PdL 7036 – Reform vun de Gemengefinanzen

Em wat geet et am Gesetzprojet ?

Mat dësem Gesetz gëtt de Finanzéierungsmechanismus vun de Gemenge reforméiert. Betraff sinn déi net affectéiert Finanzmëttel vun de Gemengen, nämlech d’Mëttel aus dem haitege Fonds de dotation communale (finanzéiert vu Lounsteieren a verschiddenen indirekte Steieren) an aus der Gewerbesteier op Betriber. Net betraff vun dëser Reform ass d’Grondsteier an all déi affectéiert finanziell Recetten (Taxen op Waasser an Offall z.B.). D’Gesetz begnügt sech awer mat enger Ëmstrukturéierung vum aktuelle Mechanismus, d’Finanzéierung vun de Gemenge gëtt weider duerch eng Dotatioun aus dem Staatsbudget an duerch d’Gewerbesteier assuréiert. Béi Finanzéierungsquelle ginn awer elo an engem Dëppe regroupéiert, dem Fonds de dotation globale des communes (FDG).

Wat ass wichteg ?

Bei der Gewerbesteier kënnt et awer zu enger Ännerung. An Zukunft kënne Gemenge maximal 35% vun der Gewerbesteier, déi se op hirem Territoire anzéien, behalen, während de Rescht an den neie FDG muss abezuelt ginn. Doduerch kann d’Steierkonkurrenz tëscht de Gemengen ofgeschwächt ginn.

Duerch déi Adaptatioun steet och e méi groussen Undeel vun der Gewerbesteier fir d’Verdeelung tëscht alle Gemengen zur Verfügung. Déi Verdeelung soll an Zukunft och duerch méi kloer a verständleche Critèren erfollegen.

Als problematesch gesi mir an éischter Linn, dass des désquilibre tëscht de Gemengefinanzen an dem Budget vum Staat weider zouhëlt. Dat gëtt en plus duerch d’Steierreform verstäerkt, wëll duerch d’Baisse vun der Lounsteier manner Mëttel un d’Gemenge fléissen. D’Gemenge missten awer grad méi finanziell Mëttele kréie fir de wuessenden Aufgaben (Wunnen, Sozialpolitik, Transport asw.) gerecht ze ginn.

Donieft stelle mir eis d’Fro, ob déi nei Critèren, déi d’Verdeelung tëscht de Gemenge bestëmme soll, duergi fir landesplaneresch Akzenter ze setzen. D’Gemengefinanzreform gëtt ëmgesat nach bevir iwwerhaapt kloer gekläert gouf, wéi d’Land an Zukunft territorial reforméiert soll ginn a wéi d’wirtschaftlech Entwécklung an Zukunft soll ausgesinn. Mir vermëssen hei d’Kohärenz an der Planung!

Wéi hunn déi Lénk gestëmmt?

Dofir! Obwuel des Reform just den Ufank vun enger méi fundamentaler Reform vun de Gemengefinanze ka sinn, si mir der Meenung, dass se an déi richteg Richtung geet, wëll se d’Steierkompetitioun tëscht de Gemengen ofschwächt an de Gemengen, déi eng aktiv Sozial- a Wunnengspolitik maache respektiv mat méi sozialen Erausfuerderungen, méi Mëttelen zur Verfügung stellt.

D’Gesetz gouf ugeholl mat 34 Stëmmen dofir – dovun zwou vun déi Lénk – bei 26 Géigestëmmen. All d’Dokumenter iwwer dëst Gesetz sinn HEI ze fannen.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe