Steierreform: Keng gerecht Ëmverdeelung a Siicht.

 

Tribune libre RTL Radio/Radio 100,7

D’Steierreform déi d’Regierung virgeluecht huet gesäit vir datt de Spëtzesteiersaz eropgesat gëtt vu 40 op 42%. Et hätt een natierlech eendeiteg driwwer kenne goen. Well ab 200.000 Euro d’Joer hält d’Steierprogressioun op.

Eng Erhéijung vum Spëtzesteiersaz ass richteg well déi héier Léin méi zur Keess vun der Allgemengheet bäidroen.

De Problem ass awer deen datt mer elo nëmme vu Besteierung vun de Lounofhängege schwätzen.

Dat richtegt déckt Geld awer, also d’Profitter vum Kapital, dat gëtt net nëmme verschount.

Dat kritt souguer Cadeau’en. Vun 29% op 18% soll d’Kierperschaftssteier erofgoen. Zur Erënnerung : 1986, also 30 Joer hir, louch se nach bei 40%.

Dat wäert der Staatskeess eng hallef Milliard kaschten, Tendenz pro Joer wuessend.

Zanter Jorzéngten, jo, Jorzéngten, behaapt de politesche Milieu et wier gutt fir d’Wirtschaft wann d’Steieren erofgesat ginn. An zanter den 80er Joere kréien d’Betriber ëmmer méi Geschenker gemaach. Wuelverstanen : ech schwätzen elo net vum Coiffeurssalon.

A Wierklechkeet mécht d’Regierung eng Ëmverdeelung INNERHALB vum Salariat.

Andeems awer d’Kierperschaftssteier erofgesat gëtt, kennt et zu kenger Ëmverdeelung tëscht Kapital a Salariat. Am Géigendeel, d’Kapital wäert nach manner zum Staatsbudget bäidroen, mat engem wuessenden Defizit, dee sech an eng Schold wäert verwandelen. Eng Schold déi d’Land vun de Finanzmäert nach méi wäert ofhängeg maachen. Mir kennen d’Geschicht.

An iergend eng Kéier kréie mer gesot mir hätten iwwert eis Verhältnesser geliewt… A da ginn d’Dämone vun de Finanzmäert rosen a fuerdere weider Opfer.

An da kréie mir e weidere Spuerpak – an do kennt der sécher sinn datt esouwuel d’Regierungsparteie wéi och CSV an ADR do matmaache wäerten.

D’Kapital gëtt an Europa zanter Jorzéngte vun de Steiere befreit. An dann ?

Geet et der Gesellschaft besser ? Sinn d’Léin eropgaangen ? Nee, si stagnéieren. Awer net d’Profitter, well déi ginn erop.

Ginn et méi sécher et qualitativ Aarbechtsplazen ? Neen, déi ginn ëmmer méi prekär, zemools déi Jonk sinn ëmmer méi vu Kuerzzäitverträg betraff, déi et engem onméiglech maachen d’Liewen e bëssen z’organiséieren.

A Wierklechkeet ass d’Situatioun déi heiten : Multi’en an Oligarche vun Industrie a Finanzwelt bastelen sech eng Welt wou se sech ëmmer méi vu Steiere befreien, Kapital unhäufen an domadder hir ökonomesch a politesch Muecht.

An dat ass eng geféierlech Perspektiv.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe