Proposition de Loi: Locataire stäerken.

déi Lénk hunn op enger Pressekonferenz (11.11.2016) direkt e puer Initiative virgestallt, fir Locatairen z’entlaaschten.

1) Eng Proposition de Loi fir dass et an Zukunft d’Propretäre sinn, déi d’Provisioun un d’Agence bezuele mussen (Am Video ab Minutt 13:00)
Am Moment muss déi Persoun, déi eng Wunneng loune wëll, och d’Provisioun un d’Agence bezuelen. Dat ass net gerecht, well et an der Regel awer de Proprietär ass, deen de Service vun der Agence bestellt.

déi Lénk wëllen dat änneren a bréngen elo eng konkret Proposition de Loi an d’Chamber, fir d’Locatairen z’entlaaschten. Esou e Gesetz ass an eisen Nopeschlänner scho längst Realitéit.

–> D’Proposition de Loi ukucken (PDF)

2) Eng Motioun op Gemengeniveau, vir d’Aarbecht vun de Mietkommissiounen ze verbesseren (Am Video ab Minutt 4:00)

D’Mietkommissiounen um Gemengeniveau funktionéieren dax net richteg, doduerch kréien d’Locatairen hier Rechter net duerchgesat. déi Lénk huet an e puer Gemenge Motiounen agereecht fir dat z’änneren.

D’Motioun fir d’Gemengen ukucken (PDF)

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe