerechent – den « Indice Capacité-Responsabilité ».

Laut dësem Kalkül huet Lëtzebuerg en Indiz vun 0,072%, wat méi héich ass wéi säin Undeel un der Weltbevëlkerung, deen nëmmen 0,007% bedréit. Dat huet mat eisem Liewensniveau ze dinn a mat eiser Klimaschold.

Dee System huet de Virdeel en Ënnerscheed ze maachen, weltwäit, tëscht de Consommateuren (privat oder Entreprisen) déi iwwert e gewëssene Seuil konsuméieren, an deenen déi manner konsuméieren. Dat gëllt weltwäit, mä déi Berechnung gëtt och fir all eenzelt Land gemaach.

Ech kann definitiv aus Zäitgrënn net an den Detail agoen, mee jidderee kann dat fir sech nokucken, mee en gros, geet et dorëms : hei doheem sollen déi finanziell Capacitéite vun de Läit mat hirer carbonescher Responsabilitéit an Aklang bruecht ginn. Déi, déi dee meeschte Capacitéiten hunn, sollen am meeschte bäidroen. Do gëtt et eng ganz Panoplie vu Mesuren déi kënne geholl ginn. Dat huet och mat enger Steierreform ze dinn.

D’Konsumcapacitéite vun deenen déi iwwerkonsuméiere solle staark beanträchtegt ginn, wougéint déijéineg, déi aus finanziellen Ursaache manner konsuméiere wéi néideg, sollen entlaascht ginn.

Natierlech geet dat Hand an Hand mat Mesuren iwwert fossil Energien, asw, asv…

Dat géif dann och bedeiten, datt esou all Land Raum schafe kann, zumolst déi déi am meeschten industrialiséiert sinn, fir de manner entwéckelte Länner ze erméiglechen, hire Réckstand opzehuelen, an datt Gelder fräigemaach gi fir z.B. an alternativ Energiequellen ze investéieren. Dobäi däerf een net vergiessen, datt de Prinzip vun der Capacité-Responsabilité intern fir all Land gëllt. Déi 200 Millioune ganz räich an Indien ginn natierlech méi sollicitéiert wéi déi 1 Milliard manner räich oder arem.

Zum Schluss komme mer net derlaanscht vum Tanktourismus ze schwätzen aus deem Lëtzebuerg erausklamme soll. Leider spieren ech hei keng Bereetschaft säitens der Regierung, oder zumindest Deeler vun der Regierung.

Mir mussen ophalen Excusen ze fannen. All Land op der Welt, net nëmme Lëtzebuerg, huet eng spezifesch Situatioun a ka Grënn ugi firwat een näischt ännere soll.

Mir warnen do och virdrun, datt de sougenannte Biosprit eng Léisung wier. Et ass net alles bio wou bio dropsteet.

Et gi Länner déi sech dorobber spezialiséiert hunn, wéi z.B. Brasilien, wou elo op Dausende vu Quadratkilometer Zockerkaan fir Bioethanol geziicht ginn.

Dat huet Auswierkungen op d’Landwirtschaft, a Form vun intensive Monokulturen, an natierlech Landgrabbing, déi bei wäitem net klimaneutral sinn.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe