PdL 7020 – Steierreform: eng tournée générale aus reng elektorale Grënn!

Em wat geet et an dësem Gesetz?

Et geet ëm eng Reform vun der lëtzebuerger Steiergesetzgebung. Am Zentrum steet eng Verännerung vum Barème mat deene verschiddene Steierklassen an dem crédit d’impôt. Dat bréngt mat sech, datt quasi all Akommesklassen 1%-4% manner Steiere bezuelen. Eréischt bei enger Pai vu ronn 25.000 Euro pro Mount bezilt ee liicht méi Steiere wéi virdrunner.

Donieft sinn nach eng ganz Rei aner steierlech Mesure virgesinn. Sou kënnen zum Beispill d’Altervirsuerg, Bausparverträg oder d’Käschte fir eng Haushaltshëllef vill méi vun de Steieren ofgesat ginn. Elektroautoen, Vëloen a Leasingautoe gi steierlech besser gestallt.  Freeën dierfen sech zousätzlech nach d’Entreprisen, well d’Betribssteier geet vun 21% op 18% erof.

D’Reform kascht de Staat tëschent 373 Milliounen Euro (Berechnung vun der Regierung) an 830 Milliounen Euro (Berechnung vun der Zentralbank) pro Joer.

Wat ass wichteg ?

Dës Reform muss een an de Kontext vun der ganzer Legislaturperiod stellen. Fir d’éischt huet d’Regierung mam Spuerpak a mat der TVA-Erhéijung massiv Efforte vun de Bierger verlaangt an elo gëtt se e klengen Deel vun deem Geld erëm un d’Bierger zréck. Verléierer bei dëser Transaktioun sinn de Sozialstaat an déi sozial méi schwaach Bierger: Si hate vill méi ënnert de Spuermoossnamen ze leiden, kréien awer elo dofir net méi zréck.

Éischter am Géigendeel, déi héich Revenue komme besser ewech, well se déi verschidden nei Abattemente vill méi ausnotze kënnen. Zum Beispill konnt ee virdrun nëmmen 3600 Euro vun de Käschte vun enger Haushaltshëllef ofzéien, mat der Reform sinn et der elo 5400 Euro. An de Genoss vun där Mesure kommen awer natierlech nëmme Leit, déi sech iwwerhaapt eng Haushaltshëllef leeschte kënnen. Ähnlech ass et bei de Mesuren am Beräich vum Logement, wou virun allem d’Proprietaire nei Virdeeler kréien, während d’Locatairen eidel ausginn.

Virun allem awer ännert dës Steierreform näischt un der fundamentaler Ongerechtegkeet vum lëtzebuerger System, nämlech datt Aarbecht vill méi héich besteiert gëtt wéi d’Kapital. Revenuen, déi een zum Beispill aus Aktien oder Obligatioune bezitt, gi vill manner besteiert, wéi Revenuen, déi ee matt senger Aarbecht verdéngt.

Och gi mat dëser Steierreform keng Ureizer geschaf, fir méi eng ecologesch a nohalteg Entwécklung. Déi steierlech Virdeeler fir Elektroautoen oder Vëloe sinn do nëmmen eng winzeg Drëps op e waarme Steen.

Wéi hunn déi Lénk gestëmmt?

Dogéint! Dës Steierreform ännert näischt un der struktureller Ongerechtegkeete vum lëtzebuerger Steiersystem, setzt keng strukturell Akzenter Richtung nohalteg Entwécklung a bréngt eng zousätzlech Entlaaschtung vun de Räichen an den Entreprisen, déi schonn elo vill ze wéineg zum Staatsbudget bäidroen. Et ass – net méi a net manner – eng tournée générale aus reng elektorale Grënn, déi mir onméiglech kënne matdroen.

D’Gesetz gouf ugeholl mat den 32 Stëmme vun der Majoritéit. All d’Dokumenter iwwer dëst Gesetz sinn hei ze fannen.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe