COP21: Den „historesche Moment“ vu Paräis geet nach laang net duer!

Tribune libre RTL Radio/Radio 100,7

No 2 Verhandlungswochen ass d‘ Klimakonferenz zu Paräis, d’Cop21, de Samschdeg Owend op en Enn gangen. Politiker vun der ganzer Welt hunn sech géigesäiteg gefeiert a schwätze vun engem „historesche Moment“ an der Klimapolitik. An, effektiv, op den éischte Bléck gesäit et aus, wéi wann d‘ Deleguéiert zu Paräis dat hikritt hätten, wat kee sech virdru getraut huet, ze hoffen: 195 Länner hunn sech ob en deels  verbindlechen Accord geeenegt, deen d‘ Gefore vum Klimawandel erkennt an zum Zil huet, dass d‘ Äerderwäermung net em méi wéi 2 Grad par rapport zu vir-industriellen Zäiten klëmmt. Mä d‘ Euphorie ass just zum Deel berechtegt. Wie mengt, d‘ Cop21 wier dee Schratt gewierscht, deen de Klimawandel ophällt, deen iert sech. D‘ Contrainten, déi sech déi eenzel Länner fräiwëlleg operluet hunn, ginn nämlech bei Wäitem net duer, fir déi Ziler ze erreechen, déi am Accord stinn. Déi momentan festgehale Bäitreeg vun den eenzelne Länner wäerten zu enger Äerderwäermung vun 3 bis 4 Grad féieren, also wäit iwwer der gefuerderter Limite fir irreversibel a katastrophal Konsequenzen ze verhënneren.

Doniewt ass och de Problem vun der  Finanzéierung net geléist. D‘ Industrielänner, déi déi bescht finanziell, technologesch an infrastrukturell Kapazitéiten hunn, fir sech dem Klimawandel entgéint ze stellen a gläichzäiteg déi gréisst historesch Verantwortung droen, hunn sech verpflicht, eng finanziell Ennerstëtzung fir d‘ Entwécklungslänner vun 100 Milliarden Dollar am Joer zur Verfügung ze stellen. Dëst geet bei Wäitem net duer wann ee bedenkt dass et déi äermste Länner sinn, déi di geréngste Schold um Klimawandel droen an awer am Stäerksten dorënner ze leiden hunn. Fir sie geet et em d’Iwwerliewen. Schon elo si Millioune Mënsche vun Iwwerschwemmungen an extremer Drechenheet bedrot. Des Länner brauchen also net nëmme finanziell Ënnerstëtzung fir sech op eng ëmweltfrëndlech Manéier weider ze entwéckelen, mä op éischter Linn fir sech virun de Konsequenzen vum Klimawandel ze schützen, déi si elo scho spieren. Et schéngt, wéi wann d‘ Industrielänner, virop d‘ EU an d’USA sech dëser, hierer, enormer Responsabilitéit net bewosst wieren, oder sech hier wëssentlech géingen entzéihen.

Dat weist sech och un hieren Aktiounen. Well während déi eng Délégatioun zu Paräis iwwer Klimaschutz diskutéiert, verhandelt déi aner monter weider iwwer Ofkomme wéi TTIP, déi katastrophal Konsequenzen fir d‘ Emwelt kënne mat sech zéihen. Dat wierkt allerdings just op den éischte Bléck widdersprechlech, voire schizophren. Well och op de Klimakonferenzen spillt d‘ Privatwirtschaft ëmmer méi eng grouss Roll, d‘ COP21 gouf zu engem groussen Deel mat private Gelder finanzéiert an déi involvéiert Entreprisen erhoffe sech mat Sécherheet eng Géigeleeschtung fir des Investitioun.

Den „historesche Moment“ vu Paräis geet also nach laang net duer fir de Klimawandel ze stoppen. Dat wierklecht Emdenken léisst nach op sech woarden.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe