Debatt iwwer d’Sécherheetslag zu Lëtzebuerg

Op Ufro vun der CSV-Fraktioun gouf d’lescht Woch an der Chamber iwwer d’Sécherheetslag debattéiert. D’CSV huet dobäi de Fokus op déi sougenannte kleng Delinquenz geluecht a mam Fanger op d’Heescherten an d’Roma gewisen. Déi wierklech problematesch an deelweis illegal Praktike vun der Finanzoligarchie a grousse Multinationale goufen awer ma kengem Wuert ernimmt. Dobäi ass et grad deenen hiert Wierken, dat d’Ongerechtegkeeten an eiser Gesellschaft verschäerft a vill Leit a prekär an onsécher Liewenssituatiounen dréckt.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe