Regierungsmotioun verhënnert CETA net.

„De CETA ass keen einfachen Handelsaccord wou just Tariffer oder technesch Normen ugepasst ginn, genau sou wéineg wéi den TTIP oder déi aner Fraïhandelsverträg vun der neier Generatioun. Déi zwee Accord’en kann a muss een an engem Otemzuch nennen, well se der selwechter Philosophie entsprangen an vergläichbar Dispositiounen hunn. Et sinn ëmfangräich Vertragswierker, déi sämtlech ökonomesch Beräicher erfaassen an dorobber ofzilen, eng ultraliberal Uerdnung a Steen ze meesselen.“

Matt dëse Wierder huet den Députéierte Marc Baum an der Chamber d’Position vun déi Lénk zum CETA-Accord tëschent der EU a Kanada kloer zum Ausdrock bruecht. Matt dem Depôt vun enger Motioun, déi d’Regierung opfuerdert zu Bréissel am Rot géint CETA ze stëmmen, hat déi Lénk en Debat an der Chamber zu dëser Fro forcéiert. Och wann d’Motioun schlussendlech vun DP, CSV, LSAP a Gréng ofgelehnt gouf, woar déi Démarche awer en Erfolleg. Wär et no der Regierung gaang, wär héchstens an der aussepolitescher Kommissioun doriwwer diskutéiert ginn.

Sou hunn déi eenzel Parteie misste Faarf bekennen, woubäi verschidde Riedner sech uerdentlech hu misse verbéien. Fir d’Motioun vun déi Lénk ze konteren an awer no baussen eng “kritesch” Haltung ze weisen, hunn d’Regierungsparteien eng Géigemotioun presentéiert, bei daer ët effektiv eenzel Elementer ginn, déi grondsätzlech an déi richteg Richtung ginn. Dofir hunn déi Lénk och net dergéint gestëmmt.  Mä déi Motioun wäert CETA mat Sécherheet net verhënneren, jo net emol verzögeren, an dofir konnten d’Députéierte vun déi Lénk och net derfir stëmmen.

Wann een se nämlech am Detail kuckt, mierkt ee schnell, datt se déi aktuell Virgoensweis vun der Regierung net wierklech ännere kann, well d’Fuerderunge quasi alleguerte ganz vague formuléiert sinn. Den éischten Tiret verlaangt zum Beispill vun der Regierung: „à soutenir au sein du Conseil de l’UE toute démarche visant à clarifier les questions juridiques controversées ». Och wa verschiddenen Akteuren dat als e grousse Fortschrëtt bewäerten, heescht et an der Praxis just, dat Lëtzebuerg sech enger eventueller Demarche an déi Richtung géif uschléissen, net awer datt d’lëtzebuergesch Regierung esou eng Demarche muss initiéieren, a scho guer net, datt dat eng Konditioun fir eng lëtzebuergesch Zoustëmmung ass.

Als eenzege verbindleche Punkt kann een den zweeten Tiret verstoen. Do gëtt verlaangt, datt d’Regierung zu Bréissel géint CETA stëmmt wann d’Kommissioun drop insistéiert, fir déi national Parlamenter ze iwwergoen. Mä och dat huet den Ausseminister Asselborn an der Debatt relativéiert, wou e sot, et misst ee nach kucken, op d’EU-Verträg dat géifen zouloossen. An och wann dat géif agehale ginn, géif dat just heeschen, datt d’Chamber an e puer Méint oder an e puer Joren iwwert e Vertrag däerft ofstëmmen, deen zu deem Zäitpunkt scho laang a Kraaft ass.

déi Lénk bleiwen bei hirer Haltung: de CETA entspréngt derselwechter Philosophie an huet vergläichbar Dispositiounen wéi den TTIP an gehéiert domadder op den Tipp.

Eis Motioun

Regierungsmotioun

 

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe