PdL 6973 – Modifikatiounen un der Organisatioun vun der Justiz

1)   Em wat geet et am Gesetzprojet?

Dëst Gesetz hëlt dräi Modifikatioune bei der Organisatioun vun der Justiz fir:

– d’Zuel vun den attachés de justice an den ordres administratif a judiciaire gëtt vun 20 op 30 eropgesat.
– d’Zesummesetzung vum tribunal administratif gëtt geännert
– e puer Fehler aus fréiere projets de loi gi behuewen

2)   Wat ass wichteg?

D’Opstockung vum Pool vun den attachés de justice gëtt mat Personalmangel erkläert, deen duerch congés parentaux an hallef Tâchen engersäits an déi wuessend Ufuerderungen un d’Justiz anerersäits erkläert gëtt. Och soll d’Zuel vun de Litigen zougeholl hunn.

D’Ännerung bei der Zesummesetzung vum tribunal administratif gëtt néideg, wëll déi optimal Zesummesetzung vun enger Kummer vum tribunal administratif net méi kann assuréiert ginn.

3)   Wei hunn déi Lénk gestemmt?

Dofir! Mir ginn awer ze bedenken, dass déi wuessend Zuel vu Litigen an déi doduerch entstoend Aarbecht fir d’Justiz ganz vill op kleng Drogendelikter zréckzeféiere sinn. Mir hu scho widderhuelt fir eng manner repressiv Drogepolitik plädéiert, wéi zum Beispill och an der Debatt em den neie Prisong zu Suessem: http://www.dei-lenk.lu/neues-gefangnis-in-sanem-dei-lenk-fur-ein-umdenken-in-der-strafpolitik/

De Projet gouf eestëmmeg ugeholl. De ganzen Dossier ass HEI ze fannen.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe