Schléissung vu 35 Postbüroen: de service universel gëtt a Fro gestallt.

Et soll een hei keng Parteipolemik maachen. D’Gesetz iwwer d’Postdéngschter, dat d’Postbüroe ganz kloer a bedauerlecherweis net an de service universel opgeholl huet, ass 2012 vu CSV, LSAP, DP, Gréng an ADR ugeholl ginn.

Et war sécherlech e Gesetz wat eng Konsequenz vun der leschter Liberaliséirungsdirektiv vun 2008 war. De Minister Biltgen huet deemools an der Debatt drop higewise „wat dat en Drock vu Liberaliséierung war“.

An et ass wouer: Lëtzebuerg war 1 vun 2 Länner wat deemools géint d’komplett Opmaache vum Maart war. Well Lëtzebuerg hat – an huet och haut nach – keen Interêt un der Konkurrenz am Postsekteur well mer bewisen hunn dass de service public Post, mat senge Bréifdréier, mat senge Postbüroen, en excellenten Déngscht un de Biergerinnen a Bierger geleescht huet – och wann de Bréifdréier hier Aarbechtsbedingungen, e.a. duerch Erunzéie vu manner qualifizéiertem an net geséchertem Personal, an deene leschte Joeren oft, an ongerechtfertigerweis, verschlechtert goufen.

Mer brauche keng Konkurrenz déi d’Aarbechtsbedingungen an d’servicer no ënnen zitt, an dat och am service universel.

Mee d’Lëtzebuerger Regierunge waren och alleguer ëmmer en Element vum allgemenge Liberaliséierungstrend an der EU. An et ass duerfir schwéier nozevollzéien op net hätt kënne méi bei der Postdirektiv erreecht ginn an op net de Widderstand ze vill séier opgehalen huet fir aner Intressen ze erhalen.

Et hätt mat Sécherheet och méi kënne bei der Ëmsetzung vun der Postdirektiv erreecht ginn, do war méi dran.

Et hätten z.B. kënnen (a kéint och haut nach) den Ënnerhalt vun engem Réseau vu Postbüroen als obligation de service public an d’Gesetz opgeholl ginn. Z.B. orientéiert no der Zuel vun den Awunner.

Eventuell Comptabilitéitsproblemer fir tëschent dem service universel an deenen anere Servicer an de Postbüroen ze ventiléieren hätte misste versicht ginn ze léisen.

Dat hätt kënnen als Aufgab vun der Landesplanung ugesinn an an de Plans sectoriels geregelt ginn.

Mär bedaueren dass mat deeër heiten Décisioun eng vun de Viraussetzunge vum service universel (zu deem d’Postbüroe misste gehéieren) a Fro gestallt gëtt: nämlech Prestatiounen an allen, och ländleche Gebidder unzebidden, ouni Grënn vun economescher Rationalitéit dobäi dierfen unzeféieren.

Duerfir gëtt et jo am Prinzip finanziell Kompensatiounsmoossnamen duerch déi, di sech just d’Korinten erauspicken.

D’Regierung fördert och heimat den Trend op d’gréng Wiss, andeem se d’Postservicer mam Cactus a mat den Tankstellen dohinner verpflanzt. An d’Duerfkäre ginn ëmmer méi verwüst.

Aus enger Stellungnahm vun der Gemeng Stengefort géint d’Schléisse vum Postbüro zu Klengbetten:

„Aussi sommes-nous en pourparlers avec la SNCFL pour que le bâtiment de la gare à Kleinbettingen soit maintenu pour y accueillir des services de proximité (boulangerie, Snack, papeterie…) au service des voyageurs. Le bureau des P&T pourrait à ce moment être transféré à cet endroit. »

En anert Beispill:

An der Gemeng Rammerech ginn 2 vun 3 Postbüroen (Perlé, Ueschdrëff) zougemeet. Ginn  doduercher dann d’Ëffnungszäite vun dem verbleiwenden esou ausgebaut, datt et Serië Service public geséchert ass?

Firwat ass net iwwerall mat de Gemenge verhandelt ginn ir Décisioune geholl ginn? Firwat gëtt net mam Konsumenteschutz heiriwwer geschwat?

Firwat gëtt net un Public-Public-Partnerships geduecht ir mam Cactus a mat Tankstelle verhandelt gëtt?

Vu Säite vun enger sech als ecologesch définéierender Regierung fannen ech dat e bësse kuerz geduecht.

Weider Froe stelle sech, wat d’Ubidde vun neie Servicer duerch d’Bréifdréier betrëfft.

Ech kann a 5 Minutten net drop agoen, erwaarde mer awer och no der kuerzer Debatt hei eng schrëftlech an detailléiert Äntwert vum Minister op meng 12 Froen déi ech Ufank vun der Woch agereecht hunn.

 

 

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe