PdL 6917 – Creatioun vun enger réserve de marché am Kader vum europäeschen Emissiounshandel

1)     Em wat geet et am Gesetzprojet?

De Projet de loi setzt eng Entscheedung vum Rot a vum Europäesche Parlament em. Dësen Text zielt dorop of, den Dysfunktionnement vum Europäeschen Emissiounshandel ze behiewen, den e.a. doduerch entsteet, dass et en Iwwerschoss vun iwwer 2 Milliarden Emissiounsrechter um Marché gëtt an hire Präis doduerch vill ze déif lait. Aus dem Grond entsteet absolut keen Ureiz fir d’Industrie an eng méi klimaschützend Produktioun z’investéieren. Mat dëser Decisioun gëtt elo eng Reserve geschaf an déi en Deel vun den iwwerschëssegen Emissiounsrechter iwwerdroe gëtt. Op dem Wee soll de Präis vun de Pollutiounsrechter stabiliséiert ginn.

2)     Wat ass wichteg?

Am Dezember op der COP21 zu Paräis hunn sech d’Staaten drop gëeenegt fir d’Äerderwäermung op maximal 1,5°C ze beschränken. Dëst ass e ganz ambitiéist Zil, zu dem sech och d’EU verflicht huet. Fir dat z’erreechen, misst et direkt zu déifgräifende Reformen an der europäescher Klimapolitik kommen an och den Europäeschen Emissiounshandel misst sérieux op de Leescht geholl ginn. D’Schafung vun enger Reserve hëlt zwar lo en Deel vun den Emissiounszertifikater aus dem Marché, awer just zäitweileg. Näischt verhënnert, dass des Zertifikater rëm aus der Reserve erausgeholl ginn, wouduerch eng Steigerung vum Ausstouss vun Zäregasen an d’Zukunft verlagert gëtt. Dat ass e faulen a geféierleche Kompromëss zugonschte vun der europäescher Industrie. Wann dat 1,5°-Zil géif eescht geholl ginn, hätten déi iwwerschësseg Pollutiounsrechter missten zerstéiert ginn.

3)     Wei hunn déi Lénk gestemmt?

Dogéint!

Engersäits gëtt mat der Creatioun vun der Reserve de Problem net geléist an éischter an d’Zukunft verlagert. Den Europäeschen Emissiounshandel bleift wierkungslos, d’Äerderwäermung gëtt esou net gebremst ginn. Anerersäits stelle mir d’Wierksamkeet vu Maartinstrumenter beim Kampf géint de Klimawandel grondsätzlech a Fro. Duerch sou Instrumenter gëtt de Klimaschutz ofhängeg vu mächtegen Entreprisen a Spekulanten, d’Klima gëtt zur Wuer, mat där ee vill Geld ka verdéngen.
Mir setzen op aner Instrumenter: Ökologesch Steieren op Beneficer an héije Revenu’en, kloer a wierksam Regulatioun a verstäerkt Investitiounen an eng sozial-ökologesch Transformatioun. Méi Infos zu dem Thema: http://www.dei-lenk.lu/internationale-klimaverhandlungen-cop21-10-standpunkte-von-dei-lenk/

Ausgang vum Vote: 58 Stëmmen dofir, bei zwou Géigestëmmen (vun déi Lénk)

All d’Dokumenter iwwer dëse Projet sinn HEI ze fannen.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe